Skip to content
Opens in a new window

[1] Nodeems de Jesus mat senger Léier fäerdeg war, sot hien zu senge Jénger:

[2] „Wéi dir wësst, ass an zwee Deeg Passa. Da gëtt de Jong vum Mënsch ausgeliwwert, fir gekräizegt ze ginn.“

[3] Duerno hunn déi iewescht Priister, d’Léiermeeschtere vum Gesetz an déi Eelst vum Vollek sech am Palais vum Haaptpriister, dee Kayafa geheescht huet, versammelt.

[4] Si hu sech beroden, fir de Jesus hannerlëschteg festzehuelen an ëmzebréngen.

[5] „Mee net während dem Fest“, sote si, „soss kéint et zu enger Oprou ënnert dem Vollek kommen.“

[6] De Jesus war zu Betanien beim Schimon, deen Aussaz gehat hat, doheem, wéi

[7] eng Fra bei hie koum. Si hat eng Alabasterfläsch mat ganz deierer Essenz dobäi an huet se dem Jesus iwwert säi Kapp geschott, während hie bei Dësch war.

[8] Wéi d’Jénger dat gesinn hunn, ware si ausser sech. „Wat e Verbëtz!“, sote si.

[9] „Dës Essenz hätt kënne fir en deiere Präis verkaf ginn an d’Suen un déi Aarm gespent ginn.“

[10] De Jesus, deen awer wousst, wat lass wier, sot zu hinnen: „Firwat kränkt dir dës Fra? Si huet eng gutt Dot fir mech gemaach!

[11] Déi Aarm hutt dir ëmmer ëm iech, mech awer hutt dir net ëmmer bei iech.

[12] Wéi si dës Essenz iwwert mäi Kierper geschott huet, huet si dat gemaach, fir mech op mäi Begriefnes virzebereeden.

[13] Ech soen iech d’Wourecht! Iwwerall, wou op dëser Welt dës gutt Noriicht verkënnegt gëtt, gëtt och vun deem verzielt, wat dës Fra gemaach huet als Erënnerung u si.“

[14] Du goung ee vun den Zwielef (deen, dee Judas Ischkariot geheescht huet) bei d’iewescht Priister.

[15] „Wat wiert dir bereet, mir ze ginn, wann ech de Jesus un iech verroden?“, frot hie si. Si hunn drësseg Sëlwermënzen als Bezuelung mat him ausgemaach.

[16] Vun deem Moment un huet de Judas no enger giedlecher Geleeënheet gesicht, fir de Jesus ze verroden.

[17] Um éischten Dag vum Fest vum Matzebrout koumen d’Jénger bei de Jesus a froten hien: „Wou wëlls du, datt mir d’Passamoolzecht fir dech virbereeden?“

[18] „Gitt an d’Stad bei e Mann“, huet hie geäntwert. „Sot zu him: ‚De Léiermeeschter seet: „Meng Zäit ass nobäi. Ech feieren d’Passa mat menge Jénger an dengem Haus.“‘“

[19] D’Jénger hunn dat gemaach, wat de Jesus hinnen opgedroen hat. Si hunn d’Passamoolzecht virbereet.

[20] Owes war de Jesus mat den Zwielef bei Dësch.

[21] Während si giess hunn, sot hien: „Ech soen iech d’Wourecht: Ee vun iech verréit mech!“

[22] Du goufe si ganz traureg a jiddereen huet ugefaangen, hien ze froen: „Dach net ech, Här?“

[23] Hien huet geäntwert: „Deen, dee seng Hand mat mir zesummen an d’Schossel gezappt huet, verréit mech.

[24] De Jong vum Mënsch geet fort, esou wéi et iwwert hie geschriwwe steet, mee wéi schrecklech ass et fir dee Mënsch, duerch deen de Jong vum Mënsch verrode gëtt! Et wier besser fir hie gewiescht, wann hien ni gebuer gi wier.“

[25] Du frot de Judas, deen hie verrode géif: „Dach net ech, Rabbi?“ „Dach, du sos et“, sot de Jesus zu him.

[26] Während dem Iessen, huet de Jesus d’Brout geholl, dofir Merci gesot an et gebrach. Hien huet et de Jénger ginn a sot: „Huelt! Iesst! Dat hei ass mäi Läif.“

[27] Hien huet de Kellech geholl an nodeems hie Merci gesot hat, huet hien hinnen e ginn. Hie sot: „Drénkt all dovunner!

