Skip to content
Opens in a new window

[1] Zu där Zäit goung de Jesus um Sabbat duerch Weessefelder. Seng Jénger haten Honger an hunn ugefaangen, d’Éien ze plécken an z’iessen.

[2] Wéi d’Pharisäer dat gesinn hunn, sote si zum Jesus: „Kuck! Deng Jénger maachen eppes, wat um Sabbat net erlaabt ass!“

[3] „Hutt dir net gelies, wat den David gemaach hat, wéi hien a seng Komeroden hongereg waren?“, huet de Jesus hinne geäntwert.

[4] „Hie goung an d’Haus vu Gott an huet d’Ausstellungsbrout giess, wat weder him nach senge Komeroden erlaabt war, mee nëmmen de Priister.

[5] Oder hutt dir net am Gesetz gelies, datt d’Priister op de Sabbaten de Sabbat profanéiert hunn an dach onschëlleg waren?

[6] Ech soen iech, et ass een hei, dee méi wichteg wéi den Tempel ass.

[7] Wann dir gewosst hätt, wat: ‚Ech wëll Baarmhäerzegkeet an net Affer‘, (Hoschea 6,6) bedeite géif, dann hätt dir déi Onschëlleg net veruerteelt.

[8] De Jong vum Mënsch ass Här iwwert de Sabbat.“

[9] De Jesus goung vun där Plaz fort a goung an hir Synagog.

[10] Do war e Mann mat enger verkrëppelter Hand. „Ass et erlaabt, um Sabbat ze heelen?“, frote si de Jesus. Dat hu si gemaach, fir hie kënnen unzekloen.

[11] De Jesus huet hinne geäntwert: „Huelt un, et hätt ee vun iech e Schof. Wann et um Sabbat an e Gruef fale géif, wie vun iech géif et dann net eraushuelen?

[12] E Mënsch ass dach vill méi wäert ewéi e Schof! Dofir ass et erlaabt, um Sabbat Guddes ze doen.“

[13] Du sot hien zum Mann: „Streck deng Hand aus!“ Hien huet se ausgestreckt a seng Hand gouf gesond, esou gesond wéi déi aner.

[14] Du goungen d’Pharisäer vun do fort an hu sech ënnertenee beroden, wéi si hie kéinten ëmbréngen.

[15] De Jesus war sech däers bewosst an huet sech dofir vun do zeréckgezunn. E sëlleche Leit goungen him no an hien huet si all geheelt.

[16] Hien huet de Leit awer befuel, hien net bekanntzemaachen.

[17] Esou huet sech dat erfëllt, wat duerch de Prophéit Yesaia gesot gouf:

[18] „Kuck! Mäin Dénger, deen ech auserwielt hunn; deen, deen ech gär hunn an un deem sech meng Séil erfreet. Ech leeë mäi Geescht op hien an hie verkënnegt den Natioune Gerechtegkeet.

[19] Hie streit net a jäizt net. Et héiert kee seng Stëmm an de Stroossen.

[20] D’Lëtsch, déi geknéckst ass, mécht hien net futti an d’Wick, déi gloust, dréckt hien net aus, bis hien d’Gerechtegkeet an den Triumph féiert.

[21] Op säin Numm hoffen d’Natiounen.“ (Yesaia 42,1-4)

[22] Du gouf e Mann bei hie bruecht, dee vun engem Dämon besiess war a blann a stomm war. De Jesus huet hie geheelt, esou datt dee blanne Stommen nees schwätzen a gesi konnt.

[23] All d’Leit ware verwonnert a soten: „Kéint deen de Jong vum David sinn?“

[24] Mee wéi d’Pharisäer dovunner héieren hunn, sote si: „Hien dreift dach Dämonen nëmmen duerch de Beelsebul aus, de Prënz vun den Dämonen!“

[25] De Jesus huet hir Gedanke kannt a sot zu hinnen: „All Kinnekräich, wat a sech selwer gespléckt ass, geet zu Grond an all Stad oder Famill, déi a sech selwer gespléckt ass, bleift net bestoen.

[26] Wann de Satan de Satan ausdreift, dann ass hien a sech selwer gespléckt. Wéi ka säi Kinnekräich da bestoe bleiwen?

[27] Wann ech duerch de Beelsebul Dämonen ausdreiwen, duerch wien dreiwen dann är Kanner se aus? Dofir gi si zu äre Riichteren.

