Skip to content
Opens in a new window

[1] Wéi de Jesus fäerdeg war, fir sengen zwielef Jénger Uweisungen ze ginn, goung hie vun do fort, fir an hire Stied z’enseignéieren an ze priedegen.

[2] Wéi de Jean am Prisong vum Messias senge Wierker héieren huet, huet hien zwee vu senge Jénger bei hie geschéckt,

[3] fir hien ze froen: „Bass du deen, dee komme soll, oder solle mir op en anere waarden?“

[4] De Jesus huet hinne geäntwert: „Gitt bei de Jean a verzielt him vun deem, wat dir héiert a gesitt:

[5] Déi Blann gesinn, déi Schlamm ginn, déi Aussätzeg gi gerengegt, déi Daf héieren, déi Doudeg ginn nees lieweg an déi Aarm kréien d’gutt Noriicht gepriedegt.

[6] Geseent ass deen, dee keen Ustouss u mir hëlt.“

[7] Wéi déi zwee fortgoungen, huet de Jesus ugefaangen, mat de Leit iwwert de Jean ze schwätzen: „Wat sidd dir an d’Wüst kucke gaangen? Eng Lëtsch, déi vum Wand hin an hier geblose gëtt?

[8] Oder wat sidd dir soss kucke gaangen? E Mann mat deiere Kleeder? Nee! Déi, déi deier Kleeder droen, wunnen an Haiser vu Kinneken!

[9] Oder wat sidd dir soss kucke gaangen? E Prophéit? Jo, ech soen iech, een, dee vill méi ass wéi e Prophéit.

[10] Hien ass deen, iwwert dee geschriwwe steet: ‚Kuck, ech schécke mäi Buet virun dir hier, deen dir däi Wee virbereet.‘ (Malachi 3,1)

[11] Ech soen iech d’Wourecht: Vun all deenen, déi vu Frae gebuer goufen, gëtt et kee méi e Wichtegen, wéi de Jean den Deefer! Mee deen Onwichtegsten am Kinnekräich vum Himmel ass méi wichteg wéi hien.

[12] Zënter der Zäit vum Jean dem Deefer bis elo, drécken d’Leit sech an d’Kinnekräich vum Himmel eran an déi, déi sech erandrécken, ergräifen et.

[13] All d’Prophéiten an d’Gesetz hu bis hin zum Jean prophezeit.

[14] Wann dir et unhuele wëllt: Hien ass den Elia, dee komme soll.

[15] Wien Oueren huet, fir ze lauschteren, soll nolauschteren!

[16] Mat wiem soll ech dës Generatioun vergläichen? Si ass ewéi Kanner, déi op de Maartplaze sëtzen an een deem aneren zouruffen:

[17] ‚Mir hu fir iech Flütt gespillt an dir hutt net gedanzt; mir hu fir iech Trauerlidder gesongen an dir hutt net getrauert.‘

[18] De Jean koum an huet weder giess nach gedronk a si soen: ‚Hien huet en Dämon a sech!‘

[19] De Jong vum Mënsch koum an huet giess a gedronk a si soen: ‚Kuckt iech deen emol un! E Fréisser an e Sëffer, e Frënd vu Steierandreiwer a vu Sënner!‘ Mee alleguer déi, déi der Wäisheet noginn, weisen, datt si richteg ass.“

[20] Dunn huet hien ugefaangen, déi Stied zurechtzeweisen, wou déi Meescht vu senge mächtegen Dote gemaach goufen, well si net ëmgekéiert sinn.

[21] „Wéi schrecklech ass et fir dech, Korasin! Wéi schrecklech ass et fir dech, Betsaida! Wann déi mächteg Doten, déi bei dir gemaach goufen, zu Tyr an zu Zidon gemaach gi wieren, da wiere si scho laang a Säck an Äschen ëmgekéiert.

[22] Ech soen iech, fir Tyr an Zidon ass et um Dag vum Geriicht besser auszehale wéi fir iech.

[23] Du, Kapernaum, dat s du bis an den Himmel gehuewe goufs, gëss bis an den Hades erofgestouss. Wann déi mächteg Doten, déi bei dir gemaach goufen, zu Sodom gemaach gi wieren, da géif Sodom haut nach bestoen.

[24] Ech soen iech, fir d’Land Sodom ass et um Dag vum Geriicht besser auszehale wéi fir dech.“

[25] Zu där Zäit sot de Jesus: „Ech luewen dech Papp, Här vun Himmel an Äerd, well s du dat alles virun de Weisen a Gescheite verstoppt hues an et klenge Kanner gewisen hues.

[26] Jo, Papp, esou huet et dir gefall.

[27] Mäi Papp huet mir alles iwwerginn. Et kennt keen de Jong, ausser dem Papp, an et kennt och keen de Papp, ausser dem Jong an deem, deem de Jong de Papp weise wëllt.

[28] Kommt bei mech, all dir, déi dir iech plot a schwéier Laaschten drot! Ech ginn iech Rou.

[29] Huelt mäi Jach op iech a léiert vu mir, well ech vun Häerzen duuss an damiddeg sinn. Da fannt dir Rou fir är Séilen.

[30] Mäi Jach ass nämlech einfach ze droen a meng Laascht ass liicht ze zéien.“

De Mattias — Chapters