[1] Wéi si méi no u Jerusalem koumen, koume si zu Betfage beim Olivebierg un. De Jesus huet zwee Jénger virausgeschéckt
[2] mat dëser Uweisung: „Gitt an d’Duerf, dat virun iech läit. Soubal dir erakommt, fannt dir en Iesel, deen ugestréckt ass, mat engem Ieselsfillen. Bannt se lass a bréngt se bei mech!
[3] Wann een eppes zu iech seet, da sot: ‚Den Här brauch si.‘ Dee gëtt iech se dann direkt mat.“
[4] Esou huet sech dat erfëllt, wat duerch de Prophéit gesot gouf:
[5] „So zur Duechter vun Zion: (Yesaia 62,11) ‚Kuck! Däi Kinnek kënnt bei dech. Hien ass duuss a reit op engem Iesel, op engem Ieselsfillen, d’Fille vun engem Kéizeniesel.‘“ (Sacharia 9,9)
[6] D’Jénger goungen dohinner an hunn dat gemaach, wat de Jesus hinnen opgedroen hat.
[7] Si hunn den Iesel an d’Fille bei hie bruecht an hir Mäntel iwwert d’Déiere geluecht. De Jesus huet sech dunn op d’Mäntel gesat.
[8] Déi meescht vun de Leit hunn hir Mäntel iwwert d’Strooss ausgebreet. Anerer hunn Äscht vun de Beem ofgeschnidden an déi op der Strooss ausgebreet.
[9] D’Leit, déi virausgoungen, an déi, déi hannendru koumen, hu geruff: „Hosanna dem Jong vum David! Geseent ass deen, deen am Numm vum Här kënnt! (Psalmen 118,25-26) Hosanna am héchsten Himmel!“
[10] Wéi de Jesus a Jerusalem erakoum, ass déi ganz Stad an Opreegung geroden an d’Leit froten: „Wien ass hien?“
[11] Déi vill Leit, déi bei him waren, hu geäntwert: „Hien ass de Jesus, de Prophéit vun Nazaret a Galilea.“
[12] De Jesus goung an den Tempel vu Gott an huet jiddereen, deen am Tempel kaf a verkaf huet, erausgejot. Hien huet d’Dëscher vun deenen, déi d’Sue gewiesselt hunn, an d’Still vun den Dauwenhändler ëmgehäit.
[13] Hie sot zu hinnen: „Et steet geschriwwen: ‚Mäin Haus soll en Haus vum Gebiet genannt ginn‘, (Yesaia 56,7) ‚mee dir hutt eng Raiberhiel draus gemaach!‘“ (Yeremia 7,11)
[14] Déi Blann an déi Schlamm koume bei hien an den Tempel an hien huet si geheelt.
[15] Mee wéi déi iewescht Priister an d’Léiermeeschtere vum Gesetz d’Wonner, déi hie gemaach huet, gesinn hunn an d’Kanner héieren hunn, déi am Tempel geruff hunn: „Hosanna dem Jong vum David!“, ware si ausser sech.
[16] Si soten zum Jesus: „Héiers du, wat dës Kanner soen?“ „Jo“, sot hien zu hinnen. „Hutt dir ni gelies: ‚Aus dem Mond vu klenge Kanner a Puppelcher hues du dir Luef geschafen‘?“ (Psalmen 8,3)
[17] De Jesus huet si verlooss, goung aus der Stad op Betanien an huet do iwwernuecht.
[18] Wéi hie fréi den nächste Mueren zeréck an d’Stad goung, krut hien Honger.
[19] Laanscht dem Wee huet hien e Figebam gesinn an hie goung bei en, mee huet näischt ausser Blieder dru fonnt. Hie sot zum Bam: „Ni méi soll Uebst un dir wuessen!“ Eenzock ass de Figebam verdréchent.
[20] Wéi d’Jénger dat gesinn hunn, ware si verwonnert. „Wéi konnt de Figebam esou séier verdréchnen?“, frote si.
[21] „Ech soen iech d’Wourecht!“, huet de Jesus geäntwert. „Wann dir Glawen hutt an net zweiwelt, da maacht dir net nëmmen dat, wat mam Figebam gemaach gouf, mee och wann dir zu dësem Bierg sot: ‚Erhief dech a gehei dech an d’Mier!‘, geschitt et.
[22] Alles, wat dir am Gebiet frot, kritt dir, wann dir gleeft.“
[23] De Jesus goung an den Tempel a wéi hien am Gaang war, fir d’Leit ze léieren, koumen d’iewescht Priister an déi Eelst vum Vollek bei hien a froten hien: „Mat wat fir engem Recht méchs du dat alles? Wien huet dir dat Recht ginn?“
[24] „Ma ech stellen iech och eng Fro“, huet de Jesus geäntwert. „Wann dir mir déi beäntwert, da soen och ech iech, mat wat fir engem Recht ech dat alles maachen.
