[1] Duerno koume Léiermeeschtere vum Gesetz a Pharisäer vu Jerusalem bei de Jesus a froten:
[2] „Firwat verstoussen deng Jénger géint d’Traditioun vun den Eelsten? Si wäsche jo hir Hänn net virum Iessen!“
[3] De Jesus huet hinne geäntwert: „Firwat verstousst dir géint d’Gebot vu Gott wéinst ärer Traditioun?
[4] Gott sot: ‚Éier däi Papp an deng Mamm‘, (2. Moses 20,12; 5. Moses 5,16) oder: ‚Wie säi Papp oder seng Mamm verflucht, muss ganz gewëss stierwen.‘ (2. Moses 21,17; 3. Moses 20,9)
[5] Dir sot awer: ‚Wien zu sengem Papp oder zu senger Mamm seet: „Dat, wat s du vu mir zegutt häss, hunn ech Gott als Affer versprach“,
[6] dee brauch da säi Papp oder seng Mamm net méi ze éieren.‘ Esou annuléiert dir d’Gebot vu Gott duerch är Traditioun.
[7] Dir Heuchler! De Yesaia huet richteg iwwert iech prophezeit, wéi hie sot:
[8] ‚Dëst Vollek kënnt mat hirem Mond no u mech erun an et éiert mech mat senge Lëpsen, mee säin Häerz ass wäit vu mir ewech.
[9] Ëmsoss biede si mech un a si enseignéieren als Léier Geboter vu Mënschen.‘“ (Yesaia 29,13)
[10] De Jesus huet d’Leit bei sech geruff a sot: „Lauschtert no a verstitt dat hei:
[11] Et ass net dat, wat an dem Mënsch säi Mond erageet, wat hien onreng mécht, mee dat, wat aus dem Mënsch sengem Mond erauskënnt, mécht hien onreng.“
[12] Du koume seng Jénger bei hien a froten hien: „Weess du, datt d’Pharisäer schockéiert waren, wéi si dës Ried héieren hunn?“
[13] Hien huet geäntwert: „All Planz, déi mäin himmlesche Papp net gesat huet, gëtt erausgerappt.
[14] Loosst si! Si si Blanner, déi déi Blann féieren! Wann e Blannen e Blanne féiert, fale se allebéid an e Gruef.“
[15] Doropshi sot de Péitrus zu him: „Erklär eis dëst Gläichnes!“
[16] „Hutt dir dat och nach ëmmer net bekäppt?“, sot de Jesus.
[17] „Verstitt dir dann net, datt alles, wat duerch de Mond erakënnt, an de Bauch geet an dann op natierlechem Wee ausgescheet gëtt.
[18] Mee dat, wat aus dem Mond erauskënnt, kënnt aus dem Häerz an dat mécht de Mënsch onreng.
[19] Aus dem Häerz kommen nämlech béis Gedanken, fir ze ermorden, d’Bestietnes ze briechen, andeems ee friemgeet, onerlaabte Sex ze hunn, ze klauen, falsch auszesoen an ze lästeren.
[20] Alles dat mécht de Mënsch onreng. Mat ongewäschen Hänn z’iessen, mécht de Mënsch awer net onreng.“
[21] De Jesus goung vun do fort an huet sech an d’Géigend vun Tyr an Zidon zeréckgezunn.
[22] Du koum eng Kanaaniterin aus där Regioun bei hien an huet geruff: „Erbaarm dech menger, Här, Jong vum David! Meng Duechter gëtt schrecklech vun engem Dämon geplot.“
[23] De Jesus huet awer guer net drop geäntwert. Seng Jénger koume bei hien an hunn hie gebieden: „Schéck si dach fort! Si jäizt hannert eis hier.“
[24] De Jesus huet geäntwert: „Ech gouf just bei déi verluere Schof aus dem Haus Israel geschéckt.“
[25] Mee d’Fra koum bei hien, huet sech virun him vernäipt a sot: „Här, hëllef mir!“
[26] „Et ass net gutt, de Kanner hiert Brout ewechzehuelen an et bei d’Mippercher ze geheien“, huet hie geäntwert.
[27] „Jo, Här“, sot si, „mee esouguer d’Mippercher friessen d’Grimmelen, déi vum Dësch vun hirem Meeschter falen!“
[28] Dunn huet de Jesus hir geäntwert: „Fra, däi Glawen ass grouss! Däi Wonsch soll dir erfëllt ginn.“ An deem Abléck gouf hir Duechter geheelt.
[29] De Jesus huet déi Plaz verlooss a goung laanscht de Séi vu Galilea. Du goung hien op e Bierg an huet sech do niddergesat.
[30] Ganz vill Leit koume bei hien. Si hunn déi Schlamm, déi Blann, déi Stomm, d’Krëppelen an nach vill anerer dem Jesus virun d’Féiss geluecht an hien huet si geheelt.
[31] D’Leit ware verwonnert, wéi si gesinn hunn, datt déi Stomm geschwat hunn, d’Krëppelen nees gesond waren, déi Schlamm goen an déi Blann gesi konnten. Si hunn de Gott vun Israel gelueft.
[32] De Jesus huet seng Jénger bei sech geruff a sot: „Ech hu Matleed mat de Leit, well si schonn zënter dräi Deeg bei mir sinn an näischt méi hunn, fir z’iessen. Ech wëll si net hongereg fortschécken, soss brieche si ënnerwee nach zesummen.“
[33] Seng Jénger froten hien: „Wou kënne mir esou vill Brout op dëser verloossener Plaz hierkréien, fir esou vill Leit sat ze kréien?“
[34] „Wéi vill Brout hutt dir?“, frot de Jesus si. „Siwe Ruechten an nach vereenzelt kleng Fësch“, sote si.
[35] De Jesus huet de Leit befuel, sech op de Buedem ze setzen.
[36] Hien huet déi siwe Ruechte Brout an d’Fësch geholl, dofir Merci gesot, si a Stécker gedeelt a senge Jénger ginn, fir se un d’Leit ze verdeelen.
[37] Jiddereen huet giess a gouf sat. Si hu siwe grouss Kierf mat Reschter vun de Stécker agesammelt.
[38] Et ware véierdausend Männer, déi giess haten, ouni d’Fraen an d’Kanner matzezielen.
[39] Nodeems de Jesus d’Leit fortgeschéckt hat, ass hien an en Naache geklommen an ass an d’Géigend vu Magdala gefuer.