Skip to content
Opens in a new window

[1] Nom Sabbat, wéi d’Sonn um éischten Dag vun der Woch opgoung, sinn d’Maria vu Magdala an dat anert Maria bei d’Graf kucke gaangen.

[2] Op eemol gouf et e grousst Äerdbiewen, well en Engel vum Här vum Himmel erofkomm ass, de Stee virum Agang ewechgerullt a sech drop gesat huet.

[3] Hien huet ewéi de Blëtz ausgesinn a seng Kleeder ware wäiss ewéi Schnéi.

[4] D’Wiechter hunn aus e lauter Angscht virun him geziddert a sinn ewéi dout op de Buedem gefall.

[5] Den Engel sot zu de Fraen: „Hutt keng Angscht! Ech weess, datt dir de Jesus sicht, dee gekräizegt gouf.

[6] Hien ass net hei. Hien ass nämlech operstanen, esou wéi hien et gesot hat. Kommt d’Plaz kucken, wou den Här geleeën huet.

[7] Tommelt iech, fir bei seng Jénger ze goen a sot hinnen, datt hie vun den Doudegen operwächt gouf an datt hie virun iech a Galilea gaangen ass. Do gesitt dir hien. Ech hunn iech et gesot!“

[8] D’Fraen haten Angscht an dach ware si ganz frou. Si hunn d’Graf séier verlooss, fir de Jénger Bescheed ze soen.

[9] Wéi si ënnerwee waren, fir senge Jénger dovunner z’erzielen, ass de Jesus hinne begéint. „Moien!“, sot hien. Si gounge bei hien, hunn hien un de Féiss gepaakt an hien ugebiet.

[10] Du sot de Jesus zu hinnen: „Hutt keng Angscht! Gitt a sot menge Bridder, datt si a Galilea goe sollen. Do gesi si mech.“

[11] Wéi d’Fraen nach ënnerwee waren, goungen en etlech Wiechter an d’Stad an hunn den ieweschte Priister alles, wat geschitt war, verzielt.

[12] D’iewescht Priister hu sech mat den Eelste versammelt an hunn zesummen decidéiert, den Zaldoten eng grouss Zomm Suen ze ginn.

[13] Si soten zu den Zaldoten: „Sot, datt seng Jénger an der Nuecht komm wieren a seng Läich geklaut hätten, wéi dir geschlof hutt.

[14] Wann de Gouverneur Wand dovunner kritt, këmmere mir eis drëm, fir datt dir iech ëm näischt braucht Suergen ze maachen.“

[15] D’Zaldoten hunn d’Sue geholl an hunn dat gemaach, wat si gesot kruten. Dës Geschicht gëtt nach bis haut ënnert de Judde verzielt.

[16] Déi eelef Jénger goungen a Galilea op de Bierg, deen de Jesus hinne genannt hat.

[17] Wéi si hie gesinn hunn, hu si hien ugebiet, mee e puer hu gezweiwelt.

[18] De Jesus koum bei si a sot: „Mir ass all Muecht ginn am Himmel an op der Äerd.

[19] Gitt dofir hin a maacht an all den Natioune Leit zu menge Jénger, andeems dir si am Numm vum Papp, vum Jong a vum hellege Geescht deeft

[20] a si léiert, alles anzehalen, wat ech iech opgedroen hunn. Sidd iech gewëss: Ech sinn ëmmer bei iech bis zum Ofschloss vum Zäitalter.“ Amen.

De Mattias — Chapters