Skip to content
Opens in a new window

[1] Fréi um nächste Mueren hunn d’iewescht Priister an déi Eelst vum Vollek zesumme beschloss, fir de Jesus ëmzebréngen.

[2] Si hunn hie gefesselt, fortgeféiert an un de Gouverneur Pontius Pilatus iwwerginn.

[3] Wéi de Judas, deen de Jesus verroden hat, gesinn huet, datt de Jesus veruerteelt gouf, huet hie seng Dot bereit an huet déi drësseg Sëlwermënze bei d’iewescht Priister an déi Eelst bruecht.

[4] „Ech hu gesënnegt, well ech en onschëllege Mann dem Doud ausgeliwwert hunn“, sot hien. „Wat geet eis dat un? Dat ass däi Problem!“, sote si.

[5] De Judas huet dunn d’Sëlwermënzen am Tempel op de Buedem gehäit an huet si verlooss. Hie goung fort an huet sech erhaangen.

[6] D’iewescht Priister hunn d’Sëlwermënzen opgeraf a soten: „Laut dem Gesetz däerfe mir dës Mënzen net an den Afferstack vum Tempel leeën, well se d’Ausbezuelung fir e Mord sinn.“

[7] (Si hu sech dofir entscheet, mat de Mënzen en Aker vum Aulebäcker ze kafen, fir d’Auslänner do begruewen ze kënnen.

[8] Dofir gëtt den Aker bis haut Bluttaker genannt.

[9] Esou huet sech dat erfëllt, wat duerch de Prophéit Yeremia gesot gouf: „Si hunn déi drësseg Sëlwermënze geholl, de Präis, deen hien dem Vollek Israel wäert war,

[10] an hu se gebraucht, fir en Aker vum Aulebäcker ze kafen, esou wéi den Här mir opgedroen hat.“ (Yeremia 32,6-9; Sacharia 11,12-13))

[11] An der Tëschenzäit stoung de Jesus virum Gouverneur. „Bass du de Kinnek vun de Judden?“, frot de Gouverneur hien. „Du sees et“, huet de Jesus geäntwert.

[12] Wéi hie vun den ieweschte Priister an den Eelsten ugeklot gouf, huet hie keng Äntwert ginn.

[13] Du frot de Pilatus hien: „Héiers du net wéi vill Beschëllegunge géint dech bruecht ginn?“

[14] Mee de Jesus huet kee Wuert geäntwert, wat de Gouverneur ganz verwonnert huet.

[15] Um Fest war et dem Gouverneur seng Gewunnecht, fir dem Vollek ee Prisonéier, dee si auswiele konnten, fräizeloossen.

[16] Zu där Zäit war grad en notoresche Prisonéier am Prisong, dee Bar-Abba geheescht huet.

[17] Wéi d’Vollek sech versammelt hat, frot de Pilatus si: „Wie wëllt dir, datt ech fir iech fräiloossen: de Bar-Abba oder de Jesus, deen de Messias genannt gëtt?“

[18] De Pilatus wousst nämlech, datt si de Jesus aus Näid un hien ausgeliwwert haten.

[19] Wéi de Pilatus um Riichterstull souz, huet seng Fra him e Message schécke gelooss, dee sot: „Looss d’Hänn vun dësem onschëllege Mann. Ech hunn haut an engem Dram wéinst senger schrecklech gelidden.“

[20] D’iewescht Priister an déi Eelst hunn d’Vollek dozou iwwerriet, fir ëm d’Fräiloossung vum Bar-Abba an d’Hiriichte vum Jesus ze froen.

[21] De Gouverneur huet hinne geäntwert a si nees gefrot: „Wie vun deenen zwee wëllt dir, datt ech fir iech fräiloossen?“ „De Bar-Abba“, sote si.

[22] „Wat soll ech da mam Jesus maachen, deen de Messias genannt gëtt?“, frot de Pilatus si. „Kräizeg hien!“, sote si.

