Skip to content
Opens in a new window

[1] „Ass dat dann alles wouer?“, frot den Haaptpriister dunn.

[2] „Männer! Bridder a Pappen, lauschtert no!“, huet de Stephan geäntwert. „De Gott vun der Herrlechkeet ass eisem Papp Abraham erschéngen, wéi hien nach a Mesopotamien war, éier hien zu Haran gewunnt huet.

[3] Hie sot zu him: ‚Verlooss däi Land an deng Famill a géi an dat Land, wat ech dir weise wäert.‘ (1. Moses 12,1)

[4] Dofir huet hien d’Land vun de Kaldeeër verlooss an huet zu Haran gewunnt. Nodeems säi Papp gestuerwe war, huet Gott hie vun do aus an dëst Land geféiert, wou dir elo dra wunnt.

[5] Mee Gott hat him keng Ierfschaft an deem Land ginn, net emol esou vill, fir säi Fouss kënnen drop ze stellen. Obwuel den Abraham kee Kand hat, hat Gott him versprach, him a sengen Nokommen no him dëst Land als Besëtz ze ginn. (1. Moses 17,8; 48,4)

[6] Gott hat dem Abraham gesot, datt seng Nokomme spéiderhin an engem frieme Land wunnen an do véierhonnert Joer laang versklaavt a mësshandelt géife ginn. (1. Moses 15,13)

[7] ‚Mee dat Vollek, dat si versklaavt, riichten ech‘, sot Gott, ‚an duerno zéie si vun do fort an dénge mir op dëser Plaz.‘ (1. Moses 15,14; 2. Moses 3,12)

[8] Dunn huet hien dem Abraham de Bond vun der Beschneidung ginn. Den Abraham gouf de Papp vum Isaak an huet hien um aachten Dag beschnidden. Den Isaak gouf de Papp vum Jakob an de Jakob gouf de Papp vun den zwielef Patriarchen.

[9] D’Patriarche goufen op de Yossef jalous an hunn hien an Ägypten verkaf. Mee Gott war mat him

[10] an huet hien aus all sengem Leed gerett. Hien huet him Wäisheet an d’Gonscht vum Pharao, dem Kinnek vun Ägypten, ginn. Deen huet de Yossef zum Gouverneur iwwert Ägypten a säi ganze Stot ernannt.

[11] Eng Hongersnout koum iwwert ganz Ägypten a Kanaan. Et war eng grouss Nout an eis Virfueren hunn näischt méi fonnt, fir z’iessen.

[12] Wéi de Jakob dunn héieren huet, datt et Fruucht an Ägypten géif ginn, huet hien eis Virfueren eng éischte Kéier dohigeschéckt.

[13] Bei der zweeter Kéier huet de Yossef sech senge Bridder z’erkenne ginn an dem Yossef seng Famill ass dem Pharao bekannt ginn.

[14] De Yossef huet si du geschéckt, fir säi Papp, de Jakob, bei sech ze ruffen, mat senger ganzer Famill, am ganze fënnefasiwwenzeg Leit.

[15] Doropshi goung de Jakob an Ägypten erof. Do ass hie gestuerwen, hien an och eis Virfueren.

[16] Si goufen zeréck op Schechem bruecht a goufen an d’Graf geluecht, dat den Abraham vun de Jonge vum Hamor zu Schechem fir eng Zomm Suen ofkaf hat.

[17] Mee wéi d’Zäit vum Verspriechen, dat Gott dem Abraham ginn hat, méi no koum, gouf d’Vollek ëmmer méi grouss an huet sech an Ägypten ausgebreet,

[18] bis en anere Kinnek an Ägypten regéiert huet, deen näischt vum Yossef wousst. (2. Moses 1,8)

[19] Deen ass hannerlëschteg mat eisem Vollek verfuer an huet eis Virfuere mësshandelt. Hien huet si forcéiert, fir hir Puppelcher auszesetzen, fir datt si net iwwerliewe sollten.

[20] Zu där Zäit gouf de Moses gebuer an hien huet Gott gefall. Hie gouf dräi Méint laang am Haus vu sengem Papp geniert.

