[1] Zu där Zäit koumen d’Jénger bei de Jesus a froten hien: „Wien ass dee Wichtegsten am Kinnekräich vum Himmel?“
[2] De Jesus huet e klengt Kand bei sech geruff an et an hir Mëtt gestallt.
[3] Hie sot: „Ech soen iech d’Wourecht: Wann dir net ëmkéiert an ewéi kleng Kanner gitt, kommt dir net an d’Kinnekräich vum Himmel eran.
[4] Wie sech esou erniddregt wéi dëst klengt Kand, ass dee Wichtegsten am Kinnekräich vum Himmel.
[5] Wien esou e Këndchen a mengem Numm ophëlt, hëlt mech op.
[6] Wien ee vun dëse Klengen, déi u mech gleewen, sënnegen deet, fir dee wier et besser, datt him e Millesteen ëm den Hals gehaangen an hien am déiwe Mier ersoff géif ginn!
[7] Wéi schrecklech gëtt et fir d’Welt wéinst de Versuchungen! Versuchunge mussen zwar kommen, mee wéi schrecklech fir deen, duerch deen d’Versuchung kënnt!
[8] Wann deng Hand oder däi Fouss dech sënnegen deet, dann ha se of a gehei se ewech! Et ass nämlech besser fir dech, schlamm oder als Krëppel an d’Liewen ze goen, wéi zwou Hänn oder zwee Féiss ze hunn an an d’éiwegt Feier gehäit ze ginn.
[9] Wann däin A dech sënnegen deet, da rapp et eraus a gehei et ewech. Et ass besser fir dech, mat engem A an d’Liewen ze goen, wéi mat zwee Aen an d’Feier vun der Gehenna gehäit ze ginn.
[10] Passt op, datt dir op kee vun dëse Klengen erofkuckt! Ech soen iech nämlech, datt hir Engelen am Himmel ëmmer an der Präsenz vu mengem Papp sinn, deen am Himmel ass.
[11] De Jong vum Mënsch ass nämlech komm, fir dat, wat verluer ass, ze retten.
[12] Wat mengt dir? Wann e Mann honnert Schof huet an eent vun hinne veriert sech, léisst hien dann net déi néngannonzeg Schof op de Bierger zeréck, fir dat, wat sech veriert huet, ze sichen?
[13] Ech soen iech d’Wourecht: Wann hien d’Schof fënnt, da freet hie sech méi iwwert dat eent Schof, wéi iwwert déi néngannonzeg, déi sech net veriert haten.
[14] Esou wëllt äre Papp am Himmel net, datt och nëmmen ee vun dëse Klenge verluer geet.
[15] Wann däi Brudder géint dech sënnegt, da géi bei hien a weis him säi Feeler ënner véier Aen. Wann hien op dech lauschtert, dann hues du däi Brudder zeréckgewonnen.
[16] Wann hien awer net op dech lauschtert, dann huel nach een oder zwee anerer mat, fir datt duerch d’Ausso vun zwee oder dräi Zeien alles, wat gesot gouf, bestätegt ka ginn. (5. Moses 19,15)
[17] Wann hien net op si lauschtert, dann ziel der Gemeinschaft et. Wann hien net op d’Gemeinschaft lauschtert, da soll hie wéi en Net-Judd an e Steierandreiwer fir iech sinn.
[18] Ech soen iech d’Wourecht! Wat dir hei op der Äerd verbitt, gëtt am Himmel verbueden; wat dir hei op der Äerd erlaabt, gëtt am Himmel erlaabt.
[19] Ech soen iech nees: Wann der zwee vun iech sech hei op der Äerd eens sinn iwwert dat, wat si froen, da gëtt dat fir si vu mengem Papp am Himmel gemaach.
[20] Do, wou nämlech zwee oder dräi Leit a mengem Numm versammelt sinn, sinn ech matzen ënnert hinnen.“
[21] Du koum de Péitrus bei de Jesus a frot hien: „Här, wéi dacks soll ech mengem Brudder verzeien, dee sech géint mech versënnegt? Bis siwemol?“
[22] „Net siwemol“, huet de Jesus him geäntwert, „mee siwenasiwwenzegmol.
[23] Dofir kann d’Kinnekräich vum Himmel mat engem Kinnek verglach ginn, dee mat sengen Dénger ofrechne wollt.
[24] Wéi hie mat der Ofrechnung ugefaangen huet, gouf en Dénger bei hie bruecht, deen him zéngdausend Talantone schëlleg war.
[25] Den Dénger konnt dat net zeréckbezuelen an dofir huet säi Meeschter den Uerder ginn, hien, seng Fra, seng Kanner a säi ganze Besëtz ze verkafen, fir esou d’Schold ofzebezuelen.
[26] Den Dénger huet sech dunn op de Buedem virun him niddergeworf a sot: ‚Meeschter, sief gedëlleg mat mir! Ech bezuelen dir alles zeréck.‘
[27] De Meeschter hat mam Dénger Erbaarmen; hien huet hie fräigelooss an him seng Schold erlooss.
[28] Wéi dësen Dénger fortgoung, huet hien ee vun den Dénger begéint, dee mat him geschafft huet an deen him honnert Denare schëlleg war. Hien huet deen aneren ergraff, mam Hals geholl a sot: ‚Bezuel mir dat, wat s du mir schëlleg bass!‘
[29] Dunn huet deen Dénger sech viru seng Féiss op de Buedem gehäit an huet gebiedelt: ‚Sief gedëlleg mat mir! Ech bezuelen dir alles zeréck.‘
[30] Mee den Dénger huet dat net ugeholl. Amplaz dovun ass hien higaangen an huet hien an de Prisong gehäit, bis hien d’Schold bezuele géif.
[31] Wéi déi aner Dénger gesinn hunn, wat geschitt war, ware si zudéifst bedréckt. Si gounge bei hire Meeschter an hunn him alles verzielt, wat geschitt war.
[32] Doropshin huet de Meeschter den Dénger bei sech geruff a sot zu him: ‚Du béisen Dénger! Ech hunn dir deng ganz Schold erlooss, well s du mech drëm gebiedelt hues.
[33] Häss net och du sollen Erbaarme mat dengem Matdénger hunn, esou wéi ech mat dir Erbaarmen hat?‘
[34] Säi Meeschter war rosen an huet hien un d’Foltergiischtercher ausgeliwwert, bis hie seng ganz Schold ofbezuelt hätt.
[35] Esou geet mäin himmlesche Papp mat iech ëm, wann dir ärem Brudder seng Iwwertriedungen net vu ganzem Häerz verzeit.“