[23] „Firwat?“, frot de Pilatus si dunn. „Wat huet hien da Béises gedoen?“ Mee si hunn nach vill méi haart gejaut: „Kräizeg hien!“

[24] Wéi de Pilatus gesinn huet, datt hien näischt erreeche géif, mee datt éischter e Krawall lassgoe géif, huet hie Waasser geholl a seng Hänn virum Vollek gewäsch. „Ech sinn onschëlleg um Blutt vun dësem Gerechten! Dat ass är Saach!“, sot hien.

[25] D’ganzt Vollek huet geäntwert: „D’Verantwortung vu sengem Doud läit bei eis a bei eise Kanner!“

[26] De Pilatus huet dunn de Bar-Abba fir si fräigelooss. Nodeems hien de Jesus gäissele gelooss hat, huet hien en ausgeliwwert, fir gekräizegt ze ginn.

[27] Dunn hunn dem Gouverneur seng Zaldoten de Jesus an de Praetorium bruecht an déi ganz Kohort ëm hie versammelt.

[28] Si hunn hien ausgedoen an him e purpurroude Mantel ugedoen.

[29] Si hunn him eng Kroun aus Däre geflecht, him se op de Kapp gesat an him eng Rutt an déi riets Hand gedréckt. Si sinn dunn virun him op d’Knéie gaangen an hunn de Spunnes mat him gemaach. Si soten: „Vive de Kinnek vun de Judden!“

[30] Si hunn op hie gespaut, him d’Rutt ewechgeholl an him domat op de Kapp geschloen.

[31] Nodeems si de Geck mat him gemaach haten, hu si him de Mantel ausgedoen an him seng Kleeder nees ugedoen. Si hunn hien du fortgeféiert, fir gekräizegt ze ginn.

[32] Wéi si erauskoumen, ass hinnen e Mann aus Kyreene, dee Schimon geheescht huet, begéint. D’Zaldoten hunn hien dozou forcéiert, fir dem Jesus säi Kräiz ze droen.

[33] Si koumen op d’Plaz, déi Golgota heescht (wat „Plaz vum Doudekapp“ genannt gëtt).

[34] Si hunn dem Jesus sauere Wäin, mat Gal vermëscht, ze drénke ginn. Wéi de Jesus dovunner geschmaacht huet, wollt hien näischt méi drénken.

[35] Dunn hu si hie gekräizegt. D’Zaldoten hu seng Kleeder ënnerteneen opgedeelt, andeems si d’Lous fir se gezunn hunn. (Psalmen 22,19)

[36] Si hu sech gesat an hunn hien do bewaacht.

[37] Si hunn e Schëld mat der Veruerteelung géint hien iwwert säi Kapp gehaangen. Et stoung drop: „Dat hei ass de Jesus, de Kinnek vun de Judden.“

[38] Zur nämmlechter Zäit goufen zwee Brigange mat him gekräizegt. Deen ee war op senger rietser an deen aneren op senger lénker Säit.

[39] Déi, déi laanscht goungen, hunn him Frechheeten zougeruff, de Kapp gerëselt

[40] a gesot: „Du wëlls den Tempel zerstéieren an en nees an dräi Deeg opriichten! Ma da rett dech dach selwer! Wann s du de Jong vu Gott bass, da komm dach vum Kräiz erof!“

[41] Geneesou hunn déi iewescht Priister, d’Léiermeeschtere vum Gesetz an déi Eelst all de Spunnes mat him gemaach:

[42] „Hien huet anerer gerett, mee sech selwer kann hien net retten! Wann hien de Kinnek vun Israel soll sinn, da soll hien dach vum Kräiz erofkommen. Da gleewe mir him.

[43] Hie vertraut op Gott. Da soll Gott hien elo retten, wa Gott Gefalen un him huet! Hie sot jo: ‚Ech sinn de Jong vu Gott‘!“

[44] D’Brigangen, déi mat him gekräizegt goufen, hunn hien och vernannt.

