Skip to content
Opens in a new window

[1] Zu där Zäit huet den Tetrarch Herodes e Bericht iwwert de Jesus héieren.

[2] Hie sot zu senge Beroder: „Hien ass bestëmmt de Jean den Deefer! Hien ass vun den Doudegen operstanen! Dofir wierken dës Muechten duerch hien.“

[3] Den Herodes hat nämlech an der Zäit de Jean verhaften, fesselen an an de Prisong geheie gelooss, wéinst der Herodias, der Fra vu sengem Brudder Philippe.

[4] De Jean hat nämlech zu him gesot gehat: „Et ass dir net erlaabt, si als Fra ze hunn!“

[5] Dofir hat den Herodes hie wëllen ëmbrénge loossen, mee hien hat Angscht virum Vollek, well et de Jean fir e Prophéit gehalen hat.

[6] Op dem Herodes senger Gebuertsdagsfeier, hat dem Herodias seng Duechter virun de Gäscht gedanzt an dem Herodes esou gutt gefall,

[7] datt hie mat engem Schwuer versprach hat, him dat ze ginn, wat hatt sech wënsche géif.

[8] Hatt war vu senger Mamm opgestëppelt ginn, zu him ze soen: „Gëff mir de Kapp vum Jean dem Deefer hei op engem Plateau!“

[9] Dat hat de Kinnek traureg gemaach, mee well hien et geschwuer hat a wéinst senge Gäscht, hat hie befuel, fir him en ze ginn.

[10] Hien hat dofir ee geschéckt, fir de Jean am Prisong ze käppen.

[11] Säi Kapp gouf op engem Plateau erabruecht an dem Meedche ginn, dat e senger Mamm bruecht hat.

[12] Dem Jean seng Jénger ware komm, fir seng Läich ofzehuelen an ze begruewen. Duerno gounge si bei de Jesus, fir him dovunner ze verzielen.

[13] Nodeems de Jesus dovunner héieren hat, ass hien an engem Naache vun do fortgefuer an huet sech eleng op eng verloosse Plaz zeréckgezunn. Mee wéi d’Leit dovunner Wand kruten, gounge si him aus de Stied zu Fouss no.

[14] Wéi de Jesus aus dem Naachen erausgeklommen ass an déi immens vill Leit gesinn huet, hat hie Matleed mat hinnen an huet hir Krank geheelt.

[15] Géint der Owend koume seng Jénger bei hien a soten: „Dat hei ass eng verloosse Plaz an et ass scho spéit. Schéck d’Leit fort, fir datt si an d’Dierfer ginn a sech selwer eppes z’iesse kafe kënnen.“

[16] De Jesus huet hinne geäntwert: „Si brauchen net fortzegoen. Gitt dir hinnen dach eppes z’iessen.“

[17] „Mir hunn nëmme fënnef Ruechte Brout an zwee Fësch“, sote si zu him.

[18] „Bréngt se bei mech“, sot hien.

[19] Dunn huet de Jesus de Leit befuel, sech an d’Gras ze setzen. Hien huet déi fënnef Ruechte Brout an zwee Fësch geholl, an den Himmel gekuckt an e Segen ausgeschwat. Hien huet d’Brout a Stécker gebrach a se de Jénger ginn, déi se de Leit ginn hunn.

[20] Jiddereen huet giess, bis e sat war. D’Jénger hunn d’Broutstécker, déi iwwereg bloufen, agesammelt. Et waren zwielef Kierf voll.

[21] D’Zuel vun deenen, déi giess haten, war ongeféier fënnefdausend Männer, ouni d’Fraen an d’Kanner matzezielen.

[22] Direkt drop huet de Jesus d’Jénger dozou opgefuerdert, an den Naachen ze klammen an him viraus un den aneren Uwänner ze segelen. An der Tëschenzäit wollt hien d’Leit fortschécken.

[23] Nodeems hien d’Leit fortgeschéckt hat, goung hien eleng op e Bierg, fir ze bieden. Owes war hien eleng um Bierg.

[24] An der Tëschenzäit war den Naache matzen um Séi an hat wéinst de Welle schwéier ze kämpfen, well Géigewand war.

[25] Tëschent dräi a sechs Auer mueres koum de Jesus bei si, andeems hien iwwert de Séi gaangen ass.

[26] Wéi d’Jénger hien um Séi goe gesinn hunn, si si erféiert a soten: „’t ass e Gespenst!“ Si hunn aus lauter Angscht Kreesch gedoen.

[27] De Jesus huet direkt mat hinne geschwat: „Hieft Courage! Ech sinn et; hieft keng Angscht!“

[28] De Péitrus huet geäntwert: „Här, wann s du et bass, da gëff mir den Uerder, fir iwwert d’Waasser bei dech ze kommen.“

[29] „Komm“, sot hien. Dunn ass de Péitrus aus dem Naache geklommen an ass iwwert d’Waasser bei de Jesus gaangen.

[30] Wéi hien de staarke Wand gesinn huet, krut hien et mat der Angscht ze dinn an huet ugefaangen ënnerzegoen. Hien huet geruff: „Här, rett mech!“

[31] Direkt huet de Jesus seng Hand ausgestreckt, de Péitrus ergraff an zu him gesot: „Du Klenggleewegen! Firwat hues du gezweiwelt?“

[32] Wéi si an den Naache geklomme sinn, huet de Wand sech geluecht.

[33] Déi, déi am Naache waren, hu sech virun him vernäipt a soten: „Du bass wierklech de Jong vu Gott!“

[34] Nodeems si eriwwergefuer waren, koume si bei Genneesaret u Land.

[35] Wéi d’Awunner vun do hien erkannt hunn, hu si Leit an déi ganz Ëmgéigend erausgeschéckt an hunn him all déi Krank bruecht.

[36] Si hunn hien ugebiedelt, fir nëmmen d’Zizit vu sengem Tallit dierfen ze beréieren. Jiddereen, dee se beréiert huet, gouf geheelt.

De Mattias — Chapters