[1] Sechs Deeg drop huet de Jesus de Péitrus, de Jacques an deem säi Brudder Jean eleng mat op en héije Bierg geholl.
[2] Hie gouf do virun hinne verwandelt. Säi Gesiicht huet ewéi d’Sonn geliicht a seng Kleeder goufe wäiss ewéi d’Liicht.
[3] Op eemol hu si de Moses an den Elia, déi mam Jesus geschwat hunn, viru sech gesinn.
[4] „Här, et ass gutt, datt mir hei sinn!“, sot de Péitrus zum Jesus. „Wann s du wëlls, riichte mir dräi Zelter hei op: eent fir dech, eent fir de Moses an eent fir den Elia.“
[5] Wéi hien nach am Gaang war, ze schwätzen, huet eng hell Wollek hire Schiet op si geworf. Eng Stëmm koum aus der Wollek, déi sot: „Dat hei ass mäi Jong, deen ech gär hunn an un deem ech Gefalen hunn. Lauschtert op hien!“
[6] Wéi d’Jénger dat héieren hunn, krute si et mat der Angscht ze dinn an hu sech mam Gesiicht op de Buedem gehäit.
[7] Mee de Jesus koum bei si an huet si beréiert. „Stitt op!“, sot hien. „Hutt keng Angscht!“
[8] Wéi si opgekuckt hunn, hu si keen ausser dem Jesus gesinn. Hie war eleng.
[9] Iwwerdeems si de Bierg erofgoungen, huet de Jesus hinnen opgedroen: „Zielt kengem vun dëser Visioun, bis de Jong vum Mënsch vun den Doudegen operstanen ass.“
[10] „Firwat soen d’Léiermeeschtere vum Gesetz, datt den Elia fir d’éischt komme muss?“, froten d’Jénger hien.
[11] „Den Elia kënnt effektiv fir d’éischt, fir alles nees hierzestellen“, huet de Jesus hinne geäntwert.
[12] „Ech soen iech, datt den Elia scho komm ass a si hunn hien net erkannt. Si hu mat him gemaach, wat si wollten. Geneesou muss de Jong vum Mënsch duerch si leiden.“
[13] Dunn hunn d’Jénger verstanen, datt hien hinne vum Jean dem Deefer geschwat huet.
[14] Si koume bei eng Hellewull Leit an du koum e Mann bei de Jesus, huet sech virun hie geknéit a gesot:
[15] „Här, hief Erbaarme mat mengem Bouf. Mäi Bouf fält nämlech an d’Kränkt a muss fuerchtbar leiden. Hie fält dacks an d’Feier an dacks an d’Waasser.
[16] Ech hunn hie bei deng Jénger bruecht, mee si konnten hien net heelen.“
[17] „Dir ongleeweg a pervers Generatioun!“, huet de Jesus geäntwert. „Wéi laang soll ech nach bei iech sinn a wéi laang muss ech iech nach erdroen? Bréngt de Jong bei mech!“
[18] Dunn huet de Jesus dem Dämon gedreet an en ass aus dem Jong gefuer. An deem Abléck nach gouf de Jong geheelt.
[19] Duerno koumen d’Jénger bei de Jesus a wéi si eleng waren, frote si hien: „Firwat konnte mir de Geescht net ausdreiwen?“
[20] Hien huet geäntwert: „Dat war, well et iech u Glawe gefeelt huet. Ech soen iech d’Wourecht! Wann dir Glawen esou grouss wéi e Moschterkär hätt, da kéint dir zu dësem Bierg soen: ‚Beweeg dech vun heihinner bis dohinner‘ an e géif sech beweegen. Näischt wäert fir iech onméiglech sinn.
[21] Mee dës Zort vu Geescht fiert net eraus, ausser duerch Gebiet a Faaschten.“
[22] Wéi si zesummen a Galilea Zäit verbruecht hunn, sot de Jesus zu hinnen: „De Jong vum Mënsch gëtt an d’Hänn vun de Mënschen ausgeliwwert.
[23] Si bréngen hien ëm, mee um drëtten Dag gëtt hien nees erwächt.“ Si goufen dowéinst schrecklech traureg.
[24] Wéi si op Kapernaum koumen, koumen déi, déi den hallwe Schekel asammelen, bei de Péitrus a froten hien: „Äre Léiermeeschter bezilt jo d’Tempelsteier, oder net?“
[25] „Dach“, sot deen. Wéi hien an d’Haus koum, huet de Jesus fir d’éischt mat him geschwat: „Schimon, wat mengs du? Vu wiem huelen déi ierdesch Kinneken Zoll a Steieren an? Huele si déi vun hire Kanner oder vu Friemer?“
[26] „Ma vu Friemer“, huet de Péitrus geäntwert. „Da sinn d’Kanner entlaascht“, sot de Jesus zu him.
[27] „Mee fir si net ze beleidegen, géi bei de Séi a werf d’Aangel mat engem Kreepchen aus. Huel dann den éischte Fësch, deen s du fänks eraus, a maach him d’Maul op. Do fënns du ee Schekel. Huel deen a gëff e fir mech a fir dech of.“