[1] Nach deen Dag huet de Jesus d’Haus verlooss an huet sech bei de Séi gesat.
[2] Et huet sech awer eng grouss Mass Leit ëm hie versammelt, esou datt hien an en Naache geklommen ass a sech dra gesat huet. All d’Leit stoungen um Uwänner.
[3] Hien huet hinne villes a Gläichnesser verzielt. Hie sot: „Lauschtert! E Bauer goung eraus, fir ze séien.
[4] Wéi hie geséit huet, ass en Deel vum Som nieft de Wee gefall. D’Vigel koumen an hunn de Som opgepickt.
[5] Et ass och en Deel op stengege Grond gefall, wou net vill Buedem war, an d’Planz ass séier ausgeschoss, well de Buedem net déif genuch war.
[6] Mee wéi d’Sonn opgoung, gouf d’Planz verbrannt a si ass verdréchent, well se keng Wuerzelen hat.
[7] Anere Som ass ënnert d’Däre gefall, déi ausgeschoss sinn an de Som erstéckt hunn.
[8] Nach anere Som ass op gudde Buedem gefall an huet Fruucht gedroen, munchen dat honnertfacht, aneren dat siechzegfacht an nach aneren dat drëssegfacht.
[9] Wien Oueren huet, fir ze lauschteren, soll nolauschteren!“
[10] Du koumen d’Jénger bei hien a froten hien: „Firwat schwätz du a Gläichnesser mat hinnen?“
[11] De Jesus huet geäntwert: „Iech ass et erméiglecht ginn, fir d’Geheimnisser vum Kinnekräich vum Himmel ze verstoen, hinnen ass et awer net erméiglecht ginn.
[12] Wien dëse Verstand huet, kritt méi wéi genuch. Mee wie keen huet, dee kritt esouguer deen, deen hien huet, ewechgeholl.
[13] Dat hei ass de Grond, firwat ech mat hinnen a Gläichnesser schwätzen: Och wa si kucken, gesi si net; och wa si héieren, héiere si net a verstinn och net.
[14] Si erfëllen d’Prophezeiung vum Yesaia, déi seet: ‚Dir héiert ëmmer nees, mee verstitt net; dir gesitt ëmmer nees, mee erkennt net.
[15] Dësem Vollek säi Verstand huet nogelooss an et kann näischt méi verstoen; seng Oueren héieren nëmmen nach schwéier an et huet seng Aen zougemaach; soss kéint et mat sengen Ae gesinn, mat sengen Oueren héieren a mat sengem Verstand verstoen a bereien an ech géif si heelen.‘ (Yesaia 6,9-10)
[16] Geseent sinn är Aen, well si gesinn, an är Oueren, well si héieren.
[17] Ech soen iech nämlech d’Wourecht, datt vill Prophéiten a gerecht Mënschen duerno verlaangert hunn, dat ze gesinn, wat dir gesitt, a si hunn et net gesinn, an dat ze héieren, wat dir héiert, a si hunn et net héieren.
[18] Lauschtert also, wat d’Gläichnes vum Bauer bedeit:
[19] Wann e Mënsch d’Botschaft iwwert d’Kinnekräich héiert a se net versteet, da kënnt de Béise bei deen a rappt dat, wat a säin Häerz geséit gouf, eraus. Deen ass wéi de Som, deen nieft dem Wee geséit gouf.
[20] De Som, deen op stengegem Grond geséit gëtt, ass ewéi deen, deen d’Wuert héiert an et direkt mat Freed ophëlt.
[21] Mee hien huet keng Wuerzelen a sech an iwwerlieft dofir nëmme kuerz. Wann Nout oder Verfolgung wéinst dem Wuert opkommen, fält hien direkt of.
[22] De Som, deen ënnert d’Däre geséit gouf, ass ewéi deen, deen d’Wuert héiert, mee d’Suerge vun dësem Liewen an de Bedruch vum Räichtum erstécken d’Wuert, esou datt e keng Friichten dréit.
[23] De Som, deen op gudde Buedem geséit gouf, ass ewéi deen, deen d’Wuert héiert, et versteet a Friichten dréit; munch Leit bréngen dat honnertfacht, anerer dat siechzegfacht an nach anerer dat drëssegfacht ervir.“
[24] De Jesus huet hinnen en anert Gläichnes verzielt: „D’Kinnekräich vum Himmel ass wéi e Mann, dee gudde Som op säin Aker geséit huet.
[25] Mee wéi d’Leit geschlof hunn, koum säi Feind dohinner, huet Dronkefruucht ënnert de Weess geséit a goung senger Wee.
[26] Wéi de Weess ausgeschoss ass an Éien ervirbruecht huet, ass d’Dronkefruucht och ausgeschoss.
[27] D’Kniechte vum Härebauer koume bei hien a soten: ‚Meeschter, has du net gudde Som op däin Aker geséit? Vu wou kënnt dann déi Dronkefruucht?‘
[28] ‚E Feind huet dat gemaach‘, huet hie geäntwert. ‚Wëlls du, datt mir dohinner ginn a se erausrappen?‘, froten d’Kniechten hien.
[29] ‚Nee‘, sot den Härebauer, ‚wann dir d’Dronkefruucht erausrappt, kéint dir an engems och de Weess erausrappen.