[28] Wann ech awer Dämonen duerch de Geescht vu Gott ausdreiwen, dann ass effektiv d’Kinnekräich vu Gott bei iech komm.

[29] Wéi kann een an d’Haus vun engem staarke Mann abriechen a säi Besëtz klauen, wann en net fir d’éischt de staarke Mann fesselt? Eréischt da kann en d’Haus plëmmen.

[30] Wien net mat mir ass, ass géint mech a wien net mat mir sammelt, dee verspreet.

[31] Dofir soen ech iech, datt all Sënn a Lästerung de Mënsche verzie gëtt, mee d’Lästerung géint de Geescht gëtt de Mënschen net verzien.

[32] Wien e Wuert géint de Jong vum Mënsch seet, dee kritt verzien; mee wie géint den hellege Geescht schwätzt, dee kritt net verzien, weder an dësem Zäitalter nach an dem zukünftegen Zäitalter.

[33] Entweder dir hutt e gudde Bam a seng Friichte si gutt oder dir hutt e faule Bam a seng Friichte si faul. E Bam gëtt nämlech u senge Friichten erkannt.

[34] Dir Hickecht Viperen! Wéi kënnt dir, déi dir béis sidd, Guddes soen? Vun deem d’Häerz voll ass, dovu leeft de Mond iwwer.

[35] De gudde Mënsch bréngt Guddes aus dem Gudden ervir, wat hien a sech huet, an de béise Mënsch bréngt Béises aus dem Béisen ervir, wat hien a sech huet.

[36] Ech soen iech awer, datt d’Mënschen iwwert all onnëtzt Wuert, dat si gesot hunn, um Dag vum Geriicht Rechenschaft ofleeë mussen.

[37] Opgrond vun denge Wierder gëss du nämlech fräigesprach an opgrond vun denge Wierder gëss du veruerteelt.“

[38] En etlech Léiermeeschtere vum Gesetz a Pharisäer soten zu him: „Léiermeeschter, mir wëllen en Zeeche vun dir gesinn.“

[39] Hien huet geäntwert: „Eng béis an ontrei Generatioun sicht no engem Zeechen, mee si kritt keen Zeechen, ausser dem Zeeche vum Prophéit Yona.

[40] Esou wéi de Yona dräi Deeg an dräi Nuechten am Bauch vum risege Fësch war, (Yona 2,1) ass de Jong vum Mënsch dräi Deeg an dräi Nuechten an der Déift vun der Äerd.

[41] D’Männer aus Nineve stinn um Geriicht zesumme mat dëser Generatioun op a veruerteele si, well si ëmgekéiert waren, wéi de Yona hinne gepriedegt hat. Kuckt, et ass een hei, dee méi dichteg ass wéi de Yona.

[42] D’Kinnigin vum Süde steet um Geriicht zesumme mat dëser Generatioun op a veruerteelt si. Si koum nämlech vum Enn vun der Äerd fir dem Salomon seng Wäisheet ze héieren. Kuckt, et ass een hei, dee méi wichteg ass wéi de Salomon.

[43] Wann en onrenge Geescht aus engem Mënsch fiert, zitt en duerch dier Plazen, fir Rou ze sichen, mee e fënnt keng.

[44] Da seet en: ‚Ech ginn hannescht a mäin Heem, vu wou ech koum.‘ Wann hien heemkënnt, fënnt hien et eidel, gekiert a geraumt.

[45] Da geet hien hin an hëlt siwen aner Geeschter mat sech, déi méi béis si wéi hien, a si fueren do eran a bleiwen dra wunnen. Esou gëtt de leschten Zoustand vum Mënsch méi schro wéi den éischten. Esou ass et och mat dëser béiser Generatioun.“

[46] Wéi de Jesus nach mat de Leit geschwat huet, stounge seng Mamm a seng Geschwëster dobaussen a wollte mat him schwätzen.

[47] Du sot een zu him: „Deng Mamm an deng Geschwëster stinn dobaussen a wëlle mat der schwätzen.“

[48] Mee hien huet deem geäntwert, deen him dat gesot hat: „Wien ass meng Mamm? Wie si meng Geschwëster?“

[49] Hien huet mat senger Hand op seng Jénger gewisen a sot: „Kuck meng Mamm a meng Geschwëster!

[50] Wien de Wëlle vu mengem Papp am Himmel mécht, deen ass mäi Brudder, meng Schwëster a meng Mamm.“

De Mattias — Chapters