[1] De Péitrus an de Jean goungen zesummen ëm dräi Auer nomëttes an den Tempel erop, wéi et d’Zäit vum Gebiet war.
[2] Do gouf et e Mann, dee vu Gebuert u schlamm war an all Dag bei den Tempel gedroe gouf. Hie gouf bei d’Paart vum Tempel, déi „Déi Schéin“ genannt gouf, geluecht, fir do bei de Leit, déi an den Tempel eragaange sinn, ze heeschen.
[3] Wéi hien de Péitrus an de Jean gesinn huet, déi um Punkt waren, fir an den Tempel eranzegoen, huet hie si ëm Almose gefrot.
[4] Zesumme mam Jean huet de Péitrus hie fixéiert a gesot: „Kuck eis un!“
[5] De Mann huet op si gekuckt, well hien erwaart huet, eppes vun hinnen ze kréien.
[6] De Péitrus sot: „Sëlwer a Gold hunn ech net, mee dat, wat ech hunn, ginn ech dir: Am Numm vum Messias, dem Jesus vun Nazaret, stéi op a géi!“
[7] Dunn huet de Péitrus hie mat der rietser Hand gepaakt an hien opgeriicht. Eenzock goufe seng Féiss a seng Enkele staark.
[8] Hien ass opgesprongen, konnt stoen a goen. Du goung hie mat hinnen an den Tempel eran: Hien ass ronderëm gaangen a gesprongen an huet Gott gelueft.
[9] All d’Leit hunn hie goen a Gott luewe gesinn.
[10] Si hunn hien als deen erkannt, dee bei der Schéiner Paart vum Tempel gesiess hat, fir ze heeschen. Si ware voller Verwonnerung a Staunen iwwert dat, wat him geschitt war.
[11] Während de Gelähmten, dee geheelt gouf, sech un de Péitrus an un de Jean festgehalen huet, koumen all d’Leit voller Staune zesumme bei si gelaf an d’Hal, déi dem „Salomon seng Hal“ genannt gëtt.
[12] Wéi de Péitrus dat gesinn huet, huet hie sech un d’Vollek geriicht: „Männer vun Israel, firwat sidd dir heiriwwer verwonnert? Firwat stuerkt dir op eis, wéi wa mir aus eegener Kraaft oder Frëmmegkeet dëse Mann goe gedoen hätten?
[13] De Gott vum Abraham, vum Isaak a vum Jakob, de Gott vun eise Virfueren huet säin Dénger, de Jesus, verherrlecht, nämlech dee Jesus, deen dir ausgeliwwert a virum Pilatus verleegent hutt, wéi dee sech dofir entscheet hat, fir hie fräizeloossen.
[14] Dir hutt awer den Hellegen an de Gerechte verleegent an hutt gefrot, datt e Mäerder fir iech sollt fräigelooss ginn.
[15] De Prënz vum Liewen hutt dir ëmbruecht, dee Gott awer vun den Doudegen operstoe gelooss huet. Dovunner si mir Zeien.
[16] Et ass duerch de Glawen u säin Numm, datt säin Numm dëse Mann, deen dir gesitt a kennt, staark gemaach huet. De Glawen, deen duerch säin Numm kënnt, huet deem heite Mann virun iech alleguer dës vollstänneg Gesondheet erëmginn.
[17] Geschwëster, ech weess, datt dir dat an der Onwëssenheet gemaach hutt, genee wéi och är Iewescht vum Vollek.
[18] Mee dat, wat Gott duerch de Mond vun all senge Prophéite virausgesot hat, nämlech datt de Messias leide misst, huet hien op déi Manéier erfëllt.
[19] Kéiert dofir ëm an dréit iech zu Gott, fir datt är Sënne verdillegt ginn. Da komme vun der Präsenz vum Här Zäite vun der Erfrëschung
[20] an da kann hien iech dee schécken, deen iech virdrun ugekënnegt gouf: de Messias Jesus.
[21] Den Himmel muss de Messias ophuele bis déi Zäite kommen, an deenen alles erëm hiergestallt gëtt, déi Zäiten, vun deene Gott schonns zënter éiweg duerch de Mond vun all sengen hellege Prophéite geschwat huet.
[22] De Moses huet jo schonns zu de Virfuere gesot: ‚Den Här, äre Gott, berifft an der Zukunft fir iech e Prophéit, wéi ech ee sinn, aus äre Bridder. Dir sollt op alles, wat hien iech ze soen huet, lauschteren.‘ (5. Moses 18,15)
[23] ‚Jiddereen, deen net op dëse Prophéit lauschtert, soll aus dem Vollek verdillegt ginn.‘ (5. Moses 18,19)
[24] An och all d’Prophéiten, déi geschwat hunn, vum Samuel un an och déi no him komm sinn, hunn dës Deeg virausgesot.
[25] Dir sidd d’Nokomme vun de Prophéiten a vum Bond, dee Gott mat eise Virfuere geschloss huet, wéi hien zum Abraham sot: ‚Duerch däin Nokomme ginn all d’Vëlker vun der Welt geseent.‘ (1. Moses 22,18)
[26] Gott huet säin Dénger, de Jesus, operstoe gelooss an hie fir d’éischt bei iech geschéckt, fir iech ze seenen a fir all eenzele vun iech vu senge béisen Doten ofzebréngen.“