Skip to content
Opens in a new window

[1] Gitt drop uecht, datt dir är Almosen net virun de Mënsche gitt, fir vun hinne gesinn ze ginn. Soss kritt dir keng Belounung vun ärem Papp am Himmel.

[2] All Kéiers wann s du Almose gëss, da posaun et net virun dir eraus, esou wéi d’Heuchler dat an de Synagogen an op de Stroosse maachen, fir datt si vun de Mënsche gelueft ginn. Ech soen iech d’Wourecht: Si krute schonn hir Belounung.

[3] Wann s du awer Almose gëss, da looss deng lénks Hand net wëssen, wat deng riets Hand mécht,

[4] fir datt s du deng Almosen heemlech kanns ginn. Däi Papp selwer, dee gesäit, wat s du heemlech méchs, belount dech ëffentlech.

[5] All Kéier wann s du biets, da sief net ewéi d’Heuchler. Fir ze bieden, sti si nämlech gär an de Synagogen an op de Stroossenecker, fir datt d’Mënsche si gesinn. Ech soen iech d’Wourecht: Si krute schonn hir Belounung.

[6] Mee du, wann s du biets, géi du an deng Kabaischen, maach deng Dier zou a biet heemlech zu dengem Papp. Däi Papp, dee gesäit, wat s du heemlech méchs, belount dech ëffentlech.

[7] Wann dir biet, da babbelt net an engem Stéck dat nämmlecht, esou wéi d’Net-Judden dat maachen. Si mengen nämlech, datt si erhéiert ginn, well si vill geschwat hunn.

[8] Maacht et net esou wéi si! Äre Papp weess jo, wat dir braucht, éier dir hie frot.

[9] Esou sollt dir bieden: Eise Papp am Himmel, gehellegt sief däin Numm.

[10] Däi Kinnekräich soll kommen. Däi Wëlle soll geschéien, wéi am Himmel esou och op der Äerd.

[11] Gëff eis haut eist deeglecht Brout.

[12] Erlooss eis eis Schold, esou wéi mir och deenen dat erloossen, wat si eis schëlleg sinn.

[13] Féier eis net an d’Versuchung, mee erléis eis vum Béisen. Dir gehéiert nämlech d’Kinnekräich, d’Muecht an d’Herrlechkeet fir ëmmer. Amen.

[14] Wann dir nämlech de Mënschen hir Iwwertriedunge verzeit, da verzeit ären himmlesche Papp och iech.

[15] Wann dir de Mënschen hir Iwwertriedungen awer net verzeit, da verzeit äre Papp iech är Iwwertriedungen och net.

[16] All Kéier wann dir faascht, da maacht dat net ewéi d’Heuchler, déi eng traureg Minn maachen. Si verstellen nämlech hir Gesiichter, fir datt d’Leit solle gesinn, datt si faaschten. Ech soen iech d’Wourecht: Si krute schonn hir Belounung.

[17] Mee du, wann s du faaschts, parfuméier däi Kapp a wäsch däi Gesiicht,

[18] fir datt kee Mënsch mierkt, datt s du faaschts, ausser däi Papp am Himmel, deen dat Heemlecht gesäit. Däi Papp, dee gesäit, wat s du heemlech méchs, belount dech ëffentlech.

[19] Sammelt keng Schätz hei op der Äerd, wou Matt a Wuerm se zerstéieren a wou Déif abriechen a se klauen.

[20] Sammelt villméi Schätz am Himmel, wou Matt a Wuerm se net zerstéieren a wou Déif net abriechen a se klauen.

[21] Do, wou äre Schatz ass, do ass och äert Häerz.

[22] D’Luucht vum Kierper ass d’A. Wann däin A gutt ass, dann ass däi ganze Kierper voller Liicht.

[23] Mee wann däin A béis ass, ass däi ganze Kierper voller Däischtert. Wann d’Liicht, dat an dir ass, Däischtert ass, wéi grouss ass dann déi Däischtert!

[24] Kee kann zwee Meeschteren déngen. Entweder haasst hien deen een an huet deen anere gär oder hien ass deem enge loyal a veruecht deen aneren. Dir kënnt net Gott an dem Räichtum déngen.

[25] Dofir soen ech iech: Maacht iech keng Suergen iwwert äert Liewen, iwwert dat, wat dir iessen oder drénke sollt, an och net iwwert äre Kierper, iwwert dat, wat dir undoe sollt. Besteet d’Liewen net aus méi wéi aus Iessen an de Kierper aus méi wéi aus Kleeder?

[26] Kuckt emol d’Vigel am Himmel. Si séien net, ginn och net an de Karschnatz an huelen och keng Kären an d’Scheier; an dach fiddert ären himmlesche Papp si. Sidd dir net vill méi wäert wéi si?

[27] A wie vun iech ka säi Liewen ëm een Abléck verlängeren, andeems hie sech Suerge mécht?

[28] Firwat maacht dir iech ëm Kleeder Suergen? Betruecht emol d’Lilien op der Gewan, wéi si wuessen: Si schaffen net a si spannen net.

[29] An dach soen ech iech, datt esouguer de Salomon a senger ganzer Herrlechkeet, net esou gekleet war wéi eng vun dëse Blummen.

[30] Wa Gott d’Gras esou kleet, dat haut op der Gewan steet a muer an den Uewe gehäit gëtt, ëm wéi vill méi kleet hien iech dann, dir Klenggleeweg?

[31] Maacht iech dofir keng Suergen, andeems dir iech frot: Wat solle mir iessen? Wat solle mir drénken? Wat solle mir undoen?

[32] D’Natioune striewen no all deem. Ären himmlesche Papp weess awer, datt dir dat alles braucht.

[33] Strieft fir d’éischt nom Kinnekräich vu Gott an no senger Gerechtegkeet, da gëtt iech all dat bäigefüügt.

[34] Maacht iech also keng Suerge fir muer. Muer bréngt seng eege Suergen! All Dag bréngt ewell genuch Suergen.

De Mattias — Chapters