[45] Wéi et Mëtteg gouf, gouf et bis dräi Auer am Nomëtteg am ganze Land däischter.

[46] Um dräi Auer nomëttes huet de Jesus mat haarder Stëmm geruff: „Eli, Eli, lema sabachtani?“ (Dat heescht: Mäi Gott, mäi Gott, firwat hues du mech verlooss?) (Psalmen 22,2)

[47] Verschidde Leit, déi niewendru stoungen, hunn dat héieren an hu gemengt, hie géif den Elia ruffen.

[48] Eenzock ass ee vun hinne gelaf komm, huet e Schwamp geholl, e mat sauerem Wäin gedränkt, en op eng Rutt gestach an him en dohigehalen, fir ze drénken.

[49] Du sot de Rescht vun de Leit: „Looss et! Kommt mir kucken, ob den Elia hien elo rette kënnt.“

[50] Nodeems de Jesus nees mat haarder Stëmm geruff hat, huet hie säi Geescht opginn.

[51] An deem Abléck gouf d’Riddo am Tempel vun uewe bis ënnen an zwee gerass. D’Äerd huet geziddert, Fielse si gebascht

[52] a Griewer sinn opgaangen. Vill Läiche vun den hellege Leit, déi scho gestuerwe waren, goufen nees lieweg

[53] a koumen nom Jesus senger Operstéiung aus de Griewer. Si goungen an d’helleg Stad a si ville Leit erschéngen.

[54] Wéi de réimeschen Offizéier an déi, déi mat him de Jesus bewaacht hunn, d’Äerdbiewen an dat, wat geschitt ass, gesinn hunn, krute si et mat der Angscht ze dinn. Si soten: „Dee war wierklech de Jong vu Gott!“

[55] Et waren och vill Fraen do, déi dem Jesus vu Galilea nokomm waren, fir him ze déngen, an déi vu wäitem nogekuckt hunn.

[56] Ënnert hinne waren d’Maria vu Magdala, d’Maria (dem Jacques an dem Yosséi hir Mamm) an d’Mamm vun de Jonge vum Sabdai.

[57] Géint der Owend koum e Räichen aus Arimatea, dee Yossef geheescht huet an deen och selwer e Jénger vum Jesus war.

[58] Hie goung bei de Pilatus, fir ëm dem Jesus seng Läich ze froen. De Pilatus huet den Uerder ginn, fir dem Yossef d’Läich z’iwwerloossen.

[59] De Yossef huet d’Läich geholl, huet se a rengt Léngent gewéckelt

[60] a se a säin eegent neit Graf geluecht, dat hien aus engem Fiels eraushae gelooss hat. Hien huet e grousse Stee virum Agang vum Graf gerullt a goung fort.

[61] D’Maria vu Magdala an dat anert Maria waren do a souze vis-à-vis vum Graf.

[62] Den Dag drop, nom Dag vun der Virbereedung, koumen d’iewescht Priister an d’Pharisäer zesumme virun de Pilatus.

[63] „Här“, sote si, „mir erënneren eis drun, datt dëse Schwindler gesot hat, wéi hien nach gelieft hat: ‚No dräi Deeg wäert ech operstoen.‘

[64] Gëff dofir den Uerder, fir d’Graf bis den drëtten Dag ze bewaachen. Soss kéinte seng Jénger nach nuets kommen an d’Läich klauen an dann de Leit soen, datt hie vun den Doudegen operstane wier. Da wier de leschte Bedruch schlëmmer wéi den éischten.“

[65] De Pilatus sot zu hinnen: „Hei hutt dir Zaldoten, fir Wuecht ze halen. Gitt a séchert d’Graf esou gutt of, wéi dir kënnt.“

[66] Si goungen dohin an hunn d’Graf ofgeséchert, andeems si de Stee versigelt an Zaldote virdru gestallt hunn.

De Mattias — Chapters