Skip to content
Opens in a new window

[1] Dat hei ass de Stammbam vum Jesus, dem Messias, dem Jong vum David, dem Jong vum Abraham.

[2] Den Abraham war de Papp vum Isaak, den Isaak war de Papp vum Jakob, de Jakob war de Papp vum Juda a vu senge Bridder,

[3] de Juda war de Papp vum Peretz a vum Serach (hir Mamm war d’Tamar), de Peretz war de Papp vum Hetzron, den Hetzron war de Papp vum Ram,

[4] de Ram war de Papp vum Amminadab, den Amminadab war de Papp vum Nachschonn, den Nachschonn war de Papp vum Salmon,

[5] de Salmon war de Papp vum Boas (seng Mamm war d’Rachab), de Boas war de Papp vum Owed (seng Mamm war d’Rut), den Owed war de Papp vum Ischai,

[6] den Ischai war de Papp vum David, dem Kinnek. De Kinnek David war de Papp vum Salomon (seng Mamm war d’Fra vum Uria),

[7] de Salomon war de Papp vum Rechabeam, de Rechabeam war de Papp vum Abiya, den Abiya war de Papp vum Assa,

[8] den Assa war de Papp vum Yehoschafat, de Yehoschafat war de Papp vum Yoram, de Yoram war de Papp vum Usia,

[9] den Usia war de Papp vum Yotam, de Yotam war de Papp vum Achas, den Achas war de Papp vum Ihiskia,

[10] den Ihiskia war de Papp vum Mennassee, de Mennassee war de Papp vum Amon, den Amon war de Papp vum Yosia.

[11] De Yosia war de Papp vum Yechonia a vu senge Bridder an der Zäit vun der Deportatioun op Babylon.

[12] No der Deportatioun op Babylon: De Yechonia war de Papp vum Schealtyel, de Schealtyel war de Papp vum Serubabel,

[13] de Serubabel war de Papp vum Abihud, den Abihud war de Papp vum Eliakim, den Eliakim war de Papp vum Asur,

[14] den Asur war de Papp vum Zadok, den Zadok war de Papp vum Yachin, de Yachin war de Papp vum Elihud,

[15] den Elihud war de Papp vum Elasar, den Elasar war de Papp vum Matan, de Matan war de Papp vum Jakob,

[16] de Jakob war de Papp vum Jousef, dem Maria säi Mann. D’Maria huet de Jesus op d’Welt bruecht, deen de Messias genannt gëtt.

[17] Deemno sinn et véierzéng Generatioune vum Abraham bis bei den David, véierzéng Generatioune vum David bis bei d’Deportatioun op Babylon a véierzéng Generatioune vun der Deportatioun op Babylon bis bei de Messias.

[18] Dat hei ass d’Geschicht vun der Gebuert vum Jesus, dem Messias: Wéi seng Mamm Maria mam Jousef verloobt war, huet et sech erausgestallt, datt si duerch den hellege Geescht schwanger gi war, éier si zesummekomm waren.

[19] Säi Mann, de Jousef, dee gerecht war an hatt net ëffentlech entéiere wollt, huet sech iwwerluecht, fir sech heemlech vun him scheeden ze loossen.

[20] Iwwerdeems hien doriwwer nogeduecht huet, ass en Engel vum Här him am Dram erschéngen a sot: „Jousef, Jong vum David, hief keng Angscht, fir d’Maria als deng Fra bei dech ze huelen, well d’Kand, dat hatt erwaart, ass vum hellege Geescht.

[21] Hatt bréngt e Jong op d’Welt. Du solls hie Jesus nennen, well hie säi Vollek vu senge Sënne rett.“

[22] All dat ass geschitt, fir datt dat, wat den Här duerch de Prophéit gesot hat, sech erfëlle géif:

[23] „Kuck! D’Jongfra gëtt schwanger a bréngt e Jong op d’Welt. Hie gëtt Immanuel genannt.“ (Yesaia 7,14) Iwwersat heescht dat: „Gott ass mat eis“.

[24] Wéi de Jousef aus sengem Schlof erwächt ass, huet hien dat gemaach, wat den Engel vum Här him opgedroen hat. Hien huet d’Maria als seng Fra bei sech geholl.

[25] Hien huet awer net mat him geschlof, bis hatt säi Jong, säin Éischtgebuerenen, op d’Welt bruecht hat. De Jousef huet hie Jesus genannt.

De Mattias — Chapters