[28] Dat hei ass mäi Blutt, dat vum neie Bond, dat fir vill Leit fir d’Verzeiung vun de Sënnen ausgeschott gëtt.

[29] Ech soen iech, datt ech net méi vun de Friichte vum Riefstack drénke bis deen Dag, op deem ech neie Wäin mat iech a mengem Papp sengem Kinnekräich drénken.“

[30] Nodeems si Psalme gesongen haten, gounge si op den Olivebierg.

[31] Du sot de Jesus zu hinnen: „Dës Nuecht verloosst dir mech all. Et steet nämlech geschriwwen: ‚Ech schloen de Schéifer an d’Schof aus der Häerd gi verspreet.‘ (Sacharia 13,7)

[32] No menger Operstéiung ginn ech iech viraus a Galilea.“

[33] „Och wa jiddereen dech verléisst, verloossen ech dech awer ni!“, huet de Péitrus him geäntwert.

[34] „Ech soen dir d’Wourecht“, sot de Jesus zu him, „nach dës Nuecht, éier den Hunn kréit, verleegens du mech dräimol.“

[35] De Péitrus sot dunn zu him: „A wann ech och mat dir stierwe misst, verleegnen ech dech net.“ All d’Jénger hunn dat nämmlecht gesot.

[36] Du goung de Jesus mat hinnen op eng Plaz, déi Getsemani geheescht huet, an hie sot zu de Jénger: „Setzt iech heihin, während ech dohanne biede ginn.“

[37] Hien huet de Péitrus an dem Sabdai seng zwee Jonge mat sech geholl. Hie gouf traureg a bedréckt.

[38] „Meng Séil ass zu Doud traureg. Bleift hei a waacht mat mir!“, sot de Jesus zu hinnen.

[39] Hie goung e bësse méi wäit ewech, huet sech mam Gesiicht dem Buedem zou higestreckt a gebiet: „Mäi Papp, wann et méiglech ass, da looss dëse Kellech u mir erlaanscht goen. Mee net dat, wat ech wëll, mee dat, wat s du wëlls!“

[40] Hie koum bei d’Jénger hannescht an huet si am Schlof virfonnt. Zum Péitrus sot hien: „Konnts du mol net eng Stonn mat mir waachen?

[41] Waacht a biet, datt dir net a Versuchung gerot! De Geescht ass wëlleg, mee de Kierper ass schwaach.“

[42] Hie goung eng zweete Kéier fort an huet gebiet: „Mäi Papp, wann dëse Kellech net viru mir erlaanscht ka goen, et sief dann ech drénken draus, da soll däi Wëlle geschéien.“

[43] De Jesus koum bei d’Jénger hannescht an huet si nees am Schlof virfonnt, well si hir Aen net ophale konnten.

[44] Hien huet si nees do zeréckgelooss a goung fort, fir nach eng drëtte Kéier mat deenen nämmlechte Wierder ze bieden.

[45] Du koum hien hannescht bei seng Jénger a sot zu hinnen: „Schlooft a rascht herno! Passt op! D’Zäit ass komm. Elo gëtt de Jong vum Mënsch an d’Hänn vu Sënner ausgeliwwert.

[46] Stitt op a loosst eis goen! Kuckt, mäi Verréider ass nobäi!“

[47] Nach an deem Abléck, an deem de Jesus geschwat huet, koum de Judas, ee vun den Zwielef, bei hien. Et waren eng Abberzuel Leit bei him, déi Schwäerter a Knëppelen dobäi haten an déi vun den ieweschte Priister an den Eelste vum Vollek geschéckt goufen.

[48] Säi Verréider hat mat hinnen en Zeechen ofgemaach: „Deen, deem ech eng Bees ginn, ass deen, deen dir ergräife sollt.“

[49] De Judas goung dunn direkt op de Jesus duer a sot zu him: „Moien, Rabbi!“, an huet him eng Bees ginn.

[50] „Frënd, firwat bass du heihinner komm?“, frot de Jesus hien. Du koumen déi aner no vir an hunn Hand un de Jesus geluecht an hie festgeholl.

[51] Op eemol huet ee vun deenen, déi beim Jesus waren, seng Hand ausgestreckt a säi Schwäert erausgezunn. Hien huet en Dénger vum Haaptpriister ugegraff an him d’Ouer erofgehaen.

