[1] Nodeems de Jesus dës Ried ofgeschloss hat, huet hie Galilea verlooss a koum iwwer déi aner Säit vum Jordan an d’Géigend vu Judea.
[2] Onmoosseg vill Leit goungen him no an hien huet si do geheelt.
[3] Pharisäer koume bei hien, fir hien op d’Prouf ze stellen. Si froten: „Ass et engem Mann erlaabt, fir sech vu senger Fra ‚aus wat fir engem Grond och ëmmer‘ scheeden ze loossen?“
[4] De Jesus huet hinne geäntwert: „Hutt dir net gelies, datt de Schëpfer de Mënsch am Ufank als Mann an als Fra erschafen huet (1. Moses 1,27)
[5] an datt hie sot: ‚Dowéinst verléisst e Mann säi Papp a seng Mamm, fir sech u seng Fra ze bannen. Déi Zwee ginn ee Läif‘? (1. Moses 2,24)
[6] Si sinn also net méi zwee, mee ee Läif. Dat, wat Gott zesummebruecht huet, soll de Mënsch net trennen.“
[7] D’Pharisäer froten de Jesus: „Firwat huet de Moses eis da virgeschriwwen, der Fra e Scheedungsattest ze ginn a sech esou vun hir scheeden ze loossen?“ (5. Moses 24,1)
[8] De Jesus huet hinne geäntwert: „De Moses huet iech erlaabt, fir iech vun äre Frae scheeden ze loossen, well dir esou verbrueten Häerzer hutt. Am Ufank war dat awer net esou.
[9] Ech soen iech: Wie sech vu senger Fra scheede léisst an eng aner Fra bestit, et sief dann, et wier wéinst onerlaabtem Sex, dee geet mat där Fra friem a brécht d’Bestietnes. Wien déi gescheete Fra bestit, dee geet da mat där Fra friem a brécht d’Bestietnes.“
[10] Du sote seng Jénger zu him: „Wann dat esou ëm e Mann mat enger Fra bestallt ass, dann ass et besser, fir sech net ze bestueden!“
[11] Mee hie sot zu hinnen: „Net all Mënsch kann dës Ausso unhuelen, ausser deenen, deene se gi gouf.
[12] Männer kënnen aus verschidde Grënn Jonggeselle sinn: Déi eng sinn et, well si zënter der Gebuert kee Bedürfnis hunn, fir sech ze bestueden; anerer sinn et, well d’Mënsche si kastréiert hunn; an nach anerer si fir d’Kinnekräich vum Himmel Jonggesellen. Wien dat verstoe kann, soll et verstoen!“
[13] Du goufe Kanner bei de Jesus bruecht, fir datt hien d’Hänn op si leeën a biede géif. Mee d’Jénger hunn déi, déi d’Kanner bruecht hunn, zurechtgewisen.
[14] De Jesus sot awer: „Loosst déi kleng Kanner bei mech kommen an haalt si net dovunner of, fir bei mech ze kommen. D’Kinnekräich vum Himmel besteet nämlech aus Mënschen ewéi hinnen.“
[15] Nodeems hien d’Hänn op si geluecht hat, goung hie vun do fort.
[16] Et koum e Mann bei hien, dee frot: „Gudde Léiermeeschter, wat muss ech Guddes maachen, fir éiwegt Liewen ze hunn?“
[17] „Firwat nenns du mech gutt?“, huet de Jesus him geäntwert. „Et ass kee gutt, ausser Gott eleng. Wann s du awer an d’Liewe goe wëlls, dann hal d’Geboter an.“
[18] „Ma wéi eng?“, frot de Mann. De Jesus huet geäntwert: „‚Ermort keen; Briech d’Bestietnes net, andeems du friemgees; Klau net; Maach keng falsch Zeienausso;
[19] Éier däi Papp an deng Mamm.‘ (2. Moses 20,12-16; 5. Moses 5,16-20) ‚Hief däin Nächste gär wéi dech selwer.‘“ (3. Moses 19,18)
[20] „Zënter menger Jugend hunn ech dat alles agehalen“, huet de jonke Mann geäntwert. „Wat feelt mir nach?“
[21] De Jesus sot zu him: „Wann s du vollkomme wëlls sinn, da géi a verkaf däi Besëtz a gëff en den Aarmen. Da kriss du e Schatz am Himmel. Komm, géi mir no!“
[22] Wéi de jonke Mann dat héieren huet, goung hien traureg fort, well hien e grousse Besëtz hat.
[23] De Jesus sot zu senge Jénger: „Ech soen iech d’Wourecht! Wéi schwéier ass et fir e Räichen an d’Kinnekräich vum Himmel ze kommen.
[24] Ech soen iech nees: Et ass méi einfach, fir e Kaméil duerch d’Lach vun enger Bitznol ze goen, wéi fir e Räichen an d’Kinnekräich vu Gott ze kommen.“
[25] Wéi seng Jénger dat héieren hunn, ware si onmoosseg verwonnert a froten: „Wie kann dann nëmme gerett ginn?“
[26] De Jesus huet si ugekuckt a sot: „Fir d’Mënschen ass dat onméiglech, mee fir Gott ass alles méiglech.“
[27] Dunn huet de Péitrus him geäntwert: „Kuck, mir hunn alles verlooss a sinn dir nogaangen. Wat kréie mir dann dofir?“
[28] De Jesus sot zu hinnen: „Ech soen iech d’Wourecht! Am Zäitalter, an deem alles erneiert gëtt, sëtzt de Jong vum Mënsch op sengem herrlechen Troun. Da sëtzt och dir, déi dir mir nogaange sidd, op zwielef Tréin, fir déi zwielef Stämm vun Israel ze riichten.
[29] Jiddereen, deen Haiser, Bridder, Schwësteren, Papp, Mamm, Fra, Kanner oder Lännereie wéinst menger verléisst, kritt dann dat Honnertfacht zeréck an ierft éiwegt Liewen.
[30] Mee vill, déi elo déi Éischt sinn, ginn déi Lescht, an déi Lescht ginn déi Éischt.