Skip to content
Opens in a new window

[1] Zu där Zäit ass de Jean den Deefer ëffentlech opgetrueden an huet an der Wüst vu Judea gepriedegt:

[2] „Kéiert ëm, well d’Kinnekräich vum Himmel ass nobäi!“

[3] De Jean ass nämlech deen, vun deem de Prophéit Yesaia geschriwwen huet: „Eng Stëmm rifft an der Wüst: ‚Preparéiert de Wee fir den Här, maacht seng Weeër fräi!‘“ (Yesaia 40,3)

[4] Dem Jean seng Kleeder waren aus Kaméilhoer an hien hat e Liederrimm ëm seng Taille. Hien huet Heesprénger a wëllen Hunneg giess.

[5] Zu där Zäit goungen d’Leit vu Jerusalem, ganz Judea an och der ganzer Ëmgéigend vum Jordan bei hien.

[6] Si hunn hir Sënne bekannt a goufen am Jordan vun him gedeeft.

[7] Hien huet e sëlleche Pharisäer an Zaddukiter op seng Daf gesi kommen a sot zu hinnen: „Dir Hickecht Viperen! Wien huet iech da gewarnt, fir virun der zukünfteger Roserei ze flüchten?

[8] Bréngt Friichten ervir, déi der Ëmkéier entspriechen!

[9] Mengt och net, datt dir zu iech selwer soe kéint: ‚Den Abraham ass eise Papp!‘ Ech soen iech nämlech, datt Gott aus dëse Steng Kanner fir den Abraham schloe kann.

[10] D’Aaxt gouf schonn un d’Wuerzel vun de Beem geluecht. All Bam, dee keng gutt Friichten dréit, gëtt ëmgehaen an an d’Feier gehäit.

[11] Ech deefen iech mat Waasser als Zeeche vun der Ëmkéier, mee deen, deen no mir kënnt, ass méi mächteg wéi ech, an ech sinn et net wäert, fir seng Sandalen ze droen. Hien deeft iech mam hellege Geescht.

[12] Hien huet säi Wann am Grapp, fir seng Genn grëndlech ze botzen a féiert säi Weess an d’Scheier eran, mee de Kuef verbrennt hien an engem Feier, dat ni ausgeet.“

[13] Du koum de Jesus vu Galilea bei de Jean, dee beim Jordan war, fir vun him gedeeft ze ginn.

[14] Mee de Jean wollt hien dovunner ofhalen: „Ech misst vun dir gedeeft ginn an dach kënns du bei mech?“

[15] „Looss et elo zou! Et ass nämlech ubruecht, datt mir esou all Gerechtegkeet erfëllen“, huet de Jesus him geäntwert. Dunn huet de Jean et zougelooss.

[16] Esoubal de Jesus gedeeft gi war, koum hien aus dem Waasser eraus. Du gouf den Himmel fir hien opgemaach an hien huet de Geescht vu Gott gesi wéi eng Dauf erofkommen an op him bleiwen.

[17] Eng Stëmm koum aus dem Himmel: „Dat hei ass mäi Jong, deen ech gär hunn. Un him hunn ech Gefale fonnt.“

De Mattias — Chapters