Skip to content
Opens in a new window

[1] Wéi de Jesus déi vill Leit gesinn huet, goung hien de Bierg erop. Nodeems hie sech niddergesat hat, koume seng Jénger bei hien.

[2] Hien huet ugefaangen ze schwätzen an huet si geléiert:

[3] „Geseent sinn déi, déi geeschtlech aarm sinn, well aus deene besteet d’Kinnekräich vum Himmel.

[4] Geseent sinn déi, déi traueren, well si gi getréischt.

[5] Geseent sinn déi, déi duuss sinn, well si ierwen d’Land.

[6] Geseent sinn déi, déi hongereg an duuschtereg no der Gerechtegkeet sinn, well si gi gesiedegt.

[7] Geseent sinn déi, déi baarmhäerzeg sinn, well si kréie Baarmhäerzegkeet erwisen.

[8] Geseent sinn déi, déi e rengt Häerz hunn, well si gesi Gott.

[9] Geseent sinn déi, déi Fridde stëften, well si gi Kanner vu Gott genannt.

[10] Geseent sinn déi, déi wéinst der Gerechtegkeet verfollegt ginn, well aus deene besteet d’Kinnekräich vum Himmel.

[11] Geseent sidd dir, wann dir wéinst menger beleidegt a verfollegt gitt, an allméiglech béis Ligen iwwert iech verzielt ginn.

[12] Freet iech a sidd onmoosseg frou, well är Belounung am Himmel ass grouss. Op dës Manéier hu si nämlech och d’Prophéite verfollegt, déi virun iech gelieft hunn.

[13] Dir sidd Salz fir d’Äerd. Wann d’Salz awer fad gëtt, mat wat kann een et dann nees salzen? Et ass da fir näischt méi ze gebrauchen, gëtt ewechgehäit a vun de Leit zertrëppelt.

[14] Dir sidd d’Liicht fir d’Welt. Eng Stad, déi op engem Bierg läit, kann net verstoppt ginn.

[15] Et gëtt och keen, deen eng Luucht ufänkt a se dann ënnert e Sieschterkuerf stellt, mee hie stellt se op e Liichter. Esou beliicht se all déi, déi am Haus sinn.

[16] Esou soll och äert Liicht virun de Mënsche liichten, fir datt si är gutt Dote gesinn an äre Papp, deen am Himmel ass, verherrlechen.

[17] Mengt net, datt ech komm sinn, fir d’Gesetz oder d’Prophéiten z’annuléieren. Ech sinn net komm, fir si z’annuléieren, mee fir si z’erfëllen.

[18] Ech soen iech nämlech d’Wourecht: Bis Himmel an Äerd verschwannen, verschwënnt op kee Fall de klengste Buschtaf an och net de klengsten Deel vun engem Buschtaf aus dem Gesetz, bis alles geschitt ass.

[19] Wien ee vun dëse klengste Geboter ophieft an aner Mënschen datselwecht léiert, dee gëtt am Kinnekräich vum Himmel dee Klengste genannt. Mee wie si anhält a si och léiert, dee gëtt am Kinnekräich vum Himmel dichteg genannt.

[20] Ech soen iech nämlech: Wann är Gerechtegkeet déi vun de Léiermeeschtere vum Gesetz a vun de Pharisäer net iwwertrëfft, da kommt dir bestëmmt net an d’Kinnekräich vum Himmel eran.

[21] Dir hutt héieren, datt zu eise Virfuere gesot gouf: ‚Ermort keen‘, (2. Moses 20,13) mee wien ermort, ass dem Geriicht ausgesat.

[22] Ech awer soen iech: Jiddereen, deen ouni Grond mat sengem Brudder rosen ass, ass dem Geriicht ausgesat. Wien zu sengem Brudder seet: ‚Du Hännes!‘, deen ass dem Sanhedrin ausgesat. Mee wien zu sengem Brudder seet: ‚Du Topert!‘, deen ass dem Feier an der Gehenna ausgesat.

[23] Wann s du däin Affer bei den Altor bréngs an dech do drun erënners, datt däi Brudder eppes géint dech huet,

[24] da looss däin Affer do virum Altor leien. Géi vun do fort a versöhn dech fir d’éischt mat dengem Brudder. Komm duerno eréischt zeréck, fir dann däin Affer ze bréngen.

