[1] Dat hei ass den Ufank vun der gudder Noriicht vum Jesus, dem Messias, dem Jong vu Gott.
[2] Esou steet et an de Prophéite geschriwwen: „Kuck, ech schécke mäi Buet virun dir hier, deen dir däi Wee virbereet. (Malachi 3,1)
[3] Eng Stëmm rifft an der Wüst: ‚Preparéiert de Wee fir den Här, maacht seng Weeër fräi.‘“ (Yesaia 40,3)
[4] De Jean koum an d’Wüst an huet do gedeeft. Hien huet eng Daf vun der Ëmkéier fir d’Verzeiung vun de Sënne gepriedegt.
[5] D’ganzt Land Judea an d’Leit vu Jerusalem gounge bei hien. Si hunn hir Sënne bekannt a goufen alleguer vun him am Floss Jordan gedeeft.
[6] De Jean hat Kleeder aus Kaméilhoer un, e Liedersrimm ëm seng Taille an huet Heesprénger a wëllen Hunneg giess.
[7] Hien huet gepriedegt: „Et kënnt een no mir, dee méi mächteg ass ewéi ech, an ech sinn et net wäert, mech ze bécken an d’Liedersrimme vu senge Sandale lasszebannen.
[8] Ech hunn iech mat Waasser gedeeft, mee hien deeft iech mam hellege Geescht.“
[9] Zu där Zäit ass Folgendes geschitt: De Jesus koum vun Nazaret a Galilea a gouf vum Jean am Jordan gedeeft.
[10] Direkt nodeems de Jesus aus dem Waasser koum, huet hie gesinn, wéi den Himmel sech opgedoen huet an de Geescht wéi eng Dauf op hien erofkoum.
[11] Eng Stëmm koum aus dem Himmel: „Du bass mäi Jong, deen ech gär hunn; un dir hunn ech Gefale fonnt.“
[12] Direkt drop huet de Geescht de Jesus eraus an d’Wüst gedriwwen.
[13] Véierzeg Deeg laang war hien an der Wüst an de Satan huet probéiert, fir hien op d’Prouf ze stellen. Hie war bei de wëllen Déieren an d’Engelen hunn him gedéngt.
[14] Nodeems de Jean an de Prisong gehäit gi war, goung de Jesus a Galilea an huet d’gutt Noriicht vum Kinnekräich vu Gott gepriedegt.
[15] „D’Zäit ass komm“, sot hien, „d’Kinnekräich vu Gott ass nobäi. Kéiert ëm a gleeft un d’gutt Noriicht!“
[16] Wéi de Jesus laanscht de Séi vu Galilea goung, huet hie gesinn, wéi de Schimon a säi Brudder Andreas d’Netz an d’Waasser ausgeworf hunn. Si waren nämlech Fëscher.
[17] „Kommt a gitt mir no“, sot de Jesus zu hinnen. „Ech maachen iech zu Fëscher vu Mënschen.“
[18] Eenzock hu si hir Netzer verlooss a goungen him no.
[19] Wéi hie vun do aus e bësse weidergoung, huet hien de Jacques, dem Jong vum Sabdai, an de Jean, dem Jacques säi Brudder, an engem Naachen erbléckst, wéi si hir Netzer gefléckt hunn.
[20] Hien huet si direkt geruff a si hunn hire Papp, de Sabdai, zesumme mat den Doléiner am Naachen zeréckgelooss a goungen him no.
[21] Si goungen op Kapernaum an um Sabbat drop goung de Jesus an d’Synagog an huet d’Leit geléiert.
[22] Si waren iwwert seng Léier verwonnert, well hie si geléiert huet wéi een, deen Autoritéit huet, an net esou wéi d’Léiermeeschtere vum Gesetz.
[23] Et war och e Mann mat engem onrenge Geescht an hirer Synagog. Hien huet geruff:
[24] „Ha! Wat wëlls du vun eis, Jesus vun Nazaret? Bass du éiere komm, fir eis ze zerstéieren? Ech weess, wien s du bass: den Hellege vu Gott!“
[25] Mee de Jesus huet hien op d’Plaz gesat: „Sief roueg! Fuer aus him eraus!“
[26] Nodeems den onrenge Geescht hien hin an hier gerappt a mat enger haarder Stëmm gejaut hat, ass hien aus dem Mann erausgefuer.
[27] Si waren all verwonnert an hu sech ënnertenee gefrot: „Wat ass dat hei? Wat fir eng nei Léier ass dat hei? Hie befeelt esouguer den onrenge Geeschter mat Autoritéit a si follegen him.“
[28] Séier huet sech säi Ruff uechter d’ganz Géigend vu Galilea verbreet.
[29] Esoubal si d’Synagog verlooss haten, si si mam Jacques a mam Jean bei de Schimon an den Andreas heemgaangen.
[30] Dem Schimon seng Schwéiermamm louch mat Féiwer am Bett a si hunn dem Jesus direkt vun hir verzielt.
[31] Hie goung bei si, huet si mat der Hand geholl a si opgeriicht. Direkt war d’Féiwer fort a si huet hinne gedéngt.
[32] Géint der Owend, nom Sonnenënnergang, hu si all déi Krank an déi, déi vun Dämone besiess waren, bei de Jesus bruecht.
[33] D’ganz Stad hat sech virun der Dier versammelt.
[34] Hien huet vill Leit geheelt, déi u verschidde Kränkte gelidden hunn, an huet vill Dämonen ausgedriwwen. Hien huet den Dämonen net erlaabt, fir ze schwätzen, well si woussten, wien hie war.
[35] Mueres fréi, wéi et nach däischter war, stoung hien op, goung op eng verloosse Plaz an huet do gebiet.
[36] De Schimon an déi, déi bei him waren, hunn no him gesicht.
[37] Wéi si hie fonnt hunn, sote si zu him: „Jidderee sicht dech!“
[38] „Loosst eis an déi nächst Stied goen, fir datt ech och do ka priedegen“, huet hien hinne geäntwert. „Dofir sinn ech komm.“
[39] Hien huet uechter ganz Galilea an hire Synagoge gepriedegt an huet Dämonen ausgedriwwen.
[40] E Mann, dee voller Aussaz war, koum bei hien an huet hien op de Knéien ugebiedelt: „Wann s du wëlls, kanns du mech rengegen.“
[41] Voller Matleed huet de Jesus seng Hand ausgestreckt, huet hie beréiert a gesot: „Ech wëll. Sief gerengegt!“
[42] Eenzock nodeems hien dat gesot hat, huet den Aussaz hie verlooss an hie war gerengegt.
[43] De Jesus huet hien direkt mat dëser strenger Fuerderung fortgeschéckt:
[44] „Maach, datt s du kengem eppes sees! Mee géi a weis dech dem Priister. Bréng als Affer fir deng Rengegung alles, wat de Moses virgeschriwwen huet. Maach dat als Zeeche fir si.“
[45] Mee de Mann goung vun do fort an huet ugefaangen, d’Geschicht wäit a breet ze verkënnegen an ze verzielen, esou datt de Jesus net méi ëffentlech an d’Stad konnt eragoen. Hie blouf baussent der Stad op verloosse Plazen, mee d’Leit koume vun allen Himmelsrichtunge bei hien.