[21] Mee wéi hien ausgesat gouf, huet dem Pharao seng Duechter hie bei sech geholl an huet hie wéi hiren eegene Jong erzunn.

[22] De Moses gouf mam ganze Wësse vun den Ägypter erzunn a war mächteg a Wierder an Doten.

[23] Wéi hien du véierzeg Joer al war, koum et him an de Sënn, no senge Bridder, den Israeliten, ze kucken.

[24] Wéi hie gesinn huet, datt engem vun hinnen Onrecht geschitt ass, huet hien dee verdeedegt an e gerächt, andeems hien den Ägypter ëmbruecht huet.

[25] Hien hat ugeholl, datt seng Bridder verstoe géifen, datt Gott si duerch seng Hand rette géif. Si hunn et awer net verstanen.

[26] Den Dag drop ass hien zwee vun hinne begéint, wéi si am Gaang waren, ze streiden. Hien huet si opgefuerdert, Fridden ze schléissen, a sot: ‚Männer, dir sidd Bridder! Firwat ditt dir een deem anere Leed un?‘

[27] Mee deen, dee sengem Nächsten Onrecht gedoen huet, huet de Moses ewechgestouss a sot: ‚Wien huet dech als Herrscher a Riichter iwwert eis agesat?

[28] Wëlls du mech ëmbréngen, esou wéi s du gëschter den Ägypter ëmbruecht hues?‘ (2. Moses 2,14)

[29] No dëser Remark ass de Moses geflücht an ass an d’Land Midian wunne gaangen. Do krut hien zwee Bouwen.

[30] Nodeems véierzeg Joer ëm waren, ass him an der Wüst vum Bierg Sinai en Engel vum Här an enger Feierflam aus enger Därenheck erschéngen. (2. Moses 3,2)

[31] Wéi de Moses dat gesinn huet, huet hie sech iwwert d’Erscheinung verwonnert. Wéi hie méi no erukoum, fir méi genee ze kucken, huet hien d’Stëmm vum Här héieren:

[32] ‚Ech sinn de Gott vun denge Virfueren, de Gott vum Abraham, de Gott vum Isaak an de Gott vum Jakob.‘ (2. Moses 3,6) De Moses huet geziddert an huet sech net getraut, fir dohinzekucken.

[33] Du sot den Här zu him: ‚Déi deng Sandalen aus, well déi Plaz, op där s du stees, ass hellege Buedem.

[34] Ech hunn d’Ënnerdréckung vu mengem Vollek, dat an Ägypten ass, gesinn. Ech hunn hiert Gejéimers héieren a sinn erofkomm, fir si ze retten. Komm, ech schécken dech elo an Ägypten.‘ (2. Moses 3,5.7-8.10)

[35] Dëse Moses, dee si ofgewisen hunn, wéi si soten: ‚Wien huet dech als Herrscher a Riichter iwwert eis agesat?‘, ass deen, dee Gott geschéckt huet, fir Herrscher an Erléiser ze sinn duerch d’Hand vum Engel, deen him an der Därenheck erschénge war.

[36] Dëse Moses huet si erausgeféiert an huet Wonner an Zeechen an Ägypten, beim Roude Mier an och an der Wüst gemaach, an dat véierzeg Joer laang.

[37] Dëse Moses ass et, deen zu den Israelite gesot huet: ‚Den Här, äre Gott, wäert fir iech e Prophéit, wéi ech ee sinn, aus äre Bridder beruffen. Op dee sollt dir lauschteren.‘ (5. Moses 18,15)

[38] Et ass hien, deen an der Versammlung an der Wüst zesumme mam Engel war, deen um Bierg Sinai mat him geschwat huet an deen och mat eise Virfuere war. Hie war deen, deen d’lieweg Wierder krut, fir eis se ze ginn.

[39] Eis Virfuere wollten him net follegen, mee hunn hien ofgewisen. An hiren Häerzer hu si sech zeréck no Ägypten gedréit.

