[1] D’Kinnekräich vum Himmel ass ewéi en Härebauer, dee fréi mueres erausgoung, fir Doléiner fir säi Wéngert anzestellen.
[2] Den Härebauer huet sech mat hinnen op een Denar fir den Dag gëeenegt an duerno huet hie si a säi Wéngert geschéckt.
[3] Géint néng Auer mueres goung hien nees eraus an huet aner Doléiner op der Maartplaz stoe gesinn, déi näischt ze dinn haten.
[4] Hie sot zu hinnen: ‚Gitt och dir a mäi Wéngert schaffen an ech ginn iech dat, wat gerecht ass.‘
[5] D’Doléiner sinn doropshi schaffe gaangen. Ëm d’Mëttesstonn a géint dräi Auer am Nomëtteg goung hien och op d’Maartplaz an huet dat nämmlecht gemaach.
[6] Géint fënnef Auer am Nomëtteg goung hien op d’Maartplaz an huet anerer do fonnt, déi näischt ze dinn haten. Hien huet si gefrot: ‚Firwat stitt dir de ganzen Dag hei, ouni ze schaffen?‘
[7] Si hunn him geäntwert: ‚Et huet keen eis agestallt!‘ Doropshin sot den Härebauer zu hinnen: ‚Gitt och dir an de Wéngert schaffen an dir kritt dat dofir, wat gerecht ass.‘
[8] Wéi um sechs Auer Feierowend war, sot de Besëtzer vum Wéngert zu sengem Viraarbechter: ‚Ruff d’Doléiner heihin a bezuel hinnen hire Loun. Fänk mat deenen un, déi fir d’lescht agestallt goufen, an hal mat deenen éischten op.‘
[9] Déi, déi géint fënnef Auer agestallt goufen, koumen dohin a jidderee krut een Denar.
[10] Wéi déi, déi fir d’éischt agestallt goufen, erbäikoumen, hu si gemengt, si kréiche méi Suen, mee och si kruten een Denar op de Kapp.
[11] Wéi si hire Loun kruten, hu si sech beim Härebauer beschwéiert:
[12] ‚Déi, déi fir d’lescht agestallt goufen, hu just eng Stonn geschafft an dach hues du si mat eis gläichgestallt, och wa mir d’Laascht vun der Aarbecht an der praller Sonn erdroen hunn!‘
[13] Den Härebauer huet engem vun hinne geäntwert: ‚Frënd, ech dinn dir keen Onrecht. Has du net mat mir ofgemaach, fir een Denar ze schaffen?
[14] Huel däi Loun a géi. Ech wëll deem leschten Doléiner datselwecht ginn ewéi dir.
[15] Hunn ech net d’Recht, mat mengem Besëtz ze maachen, wat ech wëll? Bass du jalous, well ech generéis sinn?‘
[16] Op dës Manéier ginn déi Lescht déi Éischt an déi Éischt déi Lescht. Et sinn der vill déi beruff sinn, mee wéineg déi auserwielt sinn.“
[17] Wéi de Jesus op Jerusalem goung, huet hien déi zwielef Jénger op d’Säit geholl an huet ënnerwee zu hinne gesot:
[18] „Passt op! Mir ginn op Jerusalem. De Jong vum Mënsch gëtt do un d’iewescht Priister an un d’Léiermeeschtere vum Gesetz ausgeliwwert. Do veruerteele si hien zum Doud
[19] a liwweren hien un d’Net-Judden aus, fir datt si de Geck mat him maachen, hie gäisselen a kräizegen. Um drëtten Dag ersteet hie vun den Doudegen op.“
[20] Du koum d’Mamm vum Sabdai senge Jonge mat hire Jonge bei de Jesus an huet sech virun him vernäipt, fir hien ëm eppes ze froen.
[21] „Wat wëlls du?“, frot de Jesus si. „Befeel, datt meng zwee Jongen an dengem Kinnekräich riets a lénks vun dir sëtzen“, huet si him geäntwert.
[22] „Dir wësst jo net, wat dir do verlaangt!“, huet de Jesus geäntwert. „Kënnt dir aus deem Kellech drénken, aus deem ech gläich drénken, oder kënnt dir mat där Daf gedeeft ginn, mat där ech gedeeft ginn?“ „Jo, dat kënne mir“, hu si him geäntwert.
[23] Hie sot dunn zu hinnen: „Dir drénkt tatsächlech aus mengem Kellech a gitt mat där Daf gedeeft, mat där ech gedeeft ginn. Mee et steet mir net zou, fir ze bestëmmen, wien zu menger Rietser a wien zu menger Lénker sëtze soll. Déi Plaze si fir déi, fir déi mäi Papp si virbereet huet.“
[24] Wéi déi Zéng dat héieren hunn, ware si iwwert déi zwee Bridder entsat.
[25] De Jesus huet si bei sech geruff a sot zu hinnen: „Dir wësst jo, datt d’Herrscher vun den Natiounen d’Mënschen tyranniséieren an hir Mächteg si ënnerdrécken.
[26] Mee ënnert iech soll et net esou sinn. Am Géigendeel, wie vun iech dichteg wëllt ginn, soll ären Dénger ginn.
[27] Wie vun iech den Éischte wëllt sinn, muss ären Dénger ginn.
[28] Geneesou ass et mam Jong vum Mënsch. Dee koum net, fir sech bedéngen ze loossen, mee fir ze déngen a fir säi Liewen als Léisegeld fir vill Mënschen ze ginn.“
[29] Wéi si Jericho verlooss hunn, gounge ganz vill Leit him no.
[30] Et souzen zwee Blanner beim Wee. Wéi si héieren hunn, datt de Jesus laanscht géif goen, hu si geruff: „Erbaarm dech eiser, Här, Jong vum David!“
[31] Mee d’Leit hunn déi Zwee ugefuer, roueg ze sinn. Mee si hunn ëmsou méi haart geruff: „Erbaarm dech eiser, Här, Jong vum David!“
[32] De Jesus ass stoe bliwwen a frot si: „Wat wëllt dir, datt ech fir iech maache soll?“
[33] „Här, maach, datt eis Aen opginn!“, sote si.
[34] De Jesus hat Matleed mat hinnen an huet hir Ae beréiert. Nach an deem Abléck konnte si gesinn a goungen him no.