Skip to content
Opens in a new window

[1] Nodeems de Jesus zu Betlehem a Judea zur Zäit vum Kinnek Herodes gebuer gouf, koume weis Astronomen aus dem Osten op Jerusalem.

[2] Si froten: „Wou ass den neigebuerene Kinnek vun de Judden? Mir hu säi Stär am Oste gesinn a si komm, fir hien unzebieden.“

[3] Wéi de Kinnek Herodes dat héieren huet, war hie ganz opgewullt a ganz Jerusalem mat him.

[4] Hien huet all d’iewescht Priister an all d’Léiermeeschtere vum Gesetz aus dem Vollek aberuff a si gefrot, wou de Messias gebuer sollt ginn.

[5] „Zu Betlehem a Judea“, hu si him geäntwert. „Esou gouf et nämlech duerch de Prophéit geschriwwen:

[6] ‚Du Betlehem am Land Juda bass op kee Fall déi onwichtegst Stad ënnert den Herrscher aus Juda. Aus dir geet nämlech en Herrscher ervir, dee mäi Vollek Israel hitt.‘“ (Micha 5,1)

[7] Dunn huet den Herodes déi weis Astronomen heemlech bei sech ruffe gelooss an ass vun hinne gewuer ginn, wéini genee de Stär erschénge war.

[8] Hien huet si mat dëser Uweisung op Betlehem geschéckt: „Gitt a sicht genee nom Kand! Esoubal dir et fonnt hutt, da sot mir Bescheed, fir datt och ech kann dohikommen, fir et unzebieden.“

[9] Nodeems si dem Kinnek nogelauschtert haten, hu si sech op de Wee gemaach. Grad dunn goung de Stär, dee si am Oste gesinn haten, hinne viraus, bis en iwwert där Plaz stoe bliwwen ass, wou d’Kand war.

[10] Wéi si de Stär gesinn hunn, ware si ausser sech vu Freed.

[11] Si goungen an d’Haus eran an hunn d’Kand mat senger Mamm Maria gesinn. Si sinn dunn niddergefall an hunn et ugebiet. Si hunn hir Schatztruhen opgemaach an him Kaddoe geschenkt: Gold, Weirauch a Myrrhe.

[12] An engem Dram goufe si gewarnt, net bei den Herodes zeréckzegoen. Dofir si si op engem anere Wee an hiert Land heemgaangen.

[13] Nodeems si fort waren, ass en Engel vum Här dem Jousef am Dram erschéngen a sot: „Stéi op! Huel d’Kand a seng Mamm a flücht an Ägypten. Bleif do bis ech der soen, zeréckzekommen, well den Herodes sicht gläich nom Kand, fir et ëmzebréngen.“

[14] Dunn ass de Jousef an der Nuecht opgestanen, huet d’Kand a seng Mamm geholl an ass an Ägypten geflücht.

[15] Hie blouf do bis nom Doud vum Herodes. Dat ass geschitt, fir datt dat, wat den Här duerch de Prophéit gesot huet, sech erfëlle géif: „Aus Ägypten hunn ech mäi Jong geruff.“ (Hoschea 11,1)

[16] Wéi den Herodes gemierkt huet, datt déi weis Astronomen hien erageluecht haten, gouf hie kloerrosen. Hien huet Leit fortgeschéckt, fir all d’Bouwen zu Betlehem an an der Ëmgéigend ëmzebréngen, déi zwee Joer al waren oder manner. Dat huet der Zäit entsprach, déi hie vun de weisen Astronomen erausfonnt hat.

[17] Esou huet sech dat erfëllt, wat duerch de Prophéit Yeremia gesot gouf:

[18] „Eng Stëmm war a Rama ze héieren, Trauerlidder, Kräischen an eng grouss Trauer. D’Rachel huet ëm seng Kanner gekrasch. Hatt huet sech net tréischte gelooss, well si net méi do waren.“ (Yeremia 31,15)

[19] Nodeems den Herodes gestuerwe war, ass en Engel vum Här dem Jousef an Ägypten am Dram erschéngen:

[20] „Stéi op, huel d’Kand a seng Mamm a maach dech op de Wee an d’Land Israel. Déijéineg, déi d’Kand ëmbrénge wollten, sinn nämlech gestuerwen.“

[21] De Jousef ass dunn opgestanen an huet sech zesumme mam Kand a mat deem senger Mamm op de Wee an Israel gemaach.

[22] Wéi hien awer héieren huet, datt den Archelaos aplaz vu sengem Papp Herodes iwwert Judea regéiere géif, hat hien Angscht, fir dohinner zeréckzegoen. Nodeems hien am Dram gewarnt gouf, goung hien an d’Regioun vu Galilea.

[23] Hie koum an eng Stad, déi Nazaret geheescht huet, an huet do gewunnt. Esou huet sech dat, wat duerch d’Prophéite gesot gouf, erfëllt, datt hien en Nazarener genannt gëtt. (Yesaia 11,1)

De Mattias — Chapters