[1] Nodeems de Jesus vum Bierg erofkomm war, gounge vill Leit him no.
[2] Du koum e Mann mat Aussaz bei hien an huet sech virun him niddergehäit a sot: „Här, wann s du wëlls, kanns du mech rengegen.“
[3] De Jesus huet seng Hand ausgestreckt, huet hie beréiert a sot: „Ech wëll. Sief gerengegt!“ Hie gouf direkt vu sengem Aussaz gerengegt.
[4] Du sot de Jesus zu him: „Maach, datt s du kengem eppes sees! Mee géi a weis dech dem Priister. Bréng d’Affer, dat de Moses virgeschriwwen huet. Maach dat als Zeeche fir si.“
[5] Wéi de Jesus a Kapernaum erakoum, koum e réimeschen Offizéier him entgéint an huet hie gebieden:
[6] „Här, mäin Dénger läit gelähmt doheem an huet schrecklech Péng.“
[7] „Ech kommen, fir hien ze heelen“, sot de Jesus zu him.
[8] De réimeschen Offizéier huet geäntwert: „Här, ech sinn et net wäert, datt s du ënnert mäin Daach kënns. So dach nëmmen e Wuert, da gëtt mäin Dénger geheelt.
[9] Ech sinn och e Mann, deen ënnert der Autoritéit vun anere steet, an hunn Zaldoten ënnert mir. Soen ech zu engem: ‚Géi!‘, da geet hien oder zu engem aneren: ‚Komm!‘, da kënnt hien. Soen ech zu mengem Sklav: ‚Maach dat!‘, da mécht hien et.“
[10] Wéi de Jesus dat héieren huet, huet hien doriwwer gestaunt. Hie sot zu deenen, déi him nogoungen: „Ech soen iech d’Wourecht! Net emol an Israel hunn ech esou e grousse Glawe fonnt.
[11] Ech soen iech, et kommen der vill vum Osten a vum Westen an huelen am Kinnekräich vum Himmel zesumme mam Abraham, mam Jakob a mam Isaak bei Dësch Plaz.
[12] Mee d’Kanner vum Kinnekräich ginn an déi baussecht Däischtert gehäit. Do gëtt gekrasch a mat den Zänn gegrätscht.“
[13] De Jesus sot dunn zum Offizéier: „Géi heem. Et soll esou geschéien, wéi s du gegleeft hues.“ Den Dénger gouf nach an där Stonn geheelt.
[14] Wéi de Jesus an dem Péitrus säin Haus koum, huet hien deem seng Schwéiermamm gesi mat Féiwer am Bett leien.
[15] Hien huet hir Hand beréiert an d’Féiwer war fort. Si ass opgestanen an huet hinne gedéngt.
[16] Géint der Owend hu si vill Leit, déi vun Dämone besiess waren, bei hie bruecht. Hien huet d’Geeschter mat engem Wuert ausgedriwwen an all déi Krank geheelt.
[17] Esou huet sech dat erfëllt, wat duerch de Prophéit Yesaia gesot gouf: „Hien huet eis Schwächlechkeet op sech geholl an eis Krankheete gedroen.“ (Yesaia 53,4)
[18] Wéi de Jesus déi grouss Mass vu Leit ëm sech gesinn huet, huet hien den Uerder ginn, fir op den aneren Uwänner ze fueren.
[19] Du koum e Léiermeeschter vum Gesetz bei hien a sot zu him: „Léiermeeschter, ech ginn dir iwwerall no, wou s du higees.“
[20] „De Fuuss huet e Bau an de Vull huet en Nascht, mee de Jong vum Mënsch huet néierens eng Plaz, fir säi Kapp nidderzeleeën“, huet de Jesus him geäntwert.
[21] En anere vu senge Jénger sot zu him: „Här, looss mech fir d’éischt fortgoen, bis ech mäi Papp begruewe kann.“
[22] De Jesus huet him geäntwert: „Komm mir no. Looss déi Doudeg hir Doudeg begruewen.“
[23] Wéi de Jesus an den Naache geklommen ass, gounge seng Jénger him no.
[24] Op eemol ass e grousse Stuerm um Séi opkomm, esou datt den Naache vun de Wellen iwwerschwemmt gouf. De Jesus awer huet geschlof.
[25] Seng Jénger koume bei hien an hunn hie waakreg gemaach: „Här, rett eis! Mir ginn ënner!“
[26] Mee hie sot zu hinnen: „Firwat hutt dir Angscht, dir Klenggleeweg?“ Dunn ass hien opgestanen an huet dem Wand an dem Séi gedreet. ’t ass alles ganz stëll ginn.
[27] D’Männer ware verwonnert a soten: „Wien ass hien, datt esouguer de Wand an de Séi him follegen?“
[28] Wéi hien um aneren Uwänner an der Géigend vun de Gergesener ugeluecht huet, koumen him der zwee entgéint, déi vun Dämone besiess waren. Si koumen tëschent de Griewer eraus a waren esou geféierlech, datt keen de Wee benotze konnt, dee laanscht si geféiert huet.
[29] Déi zwee hu gejaut: „Wat wëlls du vun eis, Jong vu Gott? Bass du heihinner komm, fir eis virun der Zäit ze péngegen?“
[30] Net all ze wäit ewech stoung eng grouss Schwéngshäerd ze weeden.
[31] D’Dämonen hunn de Jesus ugebiedelt: „Wann s du eis ausdreifs, dann erlab eis, an d’Schwéngshäerd ze fueren.“
[32] Hien huet hinne geäntwert: „Gitt!“ Wéi si erausgefuer sinn, si si an d’Schwéngshäerd gefuer. Stënterlech huet déi ganz Schwéngshäerd sech den Hang erof an de Séi gestierzt an ass am Waasser ersoff.
[33] D’Schwéngshierte si fortgelaf a goungen an d’Stad. Do hu si alles verzielt, och dat, wat mat de Männer geschitt war, déi vun Dämone besiess waren.
[34] Du koum d’ganz Stad eraus, fir dem Jesus entgéintzegoen. Wéi si hie gesinn hunn, hu si hien ugebiedelt, fir hir Géigend ze verloossen.