Skip to content
Opens in a new window

[1] Zu där Zäit ass d’Kinnekräich vum Himmel esou wéi zéng Jongfraen, déi hir Luuchte geholl hunn an erausgoungen, fir dem Bräitchemann entgéintzegoen.

[2] Fënnef vun hinne ware weis a fënnef waren topeg.

[3] Déi Topeg hunn hir Luuchte matgeholl, mee ouni Ueleg.

[4] Déi Weis awer hunn Fläsche mat Ueleg zesumme mat hire Luuchte matgeholl.

[5] De Bräitchemann huet awer op sech waarde gelooss an d’Jongfrae sinn all midd ginn a sinn ageschlof.

[6] Ëm Mëtternuecht gouf geruff: ‚Kuckt! De Bräitchemann kënnt! Kommt eraus a gitt him entgéint!‘

[7] Du sinn all d’Jongfraen opgestanen an hunn d’Wicke vun hire Luuchte geschnidden.

[8] Déi Topeg soten zu de Weisen: ‚Gitt eis vun ärem Ueleg mat, well eis Luuchte ausginn.‘

[9] Déi Weis hunn awer geäntwert: ‚Nee, et ass nämlech net genuch fir eis all do. Gitt dir dach bei d’Ueleghändler a kaaft iech es selwer.‘

[10] Wéi si fort waren, fir Ueleg ze kafen, koum de Bräitchemann un. Déi Jongfraen, déi prett waren, gounge mat him op d’Hochzäitsfeier an d’Dier gouf zougemaach.

[11] Duerno koumen déi aner Jongfraen un a soten: ‚Här, Här! Maach eis dach d’Dier op!‘

[12] De Bräitchemann huet hinnen awer geäntwert: ‚Ech soen iech d’Wourecht! Ech kennen iech net!‘

[13] Gitt also uecht, dir kennt nämlech weder d’Stonn nach den Dag, op deem de Jong vum Mënsch kënnt.

[14] D’Kinnekräich vum Himmel ass ewéi e Mann, deen op eng Rees geet. Deen huet seng Dénger zesummegeruff an huet hinne säi Verméigen uvertraut.

[15] Deem engen Dénger huet hie fënnef Talantone ginn, deem aneren der zwee an nach engem just een. Jidderee krut Talantone opgrond vun deem, wat hie maache konnt. Gläich drop ass de Mann op seng Rees gaangen.

[16] Dunn huet deen Dénger, dee fënnef Talantone krut, seng Sue schaffe gedoen an huet der nach fënnef dobäi verdéngt.

[17] Geneesou huet och deen, deen zwee Talantone krut, der zwee dobäi verdéngt.

[18] Mee deen, deen nëmmen een Talanton krut, ass higaangen an huet e Lach an de Buedem gegruewen, fir sengem Meeschter seng Suen dran ze verstoppen.

[19] No enger laanger Zäit koum de Meeschter vun den Dénger heem an huet d’Konte mat hinne gemaach.

[20] Deen Dénger, dee fënnef Talantone krut, koum bei de Meeschter an huet fënnef weider Talantone matbruecht. Hie sot: ‚Meeschter, du has mir fënnef Talantonen uvertraut. Kuck! Ech hu fënnef Talantonen dobäi verdéngt.‘

[21] Säi Meeschter huet him geäntwert: ‚Gutt gemaach, du gudden an treien Dénger! Du waars trei mat wéinegem, dofir setzen ech dech iwwert villes. Komm a free dech mat dengem Meeschter!‘

[22] Du koum deen Dénger, deen zwee Talantone krut, bei hien a sot: ‚Meeschter, du has mir zwee Talantonen uvertraut. Kuck! Ech hunn zwee Talantonen dobäi verdéngt.‘

[23] Säi Meeschter huet him geäntwert: ‚Gutt gemaach, du gudden an treien Dénger! Du waars trei mat wéinegem, dofir setzen ech dech iwwert villes. Komm a free dech mat dengem Meeschter!‘

[24] Deen Dénger, deen nëmmen een Talanton krut, koum bei hien a sot: ‚Meeschter, ech wousst, datt s du en haarde Mann bass. Du hëls do eran, wou s du net geséit hues, a sammels do, wou s du net gestreet hues.

