Skip to content
Opens in a new window

[1] De Jesus huet weider mat hinnen a Gläichnesser geschwat:

[2] „D’Kinnekräich vum Himmel ka mat engem Kinnek verglach ginn, deen eng Hochzäitsfeier fir säi Jong ginn huet.

[3] De Kinnek huet seng Dénger bei d’Gäscht vun der Hochzäitsfeier geschéckt, mee déi wollten net kommen.

[4] Nees huet hien aner Dénger mat der Uweisung erausgeschéckt: ‚Sot zu den Invitéen: „D’Iessen ass scho preparéiert. Meng Ranner a meng gemäschte Kaalwer si geschluecht an et ass alles prett! Kommt dach op d’Hochzäitsfeier!“‘

[5] Mee d’Gäscht hunn näischt drop ginn a sinn hirer Wee gaangen, een op säin Haff an een aneren a säi Geschäft.

[6] De Rescht vun de Gäscht hunn d’Dénger ergraff, se mësshandelt an ëmbruecht.

[7] Wéi de Kinnek dovunner héieren huet, gouf hie rosen. Doropshin huet hie seng Zaldoten erausgeschéckt an huet d’Mäerder hiriichten an hir Stad verbrenne gelooss.

[8] Du sot hien zu sengen Dénger: ‚D’Hochzäitsfeier ass prett, mee d’Gäscht hunn hir Invitatioun net verdéngt.

[9] Gitt op d’Haaptstroossen, déi aus der Stad erausféieren, an invitéiert jiddereen op d’Hochzäitsfeier, deen dir fannt.‘

[10] Seng Dénger goungen dunn op d’Stroossen eraus an hunn all d’Leit zesummebruecht, déi si fonnt hunn, souwuel déi Gutt wéi déi Béis. Esou gouf d’Hal fir d’Hochzäitsfeier mat Gäscht gefëllt.

[11] Wéi de Kinnek erakoum, fir d’Gäscht ze gesinn, huet hien ee Gaascht do gesinn, dee keng Hochzäitskleeder unhat.

[12] ‚Frënd, wéi bass du ouni Hochzäitskleeder hei erakomm?‘, huet de Kinnek hie gefrot. De Gaascht wousst net, wat en dorop äntwere sollt.

[13] Du sot de Kinnek zu sengen Dénger: ‚Bannt him d’Hänn an d’Féiss, huelt hie vun hei fort a geheit hien an déi baussecht Däischtert.‘ Do gëtt gekrasch a mat den Zänn gegrätscht.

[14] Et sinn der nämlech vill beruff, mee wéineg auserwielt.“

[15] Du goungen d’Pharisäer vun do fort an hu géint hie konspiréiert, wéi si hie mat sengen eegene Wierder fänke kéinten.

[16] Si hunn hir Jénger zesumme mat Unhänger vum Herodes bei hie geschéckt. Déi soten: „Léiermeeschter, mir wëssen, datt s du d’Wourecht sees an de Wee vu Gott der Wourecht no léiers. Dem Mënsch seng Meenung beaflosst dech net, well s du onparteiesch bass.

[17] So eis deng Meenung: Ass et erlaabt, fir dem Caesar Steieren ze bezuelen, oder net?“

[18] De Jesus huet hir Boussecht awer duerchkuckt a sot: „Firwat stellt dir mech op d’Prouf, dir Heuchler?

[19] Weist mir d’Mënz, mat där d’Steier bezuelt gëtt!“ Si hunn him en Denar bruecht.

[20] De Jesus frot si: „Wiem säi Bild a wéi eng Schrëft ass hei drop?“

[21] „Dem Caesar seng“, hu si geäntwert. Doropshi sot hien zu hinnen: „Gitt dofir dem Caesar, wat dem Caesar gehéiert, a Gott, wat Gott gehéiert!“

[22] Wéi si seng Äntwert héieren hunn, ware si verwonnert. Dunn hu si hie verlooss a goungen hirer Wee.

[23] Deen nämmlechten Dag nach koumen Zaddukiter (déi soen, datt et keng Operstéiung géif ginn) bei de Jesus a froten hien:

[24] „Léiermeeschter, de Moses sot: ‚Wann e Mann ouni Kanner stierft, da soll de Brudder vum Verstuerwenen deem seng Fra bestueden a Kanner fir säi Brudder kréien.‘ (5. Moses 25,5)

[25] Et goufe siwe Bridder ënnert eis. Den éischten huet sech bestuet an ass gestuerwen, a well hie keng Nokommen hat, huet hie seng Fra sengem Brudder hannerlooss.

[26] Datselwecht ass mam zweete Brudder a mam drëtte bis zum siwente geschitt.

[27] Fir d’Lescht vun en alleguer ass och d’Fra gestuerwen.

[28] Elo stellt sech d’Fro: Wiem seng Fra ass si da bei der Operstéiung? Si ware jo alle siwe mat hir bestuet.“

[29] De Jesus huet hinne geäntwert: „Äre Feeler ass, datt dir weder d’Schrëft nach d’Muecht vu Gott kennt.

[30] An der Operstéiung bestuede si sech net a ginn och net bestuet, mee si si wéi d’Engele vu Gott am Himmel.

[31] Wat elo d’Operstéiung vun den Doudegen ugeet, hutt dir dann net dat gelies, wat vu Gott zu iech gesot gouf:

[32] ‚Ech sinn de Gott vum Abraham, de Gott vum Isaak an de Gott vum Jakob‘? (2. Moses 3,6) Gott ass net de Gott vun den Doudegen, mee dee vun de Liewegen.“

[33] Wéi d’Leit seng Äntwert héieren hunn, ware si iwwert seng Léier verwonnert.

[34] Mee wéi d’Pharisäer héieren hunn, datt de Jesus den Zaddukiter de Mond gestoppt hat, hu si sech zesummegedoen.

[35] Dunn huet ee vun hinnen, en Expert am Gesetz, dem Jesus eng Fro gestallt, fir hien op d’Prouf ze stellen:

[36] „Léiermeeschter, wat ass dat wichtegst Gebot am Gesetz?“

[37] De Jesus huet geäntwert: „‚Hief den Här, däi Gott, gär mat dengem ganzen Häerz, mat denger ganzer Séil a mat dengem ganze Verstand.‘ (5. Moses 6,5)

[38] Dat ass dat éischt an dat wichtegst Gebot.

[39] Dat zweet ass deem ähnlech: ‚Hief däin Nächste gär wéi dech selwer.‘ (3. Moses 19,18)

[40] D’ganz Gesetz an d’Prophéiten hänke vun deenen zwee Geboter of.“

[41] Wéi d’Pharisäer nach versammelt waren, huet de Jesus hinnen eng Fro gestallt:

[42] „Wat denkt dir iwwert de Messias? Wiem säi Jong ass hien?“ „Ma dem David säi Jong“, hu si geäntwert.

[43] „Wéi kënnt et dann“, sot de Jesus zu hinnen, „datt den David, erfëllt vum Geescht, hien ‚Här‘ nennt? Den David seet jo:

[44] ‚Den Här sot zu mengem Här: „Setz dech zu menger Rietser, bis ech aus denge Feinden eng Foussbänk fir dech maachen.“‘ (Psalmen 110,1)

[45] Wann den David hien ‚Här‘ nennt, wéi kann hien da säi Jong sinn?“

[46] Kee konnt him e Wuert drop äntweren. Vun deem Dag un huet och kee méi sech getraut, fir hien eppes ze froen.

De Mattias — Chapters