[25] Schléiss séier mat deem, deen dech uklot, Fridden, esoulaang s du nach mat him ënnerwee bass, fir datt hien dech net un de Riichter ausliwwert, de Riichter dech un en Offizéier iwwergëtt an du an de Prisong gehäit gëss.

[26] Ech soen dir d’Wourecht: Du kënns do net eraus, bis du de leschten Zantim ofbezuelt hues.

[27] Dir hutt héieren, datt gesot gouf: ‚Briech d’Bestietnes net, andeems du friemgees.‘ (2. Moses 20,14)

[28] Ech awer soen iech: Wien eng Fra ukuckt, fir si ze begieren, ass a sengem Häerz scho mat hir friemgaangen.

[29] Wann däi rietst A dech dozou bréngt, fir ze sënnegen, da rapp et eraus a gehei et ewech. Et ass nämlech besser fir dech, datt s du ee Glidd verléiers, wéi datt däi ganze Kierper an d’Gehenna gehäit gëtt.

[30] Wann deng riets Hand dech dozou bréngt, fir ze sënnegen, dann ha se of a gehei se ewech. Et ass nämlech besser fir dech, datt s du ee Glidd verléiers, wéi datt däi ganze Kierper an d’Gehenna gehäit gëtt.

[31] Et gouf gesot: ‚Wie sech vu senger Fra scheede léisst, muss hir e Scheedungsattest ginn.‘ (5. Moses 24,1)

[32] Ech awer soen iech: Wie sech vu senger Fra scheede léisst, ausser wéinst onerlaabtem Sex, dee bréngt si dozou, friemzegoen an d’Bestietnes ze briechen. Wien eng gescheete Fra bestit, brécht d’Bestietnes, well hie friemgeet.

[33] Dir hutt och héieren, datt zu äre Virfuere gesot gouf: ‚Leescht kee falschen Eed! Hal deng Eeden un den Här an!‘ (3. Moses 19,12; 4. Moses 30,3; 5. Moses 23,22)

[34] Ech awer soen iech: Leescht iwwerhaapt keen Eed, weder op den Himmel, well en den Troun vu Gott ass,

[35] nach op d’Äerd, well si seng Foussbänk ass, nach op Jerusalem, well se d’Stad vum grousse Kinnek ass,

[36] nach op däi Kapp, well s du keen eenzegt Hoer wäiss oder schwaarz maache kanns.

[37] Äre ‚Jo‘ soll einfach e ‚Jo‘ sinn an ären ‚Neen‘ en ‚Neen‘. Wat doriwwer erausgeet, kënnt vum Béisen.

[38] Dir hutt héieren, datt gesot gouf: ‚En A fir en A, en Zant fir en Zant.‘ (2. Moses 21,24; 3. Moses 24,20; 5. Moses 19,21)

[39] Ech awer soen iech: Rächt iech net un deem, deen iech Béises deet. Am Géigendeel, du solls deem, deen dech op de rietse Bak schléit, deen aneren och dohinner halen.

[40] Wien dech viru Geriicht brénge wëllt, fir dir deng Tunique ewechzehuelen, deem looss och däi Mantel.

[41] Wien dech dozou forcéiert, fir eng Meil mat him ze goen, mat deem géi der zwou mat!

[42] Gëff deem, deen dech ëm eppes freet. Weis deen net of, dee vun dir léine wëllt.

[43] Dir hutt héieren, datt gesot gouf: ‚Hief däin Nächste gär‘ (3. Moses 19,18), an: ‚Haass däi Feind.‘

[44] Ech awer soen iech: Hutt är Feinde gär! Seent déi, déi iech verfluchen! Ditt deene Guddes, déi iech haassen! Biet fir déi, déi iech mësshandelen a verfollegen!

[45] Andeems dir dat maacht, gitt dir Kanner vun ärem Papp, deen am Himmel ass. Seng Sonn léisst hien nämlech iwwert déi Béis an déi Gutt opgoen an hie léisst et op déi Gerecht an op déi Ongerecht reenen.

[46] Wann dir nämlech déi gär hutt, déi iech gär hunn, wat fir eng Belounung kritt dir dann? Maachen net d’Steierandreiwer datselwecht?

[47] Wann dir nëmmen är Frënn begréisst, maacht dir dann eppes Besonnesches? Maachen d’Steierandreiwer et net geneesou?

[48] Sidd also vollkommen, esou wéi äre Papp am Himmel vollkommen ass.

De Mattias — Chapters