[25] Ech hat Angscht an dowéinst sinn ech higaangen an hunn däin Talanton am Buedem verstoppt. Kuck! Hei ass den Talanton, deen dir gehéiert.‘

[26] Säi Meeschter huet him geäntwert: ‚Du béisen a lidderegen Dénger! Du wousst, datt ech do eranhuelen, wou ech net geséit hunn, an datt ech do sammelen, wou ech net gestreet hunn.

[27] Du häss wéinstens meng Suen op d’Bank droe kënnen. Wann ech erëmkomm wier, dann hätt ech meng Sue mat Zënse kéinten erëmkréien.

[28] Huelt him den Talanton ewech a gitt en deem, deen déi zéng Talantonen huet!

[29] Jiddereen, deen huet, kritt nach méi. Mee wien net huet, kritt esouguer dat, wat hien huet, ewechgeholl.

[30] Geheit deen onnëtzen Dénger an déi baussecht Däischtert. Do gëtt gekrasch a mat den Zänn gegrätscht.‘

[31] Wann de Jong vum Mënsch a senger Herrlechkeet kënnt an all déi helleg Engele mat him, da sëtzt hien op sengem herrlechen Troun.

[32] All d’Vëlker gi virun hie bruecht an hien trennt ee Vollek vun deem aneren, esou wéi e Schéifer d’Schof vun de Geessen trennt.

[33] D’Schof stellt hien zu senger Rietser an d’Geessen zu senger Lénker.

[34] Da seet de Kinnek zu deenen zu senger Rietser: ‚Kommt! Dir sidd vu mengem Papp geseent. Ierft d’Kinnekräich, dat virun der Grënnung vun der Welt fir iech virbereet gouf.

[35] Ech hat nämlech Honger an dir hutt mir z’iesse ginn. Ech hat Duuscht an dir hutt mir ze drénke ginn. Ech war e Friemen an dir hutt mech bei iech opgeholl.

[36] Ech hu Gezei gebraucht an dir hutt mir es ginn. Ech war krank an dir hutt no mir gekuckt. Ech war am Prisong an dir hutt mech besicht.‘

[37] Dann äntweren déi Gerecht him: ‚Här, wéini hu mir dech hongereg gesinn an dir z’iesse ginn oder dech duuschtereg gesinn an dir ze drénke ginn?

[38] Wéini hu mir dech als Frieme gesinn an dech bei eis opgeholl oder dech ouni Gezei gesinn an dech gekleet?

[39] Wéini hu mir dech krank oder am Prisong gesinn a mir sinn dech besiche komm?‘

[40] De Kinnek äntwert hinnen: ‚Ech soen iech d’Wourecht: Dat, wat dir fir dee mannste vu menge Bridder gemaach hutt, hutt dir fir mech gemaach!‘

[41] Da seet hien zu deenen zu senger Lénker: ‚Verloosst mech! Dir sidd verflucht! Gitt an dat éiwegt Feier, dat fir den Däiwel a seng Engele virbereet gouf.

[42] Ech hat nämlech Honger an dir hutt mir näischt z’iesse ginn. Ech hat Duuscht an dir hutt mir näischt ze drénke ginn.

[43] Ech war e Friemen an dir hutt mech net bei iech opgeholl. Ech hu Gezei gebraucht an dir hutt mir näischt ginn. Ech war krank an am Prisong an dir hutt net no mir gekuckt.‘

[44] Dann äntwere si: ‚Här, wéini hu mir dech hongereg, duuschtereg, als Friemen, ouni Gezei, krank oder am Prisong gesinn a mir hunn net no dir gekuckt?‘

[45] Zu där Zäit äntwert hien hinnen: ‚Ech soen iech d’Wourecht: Dat, wat dir net fir ee vun de mannste vu menge Bridder gemaach hutt, hutt dir net fir mech gemaach!‘

[46] Déi zu senger Lénker ginn an déi éiweg Bestrofung, déi Gerecht ginn awer an d’éiwegt Liewen.“

De Mattias — Chapters