[1] De Jesus huet seng zwielef Jénger bei sech geruff an huet hinnen Autoritéit ginn, fir onreng Geeschter auszedreiwen a jidder Krankheet a jidder Daierlechkeet ze heelen.
[2] Dat hei sinn d’Nimm vun den zwielef Apostelen: fir d’éischt de Schimon, deen och Péitrus genannt gouf, a säi Brudder Andreas; de Jacques, deen de Jong vum Sabdai war, a säi Brudder Jean;
[3] de Philippe an de Bar-Talmai; den Thomas an de Mattias, de Steierandreiwer; de Jacques, deen de Jong vum Alfai war, an de Labbai, deen Taddai genannt gouf;
[4] de Schimon, de Kanaaniter, an de Judas Ischkariot, deen hie verroden huet.
[5] De Jesus huet déi Zwielef mat der Uweisung erausgeschéckt: „Gitt net bei d’Net-Judden a gitt a keng Stad vun de Samariter.
[6] Gitt villméi bei déi verluere Schof aus dem Haus Israel.
[7] Gitt a verkënnegt: ‚D’Kinnekräich vum Himmel ass nobäi.‘
[8] Heelt déi Krank, rengegt déi Aussätzeg, bréngt déi Doudeg nees zum Liewen zeréck an dreift Dämonen aus! Fir näischt krut dir, dofir gitt och fir näischt weider!
[9] Huelt kee Gold, kee Sëlwer a keng Koffermënzen an ärem Rimm mat.
[10] Huelt keng Posch mat op är Rees, keng zwou Tuniquen, keng Sandalen a keng Stief. En Aarbechter huet nämlech säin Iesse verdéngt.
[11] Wéini och ëmmer dir an eng Stad oder en Duerf eragitt, do sicht, wie wierdeg ass, a bleift bei deem, bis dir déi Uertschaft verloosst.
[12] Wann dir an d’Haus eragitt, da begréisst déi, déi do wunnen.
[13] Wann de Stot wierdeg ass, da loosst äre Fridden op em rouen; mee wann en net wierdeg ass, da loosst äre Fridde bei iech zeréckkommen.
[14] Wann een iech net ophëlt oder iech net nolauschtert, wann dir dee Stot oder déi Stad verloosst, da rëselt de Stëbs ënnert äre Féiss of.
[15] Ech soen iech d’Wourecht: Fir Sodom a Gomorra ass et um Dag vum Geriicht besser auszehale wéi fir dës Stad.
[16] Gitt uecht, ech schécken iech wéi Schof ënner Wëllef eraus. Sidd dofir esou lous ewéi Schlaangen, mee esou harmlos ewéi Dauwen.
[17] Huelt iech an uecht virun de Mënschen, well si iech un déi lokal Sanhedrinen ausliwweren an iech an hire Synagoge gäisselen.
[18] Dir gitt wéinst menger viru Gouverneuren a Kinneke bruecht, fir virun hinnen an den Net-Judden auszesoen.
[19] Wa si iech riichten, da maacht iech keng Suergen doriwwer, wéi oder wat dir soe sollt. Dee Moment gëtt iech aginn, wat dir soe sollt.
[20] Net dir schwätzt dann, mee de Geescht vun ärem Papp schwätzt duerch iech.
[21] Et liwwert och ee Brudder deen aneren dem Doud aus an de Papp säi Kand. Kanner rebelléiere géint hir Elteren a loosse si ëmbréngen.
[22] Wéinst mengem Numm gitt dir vu jidderengem gehaasst. Mee wie bis un d’Enn aushält, gëtt gerett.
[23] Wa si iech an enger Stad verfollegen, da flücht an eng aner. Ech soen iech nämlech d’Wourecht: Dir gitt net duerch all d’Stied vun Israel, éier de Jong vum Mënsch kënnt.
[24] E Léierbouf steet net iwwert sengem Léiermeeschter an en Dénger och net iwwert sengem Meeschter.
[25] Et geet duer, datt e Léierbouf wéi säi Léiermeeschter gëtt an en Dénger wéi säi Meeschter. Wa si den Haushär ‚Beelsebul‘ genannt hunn, ëm wéi vill méi dann déi aus sengem Stot!
[26] Hutt dofir keng Angscht virun hinnen. Et gëtt nämlech näischt, wat verdeckt ass, wat net opgedeckt gëtt, an näischt, wat verstoppt ass, wat net bekannt gëtt.
[27] Wat ech iech am Däischtere soen, dat sot am Liicht; wat dir an d’Ouer gepëspert kritt, dat verkënnegt op den Diech.
[28] Hutt keng Angscht virun deenen, déi de Kierper ëmbréngen, d’Séil awer net ëmbrénge kënnen. Hutt vill méi Angscht virun deem, deen d’Séil an de Kierper an der Gehenna zerstéiere kann.
[29] Ginn net zwee Spatze fir eng Koffermënz verkaf? An dach fält kee vun hinnen op de Buedem, ouni datt äre Papp et weess.
[30] Bei iech sinn esouguer all d’Hoer op ärem Kapp gezielt.
[31] Hutt dofir keng Angscht! Dir sidd méi wäert wéi vill Spatzen.
[32] Wie sech virun de Mënschen zu mir bekennt, zu deem bekennen och ech mech viru mengem Papp am Himmel.
[33] Mee wie mech virun de Mënsche verleegent, dee verleegnen och ech viru mengem Papp am Himmel.
[34] Mengt net, datt ech komm sinn, fir Fridden op d’Äerd ze bréngen. Ech sinn net komm, fir Fridden ze bréngen, mee d’Schwäert.
[35] Ech sinn nämlech komm, fir ‚e Mann géint säi Papp, d’Duechter géint hir Mamm, an d’Schnauer géint hir Schwéiermamm‘ opzebréngen.
[36] ‚Engem Mann seng Feinde si Memberen aus sengem eegene Stot.‘ (Micha 7,6)
[37] Wie Papp oder Mamm léiwer huet wéi mech, ass menger net wäert; wie Jong oder Duechter léiwer huet wéi mech, ass menger net wäert.
[38] Wie säi Kräiz net op sech hëlt a mir nogeet, ass menger net wäert.
[39] Wie säi Liewe fënnt, verléiert et, a wie säi Liewe wéinst menger verléiert, fënnt et.
[40] Wien iech ophëlt, hëlt mech op, a wie mech ophëlt, hëlt deen op, dee mech geschéckt huet.
[41] Wien e Prophéit ophëlt, well hien e Prophéit ass, kritt de Loun vun engem Prophéit. Wien e Gerechten ophëlt, well hien e Gerechten ass, kritt de Loun vun engem Gerechten.
[42] Wien engem vun dëse Klengen och nëmmen e Becher kaalt Waasser ze drénke gëtt, well hie mäi Jénger ass, ech soen iech d’Wourecht, dee kritt op alle Fall säi Loun.“