[1] De Jesus war ënnerwee, fir den Tempel ze verloossen, wéi seng Jénger bei hie koumen, fir hien op d’Gebaier vum Tempel opmierksam ze maachen.
[2] „Dir gesitt dat alles, gell?“, huet hien hinne geäntwert. „Ma ech soen iech d’Wourecht: Net ee Stee bleift op deem aneren, deen net ofgerappt gëtt.“
[3] Wéi hien um Olivebierg souz, koume seng Jénger eleng bei hien a froten hien: „So eis, wéini geschitt dat alles? Wat ass d’Zeeche vun dengem Kommen? Wat ass d’Zeeche vum Enn vun dësem Zäitalter?“
[4] De Jesus huet hinne geäntwert: „Gitt uecht, datt keen iech irféiert.
[5] Et kommen der vill a mengem Numm, déi soen: ‚Ech sinn de Messias!‘ Vill Leit ginn irgeféiert.
[6] Mee wann dir vu Kricher a vu Gerüchter iwwer Kricher héiert, da passt op, datt dir net fäert, well dat alles muss geschéien. D’Enn ass awer nach net do.
[7] Eng Natioun erhieft sech nämlech géint eng aner Natioun an ee Kinnekräich géint en anert Kinnekräich. Op verschidde Plaze ginn et Hongersnéit, Epidemien an Äerdbiewen.
[8] Alles dat ass den Ufank vun de Wéien.
[9] Si liwweren iech aus, fir iech ze quälen an ëmzebréngen. Wéinst mengem Numm gitt dir vun all den Natioune gehaasst.
[10] Zu där Zäit fale vill Leit of. Si verroden een deen aneren an haassen een deen aneren.
[11] Et erschénge vill falsch Prophéiten, déi vill Leit irféieren.
[12] D’Gesetzlosegkeet gëtt ëmmer méi grouss an dowéinst gëtt d’Léift vu ville Leit kal.
[13] Wien awer bis un d’Enn aushält, gëtt gerett.
[14] Dës gutt Noriicht iwwert d’Kinnekräich gëtt uechter d’ganz Welt verkënnegt als Zeienausso fir all d’Natiounen. Da kënnt d’Enn.
[15] Dofir, wann dir den Abscheilechen, deen zerstéiert, vun deem de Prophéit Daniel geschwat huet, op der helleger Plaz stoe gesitt (Lieser, verstéi!) (Daniel 9,27; 11,31; 12,11),
[16] da sollen déi, déi a Judea sinn an d’Bierger flüchten.
[17] Wien uewen um Haus ass, soll net erofkommen, fir eppes aus sengem Haus ze huelen.
[18] Wien um Feld ass, soll net zeréckgoen, fir seng Kleeder sichen ze goen.
[19] Mee wéi schrecklech gëtt et fir déi Fraen, déi zu där Zäit erwaarden oder nieren.
[20] Biet, datt är Flucht net am Wanter oder op engem Sabbat ass.
[21] Während deenen Deeg kënnt nämlech eng grouss Nout, esou wéi et se zënter dem Ufank vun der Welt bis elo nach net gouf an och ni méi wäert ginn.
[22] Wann déi Deeg net verkierzt géife ginn, da géif kee Mënsch gerett ginn; mee wéinst den Auserwielte ginn déi Deeg verkierzt.
[23] Wann een zu där Zäit zu iech seet: ‚Kuck, hei ass de Messias!‘, oder: ‚Do ass de Messias!‘, da gleeft et net.
[24] Et trieden nämlech falsch Messiassen a falsch Prophéiten op a si maache grouss Zeechen a Wonner, fir esouguer déi Auserwielten irzeféieren, wann dat méiglech wier.
[25] Passt op! Ech hunn iech am Viraus Bescheed gesot.
[26] Wann een zu iech seet: ‚Kuck, hien ass an der Wüst!‘, da gitt net dohinner. Wann een zu iech seet: ‚Kuck, hien ass an der Kabaischen!‘, da gleeft him net.