[40] Si soten zum Aaron: ‚Maach eis Gëtter, déi virun eis ginn. Wat dëse Moses elo ugeet, deen eis aus Ägypten erausgeféiert huet: Mir wëssen net, wat mat him geschitt ass.‘ (2. Moses 32,1.23)

[41] Während deenen Deeg hu si eng Statu vun engem Buddi gemaach, hunn deem Gëtzebild Affer bruecht an hu sech un de Wierker vun hiren eegenen Hänn erfreet.

[42] Dunn huet Gott sech ewechgedréit an huet si der Ubiedung vun de Stären am Himmel iwwerlooss, esou wéi et am Buch vun de Prophéite geschriwwe steet: ‚Hutt dir mir éieren véierzeg Joer laang geschluechten Déieren a Sacrificer an der Wüst geaffert, Haus Israel?

[43] Dir hutt d’Zelt vum Moloch an de Stär vun ärem Gott Ramfan ronderëm gedroen, Biller, déi dir gemaach hat, fir si unzebieden. Ech sidelen iech dofir déisäits vu Babylon ëm.‘ (Amos 5,25-27)

[44] Eis Virfueren haten an der Wüst d’Zelt, dat d’Präsenz vu Gott bezeit huet. Dat gouf genee nom Muster gemaach, dat de Moses gesinn huet a wéi Gott et virgeschriwwen huet, wéi hie mam Moses geschwat huet.

[45] Eis Virfuere kruten d’Zelt an hunn et mam Yoschua an dat Land bruecht, dat deemools nach aneren Natioune gehéiert huet an déi Gott virun eise Virfueren ausgedriwwen huet. Esou war et, bis dem David seng Zäit koum.

[46] Dësen huet Faveur viru Gott fonnt an huet gefrot, fir eng Wunnecht fir de Gott vum Jakob ze fannen.

[47] Et war awer de Salomon, deen him en Haus gebaut huet.

[48] Mee den Allerhéchste wunnt net an Tempelen, déi vu Mënschenhänn gemaach goufen, esou wéi de Prophéit seet:

[49] ‚Den Himmel ass mäin Troun an d’Äerd ass meng Foussbänk‘, seet den Här. ‚Wat fir en Haus wëllt dir mir bauen? Oder wou ass eng Plaz fir mech, fir ze raschten?

[50] Huet net meng Hand dat alles gemaach?‘ (Yesaia 66,1-2)

[51] Dir Déckkäpp, mat onbeschniddenen Häerzer an Oueren! Dir widderstitt ëmmer dem hellege Geescht. Esou wéi är Virfueren et gemaach hunn, esou maacht och dir et!

[52] Wie vun de Prophéiten hunn är Virfueren net verfollegt? Si hunn déi ëmbruecht, déi d’Komme vum Gerechte viraussoten, deem seng Verréider a Mäerder dir elo gi sidd.

[53] Dir krut d’Gesetz op Uerder vun den Engelen an dir hutt et net agehalen.“

[54] Wéi d’Männer am Sanhedrin dat alles héieren hunn, hu si gekacht vu Roserei a si hu wéinst senger op den Zänn gegrätscht.

[55] Mee de Stephan, erfëllt vum hellege Geescht, huet an den Himmel eropgekuckt an huet d’Herrlechkeet vu Gott gesinn an de Jesus, deen zur Rietser vu Gott stoung.

[56] „Kuckt!“, sot hien, „ech gesinn den Himmel, deen opsteet, an de Jong vum Mënsch, deen zur Rietser vu Gott steet!“

[57] Dunn hu si mat haarder Stëmm gejaut a sech d’Oueren zougehalen an hu sech alleguer mateneen op hie gestierzt.

[58] Si hunn de Stephan aus der Stad gejot an hunn e gestengegt. D’Zeien hunn hir Mäntel engem jonke Mann, dee Schaul geheescht huet, virun d’Féiss geluecht.

[59] Währenddeems si de Stephan gestengegt hunn, huet hien zu Gott geruff: „Här Jesus, huel mäi Geescht op.“

[60] Dunn ass hien op d’Knéie gefall an huet mat haarder Stëmm geruff: „Här, rechen hinnen dës Sënn net un.“ Nodeems hien dat gesot hat, ass hie gestuerwen.

D’Apostelgeschicht vum Luc — Chapters