Skip to content
Opens in a new window

[1] Dunn huet de Jesus sech un d’Vollek an u seng Jénger geriicht:

[2] „D’Léiermeeschtere vum Gesetz an d’Pharisäer sëtzen um Stull vum Moses.

[3] Alles, wat si iech soen, dat dir anhale sollt, dat haalt an a maacht. Maacht hinnen dat net no, wat si maachen, well si net dat maachen, wat si soen!

[4] Si banne schwéier Laaschten zesummen, déi schwéier ze droe sinn, a leeë se de Mënschen op hir Schëlleren, mee krëmme selwer kee Fanger, fir se ze droen.

[5] Alles, wat si maachen, maache si, fir vun de Leit gesinn ze ginn. Si maachen hir Tefillin besonnesch grouss a suergen dofir, datt hir Ziziyot opfälleg sinn.

[6] Si hunn d’Éiereplazen op de Fester an déi bescht Plazen an de Synagoge gär.

[7] Si ginn och gär op de Maartplaze gegréisst an hunn et gär, wann d’Leit si ‚Rabbi! Rabbi!‘ nennen.

[8] Dir awer sollt iech net Rabbi nenne loossen. Et ass just een äre Léiermeeschter, de Messias. Dir sidd all Geschwëster.

[9] Nennt och keen hei op der Äerd ‚Papp‘. Et ass just een äre Papp, deen am Himmel ass.

[10] Loosst iech och net ‚Léiermeeschter‘ nennen. Et ass just een äre Léiermeeschter, de Messias.

[11] Den Dichtegsten ënnert iech soll ären Dénger ginn.

[12] Wie sech selwer erhieft, gëtt erniddregt a wie sech selwer erniddregt, gëtt erhuewen.

[13] Wéi schrecklech ass et fir iech Léiermeeschtere vum Gesetz a Pharisäer! Dir Heuchler! Dir verspäert de Mënschen d’Kinnekräich vum Himmel. Dir selwer gitt net eran an dir erlaabt et deenen net eranzegoen, déi wëllen eragoen.

[14] Wéi schrecklech ass et fir iech Léiermeeschtere vum Gesetz a Pharisäer! Dir Heuchler! Dir beduckst d’Witfraen ëm hir Haiser a maacht zum Schäi laang Gebieder. Dir kritt dofir ëmsou méi e strengt Uerteel.

[15] Wéi schrecklech ass et fir iech Léiermeeschtere vum Gesetz a Pharisäer! Dir Heuchler! Dir reest iwwer Mier a Land, fir een zum Proselyt ze maachen a wann hie bis e Proselyt ginn ass, maacht dir aus dësem e Kand, dat zweemol méi wéi dir an d’Gehenna gehéiert.

[16] Wéi schrecklech ass et fir iech, dir blann Leeder! Dir sot: ‚Wien op den Tempel schwiert, ass net u säin Eed gebonnen. Wien awer op d’Gold vum Tempel schwiert, ass u säin Eed gebonnen.‘

[17] Dir blann Toperten! Wat ass da méi wichteg: d’Gold oder den Tempel, deen d’Gold helleg mécht?

[18] Dir sot och: ‚Wien op den Altor schwiert, ass net u säin Eed gebonnen. Wien awer op d’Affer um Altor schwiert, deen ass u säin Eed gebonnen.‘

[19] Dir blann Toperten! Wat ass méi wichteg: d’Affer oder den Altor, deen d’Affer helleg mécht?

[20] Wien also op den Altor schwiert, schwiert op den Altor an op allem, wat drop ass.

[21] Wien op den Tempel schwiert, schwiert op den Tempel an op deen, deen dra wunnt.

[22] Wien op den Himmel schwiert, schwiert op den Troun vu Gott an op deen, deen drop sëtzt.

[23] Wéi schrecklech ass et fir iech Léiermeeschtere vum Gesetz a Pharisäer! Dir Heuchler! Dir gitt nämlech en Zéngtel vu Peffermënz, Dëll a Kräizkimmel, mee vernoléissegt dat, wat am Gesetz méi wichteg ass: Gerechtegkeet, Erbaarmen an Trei. Dat alles hätt dir maache sollen, ouni dat anert z’ënnerloossen.

[24] Dir blann Leeder! Dir sift eng Essegméck aus ärem Wäin, mee schléckt e Kaméil of!

[25] Wéi schrecklech ass et fir iech Léiermeeschtere vum Gesetz a Pharisäer! Dir Heuchler! Dir maacht de Becher an d’Schossel vu bausse propper, mee bannendra fëllt dir se mam Wonsch, fir ze klauen an ongerecht ze sinn.

[26] Du blanne Pharisäer! Botz fir d’éischt de Becher an d’Schossel vu bannen, fir datt dat Baussenzegt och propper gëtt.

[27] Wéi schrecklech ass et fir iech Léiermeeschtere vum Gesetz a Pharisäer! Dir Heuchler! Dir sidd ewéi gewäisste Griewer, déi bausse schéin ausgesinn, mee bannendra voller Schanke vun Doudegen an all Zort Knascht sinn.

[28] Esou kommt och dir no bausse fir d’Mënschen als gerecht eriwwer, mee bannendra sidd dir voller Schäinhellegkeet a Gesetzlosegkeet.

[29] Wéi schrecklech ass et fir iech Léiermeeschtere vum Gesetz a Pharisäer! Dir Heuchler! Dir baut nämlech d’Griewer fir d’Prophéiten, rëscht d’Monumenter fir déi Gerecht

[30] a sot: ‚Wa mir zur Zäit vun eise Virfuere gelieft hätten, dann hätte mir net um Mord vun de Prophéiten deelgeholl.‘

[31] Dir gitt also zou, datt dir d’Nokomme vun de Prophéiten hire Mäerder sidd.

[32] Maacht d’Mooss vun äre Virfueren dach voll!

[33] Dir Schlaangen! Dir Hickecht Viperen! Wéi wëllt dir dem Uerteel vun der Gehenna entkommen?

[34] Dofir schécken ech iech Prophéiten, weis Männer a Léiermeeschtere vum Gesetz. En etlech vun hinne bréngt dir ëm a kräizegt si esouguer, anerer gäisselt dir an de Synagogen a verfollegt si vu Stad zu Stad.

[35] Esou fält d’Schold vun all deem gerechte Blutt, dat op der Äerd ausgeschott gouf, op iech, vum Blutt vum gerechten Abel bis zum Blutt vum Sacharia, dem Jong vum Berechia, deen dir tëschent dem Tempel an dem Altor ermort hutt.

[36] Ech soen iech d’Wourecht: Alles dat kënnt iwwer dës Generatioun!

[37] Jerusalem! Jerusalem! Du bréngs d’Prophéiten ëm a stengegs déi, déi bei dech geschéckt goufen. Wéi dacks hätt ech gär deng Kanner ëm mech gesammelt, esou wéi eng Kluck hir Jippelcher ënnert hir Flilleken hëlt, mee dir Kanner wollt dat net.

[38] Kuckt! Äert Haus gëtt iech verlooss iwwerlooss!

[39] Ech soen iech: Vun elo u gesitt dir mech net méi, bis dir sot: ‚Geseent ass deen, deen am Numm vum Här kënnt.‘“ (Psalmen 118,26)

De Mattias — Chapters