[30] Loosst béides bis de Karschnatz wuessen. Wa Karschnatz ass, soen ech dann zu deenen, déi de Weess eranhuelen, datt si d’Dronkefruucht fir d’éischt erausrappen a se dann a Gaarwe banne sollen, fir se ze verbrennen. De Weess solle si awer a meng Scheier erabréngen.‘“
[31] De Jesus huet hinnen en anert Gläichnes verzielt: „D’Kinnekräich vum Himmel ass ewéi e Moschterkär, deen e Mënsch kritt huet an op säin Aker geséit huet.
[32] De Moschterkär ass dee klengste vun alle Kären, mee wann e bis ausgewuess ass, ass en dee gréisste vun de Gaardekraider a gëtt e Bam, esou datt d’wëll Vigel kommen an hir Näschter a sengen Äscht bauen.“
[33] Hien huet hinnen en anert Gläichnes verzielt: „D’Kinnekräich vum Himmel ass ewéi Deessem, deen eng Fra kritt huet an ënner dräi Moosse Weessemiel gemëscht huet, bis dat ganzt gesaiert war.“
[34] De Jesus huet de Leit dat alles a Gläichnesser verzielt. Hien huet just nach Gläichnesser gebraucht, fir si ze beléieren.
[35] Esou huet sech dat erfëllt, wat duerch de Prophéit gesot gouf: „Ech maache mäi Mond op a verkënnegen a Gläichnesser dat, wat zënter der Schëpfung vun der Welt verstoppt gouf.“ (Psalmen 78,2)
[36] Dunn huet de Jesus d’Leit verlooss a goung an d’Haus. Seng Jénger koume bei hien a soten: „Erklär eis d’Gläichnes vun der Dronkefruucht um Aker!“
[37] Hien huet hinne geäntwert: „Deen, deen de gudde Som séit ass de Jong vum Mënsch.
[38] Den Aker ass d’Welt. De gudde Som sinn d’Kanner vum Kinnekräich; mee d’Kanner vum Béise sinn d’Dronkefruucht.
[39] De Feind, dee se geséit huet, ass den Däiwel. De Karschnatz ass d’Enn vum Zäitalter. Déi, déi de Weess eranhuelen, sinn Engelen.
[40] Esou wéi d’Dronkefruucht erausgerappt an am Feier verbrannt gëtt, esou ass et och um Enn vun dësem Zäitalter.
[41] De Jong vum Mënsch schéckt da seng Engelen a si rappen alles aus sengem Kinnekräich eraus, wat d’Leit sënnegen deet, an all déi, déi gesetzlos liewen.
[42] D’Engele geheie si an de Feieruewen. Do gëtt gekrasch a mat den Zänn gegrätscht.
[43] Da liichten déi Gerecht wéi d’Sonn am Kinnekräich vun hirem Papp. Wien Oueren huet, fir ze lauschteren, soll nolauschteren!
[44] D’Kinnekräich vum Himmel ass ewéi e Schatz, deen an engem Feld verstoppt war. E Mann huet de Schatz fonnt an dann nees verstoppt. Aus e lauter Freed ass hien higaangen, huet säi ganze Besëtz verkaf a mam Erléis dat Feld kaf.
[45] D’Kinnekräich vum Himmel ass och ewéi en Händler, dee schéi Pärele gesicht huet.
[46] Wéi hien eng ganz wäertvoll Pärel fonnt huet, ass hien higaangen, huet säi ganze Besëtz verkaf an d’Pärel kaf.
[47] D’Kinnekräich vum Himmel ass och ewéi en Netz, dat an de Séi ausgeworf gouf, fir all Aarte vu Fësch ze fänken.
[48] Wéi d’Netz voll war, hunn d’Fëscher et un d’Uwänner gezunn. Si hu sech gesat an d’Fësch gesënnert. Déi gutt hu si a Fëschkierf gesammelt an déi schlecht ewechgehäit.
[49] Esou ass et och um Enn vum Zäitalter. D’Engele kommen an trennen déi Béis vun de Gerechten.
[50] Da geheie si déi Béis an de Feieruewen. Do gëtt gekrasch a mat den Zänn gegrätscht.“
[51] De Jesus sot zu hinnen: „Hutt dir dat alles verstanen?“ „Jo“, hu si geäntwert.
[52] Hie sot dunn zu hinnen: „Dofir ass all Léiermeeschter vum Gesetz, deen zum Jénger vum Kinnekräich vum Himmel gemaach gouf, ewéi en Haushär, deen aus senger Schatzkummer nei an al Saachen eraushëlt.“
[53] Wéi de Jesus dës Gläichnesser ofgeschloss hat, goung hie vun do fort
[54] a goung a seng Heemecht. Do huet hien d’Leit an hirer Synagog geléiert. Si ware verwonnert a soten: „Vu wou huet dëse Mann dës Wäisheet an dës Wonner hier?
[55] Ass hien net dem Zammermann säi Jong? Heescht seng Mamm net Maria? Sinn net de Jacques, de Yosséi, de Schimon an de Judas seng Bridder?
[56] Sinn net all seng Schwësteren hei bei eis? Vu wou huet deen dat alles?“
[57] Si hunn Ustouss un him geholl. De Jesus sot awer zu hinnen: „E Prophéit gëtt néierens esou veruecht, wéi a senger Heemecht an a senger Famill.“
[58] Hien huet wéinst hirem Onglawen net vill Wonner do gewierkt.