Skip to content
Opens in a new window

[1] De Jesus ass an en Naache geklommen, ass iwwert de Séi gefuer a koum a seng eege Stad.

[2] Dunn hu Leit e Mann bei hie bruecht, dee gelähmt op enger Brëtsch louch. Wéi de Jesus hire Glawe gesinn huet, sot hien zum Gelähmten: „Hief Courage, Kand! Deng Sënne sinn dir verzien.“

[3] En etlech Léiermeeschtere vum Gesetz hunn ënnert sech gesot: „Dëse Mann lästert iwwert Gott!“

[4] De Jesus, deen hir Gedanke kannt huet, sot awer: „Firwat denkt dir Béises an ären Häerzer?

[5] Wat ass méi einfach ze soen: ‚Deng Sënne sinn dir verzien‘, oder: ‚Stéi op a géi‘?

[6] Fir datt dir awer wësst, datt de Jong vum Mënsch d’Autoritéit huet, fir op der Äerd Sënnen ze verzeien“, sot hien zum Gelähmten: „Stéi op, huel deng Brëtsch a géi heem.“

[7] Du stoung de Mann op a goung heem.

[8] Wéi déi vill Leit dat gesinn hunn, ware si verwonnert an hu Gott gelueft, dee Mënschen esou eng Autoritéit ginn huet.

[9] De Jesus goung fort vun do an huet e Mann gesinn am Steierbüro sëtzen, dee Mattias geheescht huet. De Jesus sot zu him: „Komm mir no!“ Dee stoung op a goung dem Jesus no.

[10] De Jesus huet beim Mattias doheem giess. Et koume vill Steierandreiwer a Sënner dohin an hunn zesumme mam Jesus a mat senge Jénger giess.

[11] Wéi d’Pharisäer dat gesinn hunn, frote si seng Jénger: „Firwat ësst äre Léiermeeschter mat Steierandreiwer a Sënner?“

[12] Wéi de Jesus dat héieren huet, huet hien hinne geäntwert: „Déi Gesond brauche keen Dokter, wuel awer déi Krank.

[13] Gitt a léiert, wat et heescht: ‚Ech wëll Baarmhäerzegkeet an net Affer.‘ (Hoschea 6,6) Ech sinn nämlech net komm, fir déi Gerecht, mee fir d’Sënner zur Ëmkéier opzeruffen.“

[14] Du koumen dem Jean seng Jénger bei hien a froten hien: „Firwat faaschte mir an d’Pharisäer esou dacks, mee deng Jénger faaschten net?“

[15] De Jesus huet hinne geäntwert: „Kënnen dem Bräitchemann seng Gäscht éieren traueren, soulaang de Bräitchemann bei hinnen ass? D’Zäit kënnt awer, an där hinnen de Bräitchemann ewechgeholl gëtt an da faaschte si.

[16] Et bitzt keen e Stéck Stoft, wat nach net agaangen ass, op en aalt Stéck Gezei; soss räisst dat neit Stéck vum ale Gezei an de Rass gëtt doduerch méi schlëmm.

[17] Et fëllt och keen neie Wäin an al Schläich; soss baschten déi al Schläich an de Wäin leeft aus; da sinn d’Schläich fir näischt méi ze gebrauchen. Neen, neie Wäin gëtt an nei Schläich gefëllt an esou hale se sech allebéid.“

[18] Während de Jesus hinnen dat verzielt huet, koum en Haapteelste bei hien an huet sech virun hien niddergehäit. „Meng Duechter ass grad gestuerwen, mee komm a lee deng Hand op hatt, da gëtt hatt nees lieweg“, sot hien.

[19] De Jesus stoung op an goung him zesumme mat senge Jénger no.

[20] Du koum eng Fra, déi schonn zwielef Joer laang Bluddungen hat, vun hannen un hien erun an huet d’Zizit vu sengem Tallit beréiert.

[21] Si hat sech nämlech geduecht: „Wann ech nëmme säin Tallit beréieren, da ginn ech geheelt.“

[22] De Jesus huet sech ëmgedréit an huet si gesinn. „Duechter, hief Courage! Däi Glawen huet dech geheelt“, sot hien. Nach an deem Moment gouf d’Fra geheelt.

[23] Wéi de Jesus bei den Haapteelsten an d’Haus koum an d’Flüttisten an d’Leit, déi lamentéiert hunn, gesinn huet,

[24] sot hien: „Eraus hei! D’Meedchen ass net dout, hatt schléift just.“ Si hunn hien ausgelaacht.

[25] Nodeems d’Leit virun d’Dier gesat goufen, goung de Jesus eran, huet d’Meedche mat der Hand geholl an hatt ass opgestanen.

[26] D’Noriicht doriwwer huet sech uechter d’ganz Ëmgéigend verbreet.

[27] Wéi de Jesus vun do fortgoung, goungen zwee Blanner him no. Si hu geruff: „Erbaarm dech eiser, Jong vum David!“

[28] De Jesus goung an en Haus an déi zwee Blanner koumen him no. De Jesus sot zu hinnen: „Gleeft dir, datt ech dat maache kann?“ „Jo, Här“, hu si him geäntwert.

[29] Dunn huet hien hir Ae beréiert a sot: „Esou wéi dir gleeft, esou soll et iech geschéien!“

[30] D’Ae goufen hinnen opgemaach. De Jesus huet si seriö gewarnt: „Kuckt, datt keen eppes heivunner gewuer gëtt!“

[31] Nodeems si hie verlooss haten, hu si awer an der ganzer Ëmgéigend iwwert hie geschwat.

[32] Wéi si fortgaange waren, hunn d’Leit e Stommen, dee vun engem Dämon besiess war, bei hie bruecht.

[33] Soubal den Dämon ausgedriwwe war, huet de Stomme geschwat. D’Leit ware verwonnert. „Esou eppes ass nach ni an Israel gesi ginn!“, sote si.

[34] D’Pharisäer soten awer: „Duerch de Prënz vun den Dämonen dreift hien d’Dämonen aus.“

[35] De Jesus goung duerch all d’Stied an duerch all d’Dierfer. Hien huet an hire Synagogen enseignéiert an huet d’gutt Noriicht vum Kinnekräich verkënnegt. Hien huet och all Krankheet an all Daierlechkeet ënnert dem Vollek geheelt.

[36] Wéi de Jesus d’Leit gesinn huet, hat hie Matleed mat hinnen, well si midd a verschotert waren, ewéi Schof ouni Hiert.

[37] Du sot hien zu senge Jénger: „De Karschnatz ass grouss, mee et gëtt wéineg Aarbechter.

[38] Biet also zum Här vum Karschnatz, datt hien Aarbechter schéckt, fir säi Karschnatz eranzehuelen.“

De Mattias — Chapters