[1] De Schaul war mam Stephan sengem Mord averstanen. Deen Dag huet eng grouss Verfolgung géint d’Gemeinschaft, déi zu Jerusalem war, ugefaangen. Alleguer, ausser d’Apostelen, goufen uechter d’Géigende vu Judea a Samarien verspreet.
[2] Fromm Männer hunn de Stephan bäigesat an hunn ëm hien eng grouss Trauerklo gehalen.
[3] De Schaul wollt d’Gemeinschaft vernichten. Hie goung an all Haus, huet Männer a Frae fortgeschleeft a si an de Prisong gehäit.
[4] Déi, déi verspreet goufen, sinn iwwerall higaangen an hunn d’Wuert gepriedegt.
[5] De Philippe goung an eng Stad vu Samarien an huet hinnen do vum Messias gepriedegt.
[6] D’Leit hu ganz genee op dat gelauschtert, wat de Philippe gesot huet, wéi si hien héieren hunn an d’Zeechen, déi hie gemaach huet, gesinn hunn.
[7] Aus ville vun deenen, déi besiess waren, sinn nämlech déi onreng Geeschter mat haardem Gejäiz erausgefuer a vill Gelähmter a Schlammer goufe geheelt.
[8] Esou gouf et eng grouss Freed an där Stad.
[9] Et gouf e Mann, dee Schimon geheescht huet, dee fréier emol an der Stad Zauberei bedriwwen an d’Vollek vu Samarien an d’Staune versat hat, andeems hie sech als Dichtegen ausginn hat.
[10] Jiddereen, vum Klengste bis op dee Gréissten, hat op hie gelauschtert, well si gesot haten: „Dat ass déi grouss Kraaft vu Gott.“
[11] Si haten op hie gelauschtert, well hie si schonn zënter laangem mat senger Zauberei an d’Staune versat hat.
[12] Mee wéi d’Leit dem Philippe gegleeft hunn, wéi hien iwwert d’Kinnekräich vu Gott a vum Numm vum Messias Jesus gepriedegt huet, goufe souwuel Männer wéi och Frae gedeeft.
[13] Och de Schimon gouf gleeweg. Nodeems hie gedeeft war, huet hie sech dem Philippe ugeschloss a koum sech es net zou, wéi hien d’Wonner an d’Zeeche gesinn huet, déi gemaach goufen.
[14] Wéi d’Apostelen, déi zu Jerusalem waren, héieren hunn, datt d’Leit vu Samarien d’Wuert vu Gott ugeholl haten, hu si de Péitrus an de Jean bei si geschéckt.
[15] Wéi si ukoumen, hu si fir si gebiet, datt si den hellege Geescht kréichen.
[16] Hie war nämlech nach op kee vun hinnen erofkomm. Si ware just am Numm vum Här Jesus gedeeft ginn.
[17] Dunn hunn de Péitrus an de Jean hir Hänn op si geluecht a si hunn den hellege Geescht empfaangen.
[18] Wéi de Schimon gesinn huet, datt den hellege Geescht duerch d’Opleeë vun den Apostelen hiren Hänn vermëttelt gouf, huet hien hinne Suen ugebueden
[19] a gesot: „Gitt och mir dës Muecht, esou datt jiddereen, op deen ech meng Hänn leeën, den hellege Geescht empfänke kann.“
[20] „Deng Sue solle mat dir an d’Verdierfnes fueren, well s du gemengt hues, de Kaddo vu Gott mat Sue kënnen ze kafen!“, sot de Péitrus zu him.
[21] „Du hues weder en Undeel drun nach e Recht drop, well däin Häerz net éierlech viru Gott ass.
[22] Dofir kéier ewech vun denger Béisheet a biet zu Gott, datt d’Gedanken an dengem Häerz dir villäicht verzie ginn.
[23] Ech gesinn nämlech, datt s du duerch Jalousie vergëft an e Gefaangene vun der Ongerechtegkeet bass.“
[24] „Biet den Här fir mech, datt näischt vun deem, wat dir sot, iwwert mech kënnt“, huet de Schimon du geäntwert.
[25] Nodeems si d’Wuert vum Här bezeit a gepriedegt haten, gounge si zeréck op Jerusalem an hunn ënnerwee d’gutt Noriicht a villen Dierfer vun de Samariter verkënnegt.
[26] En Engel vum Här sot zum Philippe: „Stéi op a géi a Richtung Süden op där Strooss, déi vu Jerusalem op Gaza féiert, d’Strooss an der Wüst.“
[27] Du stoung hien op an huet sech op de Wee gemaach. Op där Strooss war en Ethiopier ënnerwee, deen en Eunuch an e Minister vun der Kandake, der Kinnigin vun den Ethiopier, war an deen all hir Schätz verwalt huet. Hie war op Jerusalem komm, fir Gott unzebieden,
[28] a war elo um Wee fir heem. Hie souz a senger Kutsch an huet de Prophéit Yesaia gelies.
[29] Du sot de Geescht zum Philippe: „Géi dohinner a schléiss dech dëser Kutsch un.“
[30] Dunn ass de Philippe dohigelaf an huet den Ethiopier héieren, de Prophéit Yesaia liesen. „Verstees du, wat s du do lies?“, frot hien.
[31] „Wéi kann ech dat wuel, ausser et erkläert ee mir den Text“, huet hie geäntwert. Dunn huet hien de Philippe gefrot, eropzeklammen a sech nieft hien ze setzen.
[32] De Passage aus der Schrëft, déi hien am Gaang war, ze liesen, war deen hei: „Esou wéi e Schof bei d’Schluechtbänk geféiert gëtt an esou wéi e Lamm stomm gëtt virun deem, deen et schiert, huet hie säi Mond net opgemaach.
[33] Hie gouf erniddregt an d’Recht gouf him verweigert. Wien zerbrécht sech schonn de Kapp iwwert seng Liewensdauer? Säi Liewe gouf nämlech vun der Äerd ofgeschnidden.“ (Yesaia 53,7-8)
[34] Den Eunuch frot de Philippe: „Ech bieden dech, vu wiem schwätzt de Prophéit hei? Vu sech selwer oder vun engem aneren?“
[35] Dunn huet de Philippe säi Mond opgedoen an huet dës Schrëft als Ausgangspunkt gebraucht, fir him d’gutt Noriicht vum Jesus ze verkënnegen.
[36] Wéi si op der Strooss weidergereest sinn, koume si bei Waasser. „Kuck, hei ass Waasser!“, sot den Eunuch. „Wat hënnert mech drun, fir gedeeft ze ginn?“
[38] Hien huet den Uerder ginn, fir d’Kutsch unzehalen. De Philippe an den Eunuch goungen dunn alle béid an d’Waasser eran an de Philippe huet hie gedeeft.
[39] Wéi si aus dem Waasser erauskoumen, huet de Geescht vum Här de Philippe eenzock ewechgeholl, esou datt den Eunuch hien net méi gesinn huet. Den Eunuch huet sech voller Freed weider op den Heemwee gemaach.
[40] De Philippe huet sech zu Aschdod erëmfonnt. Hien ass duerch d’Stad gaangen an huet d’gutt Noriicht an all de Stied gepriedegt bis hien op Caesarea koum.