[25] Vu wiem koum dem Jean seng Daf? War se vum Himmel oder vum Mënsch?“ Si hunn ënnerteneen diskutéiert: „Wa mir soen: ‚vum Himmel‘, da freet hien eis: ‚Firwat hutt dir him dann net gegleeft?‘,
[26] mee wa mir soen: ‚vum Mënsch‘, hu mir Angscht virum Vollek, well si all de Jean fir e Prophéit halen.“
[27] Dofir hu si dem Jesus geäntwert: „Mir wëssen et net.“ „Ma da soen ech iech och net, mat wat fir engem Recht ech dat alles maachen“, sot hien zu hinnen.
[28] „Wat mengt dir? E Mann hat zwee Jongen. De Mann goung bei säin éischte Jong a sot zu him: ‚Jong, géi haut a mäi Wéngert schaffen.‘
[29] De Jong huet geäntwert: ‚Ech wëll net!‘ Spéider huet hien awer seng Meenung geännert an ass trotzdeem gaangen.
[30] De Papp goung bei den zweete Jong a sot him dat nämmlecht. Deen huet geäntwert: ‚Jo, Här, ech ginn!‘, mee ass net gaangen.
[31] Wie vun deenen zwee Bridder huet dem Papp säi Wëlle gedoen?“ „Ma den Éischten“, sote si. Doropshi sot de Jesus zu hinnen: „Ech soen iech d’Wourecht! D’Steierandreiwer an d’Houere gi virun iech an d’Kinnekräich vu Gott eran!
[32] De Jean koum nämlech um gerechte Wee bei iech an dir hutt him net gegleeft. D’Steierandreiwer an d’Houeren hunn him awer gegleeft. Mee esouguer wéi dir dat gesinn hat, hutt dir är Meenung net geännert an him gegleeft.
[33] Lauschtert nach en anert Gläichnes: Et gouf en Härebauer, deen e Wéngert ugeluecht huet. Hien huet en Zonk ronderëm gezunn, e Kelter dra gegruewen an en Tuerm gebaut. Dunn huet hien de Wéngert u Wënzer verpacht a goung an d’Ausland.
[34] Wéi d’Zäit vun der Lies méi no koum, huet den Härebauer seng Dénger bei d’Wënzer geschéckt, fir säin Ertrag ze kréien.
[35] D’Wënzer hunn awer seng Dénger ergraff, hunn een zerschloen, een aneren ëmbruecht an nach een anere gestengegt.
[36] Den Härebauer huet dunn aner Dénger geschéckt an zwar méi wéi déi éischte Kéier. D’Wënzer si geneesou mat hinne verfuer, wéi mat den éischten.
[37] Schlussendlech huet den Härebauer säi Jong geschéckt, well hie sech duecht: ‚Mäi Jong respektéiere si bestëmmt.‘
[38] Mee wéi d’Wënzer säi Jong gesinn hunn, sote si een zum aneren: ‚Deen do ass den Ierwen. Kommt, mir bréngen hien ëm, da kréie mir d’Ierfschaft.‘
[39] Dunn hu si hien ergraff, aus dem Wéngert gehäit an ëmbruecht.
[40] Wann de Besëtzer vum Wéngert zeréckkënnt, wat mécht hien da wuel mat deene Wënzer?“
[41] Si hunn him geäntwert: „Deene Béise mécht hien e béist Enn a säi Wéngert verpacht hien un aner Wënzer, déi him den Ertrag zur Zäit vun der Lies ofliwweren.“
[42] De Jesus sot zu hinnen: „Hutt dir ni an der Schrëft gelies: ‚De Steen, deen d’Steemetzer verworf hunn, ass zum Eckstee ginn. Dat huet den Här gemaach an et ass wonnerbar an eisen Aen‘? (Psalmen 118,22-23)
[43] Dofir soen ech iech, datt d’Kinnekräich vu Gott iech ewechgeholl gëtt an et gëtt un e Vollek ginn, dat d’Friichte vum Räich dréit.
[44] Wien op dëse Stee fält, zerbrécht; mee op wien dëse Stee fält, gëtt zersplittert.“
[45] Wéi d’iewescht Priister an d’Pharisäer seng Gläichnesser héieren hunn, hu si verstanen, datt hie vun hinne geschwat huet.
[46] Si wollten de Jesus festhuelen, mee si haten Angscht virun de Leit, well déi de Jesus fir e Prophéit gehalen hunn.