[27] Esou wéi de Blëtz aus dem Oste kënnt a bis an de Weste schéngt, esou ass och d’Erschénge vum Jong vum Mënsch.
[28] Iwwerall, wou d’Läich ass, do sammele sech d’Geieren.
[29] ‚Direkt no der Nout vun där Zäit, gëtt d’Sonn däischter an de Mound gëtt keng Luucht méi vu sech. D’Stäre fale vum Himmel an d’Kräften am Himmel geroden aus dem Gläichgewiicht.‘ (Yesaia 13,10)
[30] Dann erschéngt d’Zeeche vum Jong vum Mënsch am Himmel; all d’Stämm vun der Welt traueren. Si gesinn de Jong vum Mënsch op de Wolleke vum Himmel komme mat Muecht a grousser Herrlechkeet.
[31] Da schéckt hie seng Engele mat engem haarde Schall vum Schofar eraus a si brénge seng Auserwielten aus de véier Wandrichtungen zesummen, vun engem Enn vum Himmel bis bei dat anert.
[32] Léiert aus dem Gläichnes vum Figebam: Wa seng Äscht säfteg ginn a Blieder dreiwen, da wësst dir, datt de Summer gläich do ass.
[33] Esou sollt dir och wëssen, wann dir all dat geschéie gesitt, datt d’Enn virun der Dier steet.
[34] Ech soen iech d’Wourecht! Déi Generatioun vergeet op kee Fall, bis all dat geschitt ass.
[35] Himmel an Äerd verginn, mee meng Wierder verginn ni.
[36] Et weess keen, wéini dësen Dag oder dës Stonn kënnt, net emol d’Engelen am Himmel, mee just mäi Papp eleng.
[37] Esou wéi et zur Zäit vum Noach war, esou ass et och, wann de Jong vum Mënsch kënnt:
[38] Zu där Zäit virun der Flut hu si giess, gedronk, hu sech bestuet an hu sech bestuede gelooss bis deen Dag, op deem den Noach an d’Arch goung.
[39] Si hunn näischt matkritt, bis d’Flut koum a si all ewechgerappt huet. Esou ass et och, wann de Jong vum Mënsch kënnt.
[40] Zu där Zäit sinn zwee Männer op engem Aker: Deen ee gëtt geholl an deen anere gëtt zeréckgelooss.
[41] Zwou Frae muele mat engem Millesteen: Déi eng gëtt geholl an déi aner gëtt zeréckgelooss.
[42] Gitt dofir uecht! Dir wësst nämlech net zu wéi enger Stonn ären Här kënnt.
[43] Verstitt dat hei: Wann den Haushär gewosst hätt, um wéi vill Auer an der Nuecht den Déif komme géif, dann hätt hien opgepasst an net zougelooss, datt a säin Haus agebrach géif ginn.
[44] Dowéinst sollt och dir iech prett halen, well de Jong vum Mënsch zu enger Stonn kënnt, an där dir hien net erwaart.
[45] Wien ass dann den treien a weisen Dénger, dee säi Meeschter iwwert seng Gesënner gesat huet, fir jidderengem zur richteger Zäit säin Iessen ze ginn?
[46] Geseent ass deen Dénger, deen de Meeschter domat beschäftegt gesäit, wann hien zeréckkënnt.
[47] Ech soen iech d’Wourecht! De Meeschter mécht hien zum Verwalter vu sengem ganze Besëtz.
[48] Mee wann de béisen Dénger bei sech denkt: ‚Mäi Meeschter kënnt nach esou bal net‘,
[49] an hie fänkt un, déi aner Dénger ze zerschloen a mat Sëffer z’iessen an ze drénken,
[50] da kënnt de Meeschter vun deem Dénger op engem Dag zeréck, op deem hien en net erwaart, an zu enger Stonn, déi hien net kennt.
[51] Als Strof gäisselt säi Meeschter hien a gëtt him säin Undeel bei den Heuchler. Do gëtt gekrasch a mat den Zänn gegrätscht.