Skip to content
Opens in a new window

[1] Duerno gouf de Jesus vum Geescht an d’Wüst geféiert, fir do vum Däiwel op d’Prouf gestallt ze ginn.

[2] Nodeems hie véierzeg Deeg a véierzeg Nuechte gefaascht hat, hat hien Honger.

[3] Dunn ass de Verféierer bei hie komm a sot: „Wann s du de Jong vu Gott bass, da so zu dëse Steng, datt si zu Brout solle ginn.“

[4] De Jesus huet geäntwert: „Et steet geschriwwen: ‚De Mënsch lieft net eleng vum Brout, mee vu jidder Wuert, dat aus dem Mond vu Gott kënnt.‘“ (5. Moses 8,3)

[5] Dunn huet den Däiwel hien an d’helleg Stad geféiert an huet hien op den héchste Punkt vun der Mauer vum Tempel gestallt.

[6] „Wann s du de Jong vu Gott bass, da gehei dech erof“, sot hien zu him. „Et steet jo geschriwwen: ‚Wéinst denger befeelt hie sengen Engelen. Si droen dech op hiren Hänn, fir datt s du däi Fouss net un engem Stee stéiss.‘“ (Psalmen 91,11-12)

[7] „Et steet awer och geschriwwen: ‚Stell den Här, däi Gott, net op d’Prouf‘“, huet de Jesus him geäntwert. (5. Moses 6,16)

[8] Dunn huet den Däiwel de Jesus op en héije Bierg geféiert an huet him d’Kinnekräicher vun der ganzer Welt an hir Herrlechkeet gewisen.

[9] „All dat hei ginn ech dir, wann s du dech viru mir vernäips a mech ubiets“, sot den Däiwel zu him.

[10] „Géi fort vu mir, Satan!“, huet de Jesus him geäntwert. „Et steet nämlech geschriwwen: ‚Biet den Här, däi Gott, un an déng eleng him.‘“ (5. Moses 6,13)

[11] Doropshin huet den Däiwel hie verlooss an Engele koumen an hunn dem Jesus gedéngt.

[12] Wéi de Jesus héieren huet, datt de Jean an de Prisong gehäit gi war, goung hien zeréck a Galilea.

[13] Hien huet Nazaret verlooss, fir op Kapernaum wunnen ze goen, dat beim Séi läit am Gebitt vu Sebulun an Naftali.

[14] Esou huet sech dat erfëllt, wat duerch de Prophéit Yesaia gesot gouf:

[15] „Land vu Sebulun a Land vun Naftali, nieft dem Séi an déisäit dem Jordan, Galilea vun den Natiounen,

[16] d’Vollek, dat an der Däischtert souz, huet e grousst Liicht gesinn; deenen, déi am Gebitt an am Schiet vum Doud souzen, ass e Liicht erschéngen.“ (Yesaia 8,23—9,1)

[17] Vun do un huet de Jesus ugefaangen ze priedegen. Hie sot: „Kéiert ëm, well d’Kinnekräich vum Himmel ass nobäi!“

[18] Wéi de Jesus laanscht de Séi vu Galilea goung, huet hien zwee Bridder erbléckst, de Schimon, dee Péitrus genannt gouf, a säi Brudder Andreas. Si hate grad d’Netz an d’Waasser ausgeworf, well si Fëscher waren.

[19] „Kommt a gitt mir no“, sot de Jesus zu hinnen. „Ech maachen iech zu Fëscher vu Mënschen.“

[20] Eenzock hu si d’Netzer verlooss a goungen him no.

[21] Wéi hie vun do aus weidergoung, huet hien zwee aner Bridder erbléckst, de Jacques, deen de Jong vum Sabdai war, a säi Brudder, de Jean. Si waren an engem Naache mat hirem Papp, dem Sabdai, an hunn hir Netzer gefléckt. Dunn huet de Jesus si geruff.

[22] Eenzock hu si den Naachen an hire Papp verlooss a goungen him no.

[23] De Jesus ass uechter ganz Galilea gezunn. Hien huet an hire Synagogen enseignéiert, d’gutt Noriicht vum Kinnekräich gepriedegt an ënnert dem Vollek all Krankheet an all Daierlechkeet geheelt.

[24] Säi Ruff huet sech uechter ganz Syrien verbreet. D’Leit hunn him déi Krank bruecht, déi mat verschiddene Krankheeten a mat Péng geplot waren, déi vun Dämone besiess waren, déi an d’Kränkt gefall sinn an déi gelähmt waren, an hien huet si geheelt.

[25] Eng grouss Mass Leit aus Galilea, der Dekapolis, Jerusalem, Judea an aus der Géigend vun der anerer Säit vum Jordan goung him no.

De Mattias — Chapters