Skip to content
Opens in a new window

[1] D’Pharisäer an d’Zaddukiter koume bei de Jesus, fir hien op d’Prouf ze stellen. Si hunn hie gefrot, fir hinnen en Zeeche vum Himmel ze weisen.

[2] Hien huet hinnen du geäntwert: „Beim Sonnenënnergang sot dir: ‚D’Wieder gëtt muer gutt, well den Himmel feierrout ass.‘

[3] Mueres sot dir: ‚Haut gëtt et stiermesch, well den Himmel feierrout a bedeckt ass.‘ Heuchler! Dir wësst d’Ausgesi vum Himmel ze deiten, mee d’Zeeche vun den Zäite kënnt dir net deiten!

[4] Eng béis an ontrei Generatioun sicht no engem Zeechen, mee si kritt keen Zeechen, ausser dem Zeeche vum Prophéit Yona.“ De Jesus huet si verlooss a goung vun do fort.

[5] Seng Jénger koumen um aneren Uwänner un, mee si hate vergiess, fir Brout matzehuelen.

[6] „Gitt uecht!“, sot de Jesus zu hinnen. „Hitt iech virum Deessem vun de Pharisäer an den Zaddukiter!“

[7] „Hie sot dat, well mir kee Brout matbruecht hunn“, hu si ënnerteneen diskutéiert.

[8] De Jesus krut hir Diskussioun mat a sot: „Dir Klenggleeweg! Firwat diskutéiert dir ënnerteneen, datt dir kee Brout hutt?

[9] Verstitt dir nach ëmmer näischt? Erënnert dir iech net un déi fënnef Ruechte Brout fir déi fënnefdausend a wéi vill Kierf voll dir duerno agesammelt hat?

[10] Oder un déi siwe Brout fir déi véierdausend a wéi vill Kierf voll dir duerno agesammelt hat?

[11] Wéi kënnt dir da nëmme mengen, datt ech iech vu Brout geschwat hunn? Hitt iech virum Deessem vun de Pharisäer an den Zaddukiter!“

[12] Dunn hu si verstanen, datt hien hinnen net gesot hat, op den Deessem am Brout uecht ze ginn, mee op d’Léier vun de Pharisäer an den Zaddukiter.

[13] Wéi de Jesus an d’Géigend vun Caesarea Philippi koum, frot hie seng Jénger: „Wie soen d’Leit, datt ech, de Jong vum Mënsch, sinn?“

[14] Si hu geäntwert: „Déi eng soen, de Jean den Deefer, anerer den Elia, anerer de Yeremia oder ee vun de Prophéiten.“

[15] „An dir, wie sot dir, datt ech sinn?“, frot hie si.

[16] De Schimon-Péitrus huet geäntwert: „Du bass de Messias, de Jong vum liewege Gott.“

[17] „Schimon Bar Yona, du bass geseent!“, huet de Jesus him geäntwert. „Dat gouf dir nämlech net duerch e Mënsch gewisen, mee duerch mäi Papp am Himmel.

[18] Ech soen dir: Du bass de Péitrus, e Fiels, an op dësem feste Grond bauen ech meng Gemeinschaft. D’Paarte vum Hades iwwerwältege se net.

[19] Ech ginn dir d’Schlëssele vum Kinnekräich vum Himmel: Wat s du hei op der Äerd verbitts, gëtt am Himmel verbueden a wat s du hei op der Äerd erlaabs, gëtt am Himmel erlaabt.“

[20] Dunn huet hie senge Jénger opgedroen, kengem z’erzielen, datt hien de Messias wier.

[21] Vun do un huet de Jesus ugefaangen, senge Jénger z’erklären, datt hien op Jerusalem misst goen, vill misst duerch déi Eelst, déi iewescht Priister an d’Léiermeeschtere vum Gesetz leiden, datt hien ëmbruecht an um drëtten Dag operwächt géif ginn.

[22] Dunn huet de Péitrus hien op d’Säit geholl an ugefaangen, hien zurechtzeweisen: „Gott soll dech schützen, Här! Dat wäert dir net geschéien!“

[23] Mee de Jesus huet sech ëmgedréit a sot zum Péitrus: „Géi mir aus den Aen, Satan! Du stees mir am Wee! Du hues nämlech net dat am Sënn, wat Gott wëllt, mee wat de Mënsch wëllt.“

[24] Du sot de Jesus zu senge Jénger: „Wie mir nogoe wëllt, dee muss sech selwer verleegnen, säi Kräiz op sech huelen a mir nogoen.

[25] Wie säi Liewe rette wëllt, verléiert et; mee wie säi Liewe wéinst menger verléiert, fënnt et.

[26] Wat bréngt et engem Mënsch, d’ganz Welt ze gewannen, mee säi Liewen anzebéissen? Wat kéint e Mënsch als Tosch fir säi Liewe ginn?

[27] De Jong vum Mënsch kënnt nämlech an der Herrlechkeet vu sengem Papp mat sengen Engelen. Da bezilt hien all Mënsch opgrond vu sengen Doten zeréck.

[28] Ech soen iech d’Wourecht: Hei sti verschidde Leit, déi net stierwen, bis si de Jong vum Mënsch a sengem Kinnekräich komme gesinn.“

De Mattias — Chapters