Skip to content
Opens in a new window

[1] Riicht net, fir datt dir net geriicht gitt.

[2] Esou wéi dir nämlech iwwert anerer riicht, esou gëtt och iwwert iech geriicht. Dir gitt mat därselwechter Mooss gemooss, déi dir och gebraucht, fir ze moossen.

[3] Firwat gesäis du d’Spläiter an dengem Brudder sengem A, awer d’Dunn an dengem eegenen A mierks du net?

[4] Wéi kanns du zu dengem Brudder soen: ‚Looss mech d’Spläiter aus dengem A eraushuelen!‘, wann s du eng Dunn an dengem eegenen A hues?

[5] Du Heuchler! Huel fir d’éischt d’Dunn aus dengem A eraus, da gesäis du kloer, fir dengem Brudder d’Spläiter aus sengem A erauszehuelen.

[6] Gitt dat Hellegt net den Hënn a werft är Pärelen net virun d’Schwäin, fir datt si se net mat hire Féiss zerdämmelen an d’Hënn sech ëmdréien an iech zerräissen.

[7] Frot an da kritt dir; sicht an da fannt dir; klappt un an et gëtt iech opgemaach;

[8] well jiddereen, dee freet, kritt a jiddereen, dee sicht, fënnt an deem, deen uklappt, gëtt opgemaach.

[9] Wéi e Papp ënnert iech géif sengem Jong e Stee ginn, wann deen ëm Brout freet?

[10] Oder wann de Jong ëm e Fësch freet, géif de Papp him éieren eng Schlaang ginn?

[11] Wann dir schonn, déi dir béis sidd, wësst äre Kanner gutt Kaddoen ze maachen, wéi vill méi mécht äre Papp, deen am Himmel ass, deene gutt Kaddoen, déi hien dorëm froen?

[12] Alles, wat dir wëllt, datt d’Leit iech dinn, dat sollt dir hinnen och doen. Dat resuméiert nämlech d’Gesetz an d’Prophéiten.

[13] Gitt duerch déi schmuel Paart eran. D’Paart ass nämlech breet an de Wee geraimeg, déi an d’Zerstéierung féieren, an et gëtt der vill, déi op deem Wee ginn.

[14] Wéi schmuel ass d’Paart a wéi schwéier ass de Wee, déi an d’Liewe féieren, an et gëtt der wéineg, déi dee Wee fannen.

[15] Gitt op déi falsch Prophéiten uecht! Si komme wéi Schof gekleet bei iech, mee bannendra si si wéischt Wëllef.

[16] Dir erkennt si un hire Friichten. Ginn éieren Drauwe vun Därenhecken oder Fige vun Dëschtele gepléckt?

[17] Geneesou dréit all gudde Bam gutt Friichten, mee de faule Bam dréit faul Friichten.

[18] E gudde Bam ka keng faul Friichten droen an e faule Bam ka keng gutt Friichten droen.

[19] All Bam, dee keng gutt Friichten dréit, gëtt ëmgehaen an an d’Feier gehäit.

[20] Dir erkennt si deemno un hire Friichten.

[21] Net jiddereen, deen zu mir seet: ‚Här, Här!‘, kënnt an d’Kinnekräich vum Himmel. Mee et kënnt nëmmen deen eran, deen de Wëlle vu mengem Papp am Himmel mécht.

[22] Op deem Dag soen der vill zu mir: ‚Här, Här! Hu mir net an dengem Numm prophezeit? Hu mir net an dengem Numm Dämonen ausgedriwwen? Hu mir net an dengem Numm vill mächteg Dote gemaach?‘

[23] Da soen ech kloer zu hinnen: ‚Ech hunn iech ni kannt. Gitt ewech vu mir, dir Iwwertrieder vum Gesetz!‘

[24] Wie meng Wierder héiert an no hinnen handelt, deen ass mat engem Weisen ze vergläichen, dee säin Haus op Fiels gebaut huet.

[25] De Reen ass gefall, d’Héichwaasser koum, de Wand huet geblosen an d’Haus gerëselt, mee et ass net an e Koup gefall, well et op Fiels gebaut gi war.

[26] Mee jiddereen, dee meng Wierder héiert an net no hinnen handelt, ass mat engem Topert ze vergläichen, dee säin Haus op Sand gebaut huet.

[27] De Reen ass gefall, d’Héichwaasser koum, de Wand huet geblosen an d’Haus gerëselt. Et ass an e Koup gefall a war ganz futti!“

[28] Wéi de Jesus dës Ried ofgeschloss hat, waren d’Leit iwwert seng Léier verwonnert,

[29] well hie si wéi ee geléiert huet, deen Autoritéit huet, an net esou wéi d’Léiermeeschtere vum Gesetz.

De Mattias — Chapters