[1] Wéi mir bis a Sécherheet waren, hu mir erausfonnt, datt d’Insel Malta heescht.
[2] D’Awunner waren ongewéinlech frëndlech mat eis. Et huet gereent a war schrecklech kal. Dofir hu si e Feier gemaach an eis all wëllkomm geheescht.
[3] Nodeems de Paul e Koup Reiser agesammelt a se op d’Feier geluecht hat, koum wéinst der Hëtzt eng Viper eraus an huet sech u senger Hand festgebass.
[4] Wéi d’Awunner d’Kreatur op senger Hand hänke gesinn hunn, sote si een zum aneren: „Bestëmmt ass dëse Mann e Mäerder an d’Gerechtegkeet wollt hien net um Liewe loossen, och wann hien dem Mier entkomm ass.“
[5] De Paul huet d’Viper an d’Feier gerëselt an et ass him kee Leed geschitt.
[6] Si hunn drop gewaart, datt de Paul géif oplafen oder op eemol dout ëmfalen. Mee nodeems si eng laang Zäit gewaart hunn a gesinn hunn, datt him kee Schued geschitt war, hu si hir Meenung geännert a soten hie wier e Gott.
[7] An där Géigend gouf et en Domaine vum Haaptbeamte vun der Insel, dee Publius geheescht huet. Deen huet eis als Gäscht bei sech opgeholl an huet eis während dräi Deeg gaaschtfrëndlech logéiert.
[8] Dem Publius säi Papp war mat Féiwer a roudem Bauchwéi krank. De Paul goung bei hien eran an huet gebiet. Hien huet seng Hänn op hie geluecht an huet hie geheelt.
[9] Nodeems dat geschitt war, koumen all déi aner Krank op der Insel och dohin a goufe geheelt.
[10] Si hunn eis mat villen Éieren iwwerheeft a wéi mir fortgoungen, hu si eis mat allem Néidege versuergt.
[11] Dräi Méint drop si mir mat engem Schëff aus Alexandria fortgesegelt, dat d’Kennzeeche vun den Dioskure gedroen huet an dat bei der Insel iwwerwantert hat.
[12] Mir koumen zu Syrakus u Land an hunn dräi Deeg do verbruecht.
[13] Vun do si mir weider gesegelt a koumen op Regium. Den Dag drop huet sech e Südwand erhuewen an esou koume mir um zweeten Dag op Puteoli.
[14] Do hu mir Bridder begéint a goufen invitéiert, fir siwen Deeg bei hinnen ze logéieren. An esou koume mir op Roum.
[15] Wéi d’Bridder vu Roum héieren haten, datt mir ënnerwee wieren, si si eis bis bei de „Forum vun Appius“ an den „Dräi Tavernen“ entgéintkomm. Wéi de Paul si gesinn huet, sot hie Gott Merci an huet sech en Häerz geholl.
[16] Nodeems mir zu Roum ukomm waren, huet den Offizéier d’Prisonéier un de Kommandant vum Praetorium ausgeliwwert. Mee dem Paul gouf et erlaabt, eleng ze wunnen, just mat engem Zaldot, fir hien ze bewaachen.
[17] Dräi Deeg drop huet de Paul déi Iewescht vun de Judden zesummegeruff. Wéi si sech zesummefonnt haten, sot hien zu hinnen: „Männer! Bridder! Och wann ech näischt géint eist Vollek oder d’Bräich vun eise Pappe gemaach hunn, gouf ech vu Jerusalem aus als Prisonéier an d’Hänn vun de Réimer iwwerliwwert.
[18] Nodeems si mech verhéiert haten, wollte si mech goe loossen, well et kee Grond gouf, fir mech hinzeriichten.
[19] Mee wéi d’Judden net domadder averstane waren, war ech gezwongen, fir mech op den Caesar ze beruffen, obwuel ech keng Uklo géint meng eegen Natioun hat.
[20] Aus dësem Grond hunn ech iech ruffe gelooss, fir iech ze gesinn a mat iech ze schwätzen: Wéinst der Hoffnung vun Israel sinn ech mat dëser Kette gefesselt.“
[21] Dunn hu si him geäntwert: „Mir hu weder Bréiwer iwwert dech aus Judea kritt, nach huet iergendee vun de Bridder, déi komm sinn, eppes Béises iwwert dech matgedeelt oder gesot.
[22] Mir wëllen awer vun dir héieren, wat s du denks, well mir wëssen, datt iwwerall béis iwwert dës Sekt geschwat gëtt.“
[23] Um Dag, dee si festgeluecht haten, fir sech mat him ze treffen, koumen der vill bei hien a seng Wunneng. Hien huet hinnen d’Kinnekräich vu Gott erkläert a verkënnegt. Hien huet si vum Mueren bis an den Owend vum Jesus iwwerzeegt, andeems hie sech op d’Gesetz vum Moses an op d’Prophéite beruff huet.
[24] Munch Judde goufe vun deem, wat hie gesot huet, iwwerzeegt. Anerer hunn dat, wat hie gesot huet, net gegleeft.
[25] Ënnertenee ware si sech oneens. Si gounge fort, nodeems de Paul dës Ausso gemaach hat: „Den hellege Geescht hat Recht, wéi hien duerch de Prophéit Yesaia zu eise Pappe geschwat hat:
[26] ‚Géi bei dëst Vollek a so: „Dir héiert ëmmer nees, mee verstitt net; dir gesitt ëmmer nees, mee erkennt net.
[27] Dësem Vollek säi Verstand huet nogelooss an et kann näischt méi verstoen. Seng Oueren héieren nëmmen nach schwéier an et huet seng Aen zougemaach; soss kéint et mat sengen Ae gesinn, mat sengen Oueren héieren a mat sengem Verstand verstoen a bereien an ech géif si heelen.“‘ (Yesaia 6,9-10)
[28] Dofir sollt dir wëssen, datt d’Rettung vu Gott un d’Net-Judde geschéckt gouf. Si lauschteren no!“
[29] Wéi de Paul dat gesot hat, goungen d’Judde vun do fort an hu ferm ënnerteneen diskutéiert.
[30] De Paul blouf zwee ganzer Joer a senger gelounter Wunneng an huet jiddereen, deen hie besiche koum, wëllkomm geheescht.
[31] Hien huet fräi an oppen d’Kinnekräich vu Gott verkënnegt an huet si alles iwwert den Här Jesus, de Messias, geléiert.