[52] „Stiech däi Schwäert hannescht!“, sot de Jesus. „Jiddereen, deen d’Schwäert erauszitt, stierft duerch d’Schwäert.

[53] Mengs du net, datt ech mäi Papp elo froe kéint an hie géif mir direkt méi wéi zwielef Legiounen Engelen zur Verfügung stellen?

[54] Mee wéi kéinten d’Schrëften dann erfëllt ginn, déi soen, datt dat hei geschéie muss?“

[55] An deem Moment sot de Jesus zu de Leit: „Sidd dir géint mech ausgezunn, wéi wann ech e Brigang wier, fir mech mat Schwäerter a Knëppele festzehuelen? Ech war all Dag bei iech am Tempel a souz do, fir d’Leit ze léieren an dir hutt mech net festgeholl.

[56] Alles dat ass geschitt, fir datt dat, wat d’Prophéite geschriwwen hunn, an Erfëllung geet.“ Doropshin hunn all seng Jénger hie verlooss a si geflücht.

[57] Déi, déi de Jesus verhaft haten, hunn hie bei de Kayafa, den Haaptpriister, geféiert. Do haten d’Léiermeeschtere vum Gesetz an déi Eelst sech och versammelt.

[58] De Péitrus goung him vu wäitem no a koum bis bei den Haff vum Haaptpriister. Hie goung do eran an huet sech bei d’Tempelwiechter gesat, fir op den Ausgang vun der Affär ze waarden.

[59] Déi iewescht Priister, déi Eelst an de ganze Sanhedrin hunn no falschen Zeienaussoe géint de Jesus gesicht, fir him d’Doudesstrof kënnen unzehänken.

[60] Si konnten awer keng fannen, och wa vill falsch Zeien no vir koumen. Schlussendlech koumen der zwee no vir,

[61] déi soten: „Dee Mann do sot: ‚Ech kann den Tempel vu Gott zerstéieren an e bannent dräi Deeg nees opbauen.‘“

[62] Den Haaptpriister ass opgestanen a sot zum Jesus: „Hues du näischt dozou ze soen? Wat ass mat deem, wat dës Männer géint dech bezeien?“

[63] De Jesus huet näischt gesot. Den Haaptpriister sot doropshin zu him: „Ech beschwieren dech beim liewege Gott: So eis, ob s du de Messias bass, de Jong vu Gott!“

[64] De Jesus huet him geäntwert: „Jo, du sos et. Mee ech soen iech: Vun elo u gesitt dir de Jong vum Mënsch zur Rietser vun der Muecht sëtzen an hie kënnt op de Wolleke vum Himmel.“

[65] Dunn huet den Haaptpriister seng Kleeder zerrappt a sot: „Hie lästert Gott! Firwat brauche mir do nach Zeien? Dir hutt seng Gotteslästerung héieren!

[66] Wat mengt dir?“ „Hien huet d’Doudesstrof verdéngt!“, hu si geäntwert.

[67] Dunn hu si him an d’Gesiicht gespaut an hien zerschloen. Anerer hunn hien op de Bak gehaen.

[68] Si soten: „Prophezei dach fir eis, Messias! Wien huet dech geschloen?“

[69] De Péitrus souz baussen am Haff. Eng Mod koum op hien duer a sot: „Du waars och beim Jesus vu Galilea.“

[70] Hien huet dat awer viru jidderengem geleegent: „Ech weess net, vu wat s du schwätz!“

[71] Wéi hie bei d’Paart goung, huet eng aner Mod hie gesinn a sot zu deenen, déi ronderëm stoungen: „Dëse Mann war beim Jesus vun Nazaret.“

[72] Nees huet hien et geleegent, dës Kéier mat engem Schwuer: „Ech kennen dee Mann net!“

[73] Kuerz drop koumen déi, déi do stoungen, bei de Péitrus a soten zu him: „Kloer bass du ee vun deenen! Däin Accent verréit dech!“

[74] Dunn huet hien ugefaangen, sech ze verfluchen, an huet geschwuer: „Ech kennen dee Mann net!“ Nach am nämmlechten Abléck huet en Hunn gekréit.

[75] De Péitrus huet sech un dat erënnert, wat de Jesus zu him gesot hat: „Éier den Hunn kréit, verleegens du mech dräimol.“ Du goung de Péitrus eraus an huet batter Tréine gekrasch.

De Mattias — Chapters