Skip to content
Opens in a new window

[1] Du sot den Agrippa zum Paul: „Du däerfs elo fir dech selwer schwätzen.“ De Paul huet seng Hand ausgestreckt a sot zu senger Verdeedegung:

[2] „Kinnek Agrippa, ech schätze mech glécklech, datt ech mech haut selwer virun dir verdeedegen däerf, wéinst all deem, wéinst deem d’Judde mech ukloen,

[3] besonnesch, well s du all d’Bräich an d’Sträitfroe vun de Judde gutt kenns. Dofir bieden ech dech, mir gedëlleg nozelauschteren.

[4] D’Judden alleguer kenne mäi Liewenswee vun Ufank un, deen ech zu Jerusalem ënnert mengem Vollek geféiert hunn.

[5] Si kenne mech vu fréier a kéinten, wa si wéilten, bezeien, datt ech no der strengster Partei vun eiser Relioun gelieft hunn an zwar als Pharisäer.

[6] An elo stinn ech hei a gi wéinst der Hoffnung op d’Versprieche geriicht, dat Gott menge Virfuere ginn hat.

[7] Eis zwielef Stämm erhoffe sech d’Erfëllung vun dësem Verspriechen, andeems si Gott Dag an Nuecht stänneg déngen. Kinnek Agrippa, wéinst dëser Hoffnung ginn ech vun de Judden ugeklot.

[8] Firwat haalt dir et fir onméiglech, datt Gott déi Doudeg operstoe léisst?

[9] Ech selwer hunn och geduecht, datt ech mat alle Mëttele géint den Numm vum Jesus vun Nazaret misst kämpfen.

[10] Dat hunn ech dunn och zu Jerusalem gemaach an hunn eng sëllechen Helleger an de Prisong späre gelooss, nodeems ech d’Erlaabnes vun den ieweschte Priister krut. Wéi si ëmbruecht sollte ginn, war ech domadder averstanen.

[11] Ech hu si dacks an all de Synagoge bestrooft an hu si derzou gezwongen, fir Gott ze lästeren. Ech hu si esouguer a menger extremer Roserei bis an auslännesch Stied verfollegt.

[12] Op enger vun dëse Reese war ech mat der Vollmuecht an der Erlaabnes vun den ieweschte Priister op Damaskus ënnerwee.

[13] Majestéit, géint Mëtteg hunn ech ënnerwee e Liicht vum Himmel komme gesinn. D’Liicht war méi hell wéi d’Sonn an huet ronderëm mech a ronderëm déi, déi bei mir waren, geschéngt.

[14] Mir sinn all op de Buedem gefall an ech hunn eng Stëmm héieren op Hebräesch mat mir schwätzen, déi sot: ‚Schaul, Schaul, firwat verfollegs du mech? Et ergeet dir net gutt, wann s du dech géint meng Rutt striefs.‘

[15] Ech frot dunn: ‚Wie bass du Här?‘ Hien huet geäntwert: ‚Ech sinn de Jesus, deen s du verfollegs.

[16] Stéi elo op a stell dech op deng Féiss. Ech sinn dir erschéngen, fir dech zum Dénger an Zeie vun allem ze maachen, wat s du gesinn hues a wat ech dir nach weisen.

[17] Ech retten dech virun dengem Vollek an och virun den Net-Judden, bei déi ech dech elo schécken,

[18] fir hinnen d’Aen opzemaachen, fir datt si sech vun der Däischtert zum Liicht a vun der Muecht vum Satan zu Gott dréien. Ech maachen dat, fir datt si Verzeiung vun de Sënnen an en Undeel kréien ënnert deenen, déi duerch Glawen u mech gehellegt sinn.‘

[19] Kinnek Agrippa, dofir hunn ech der himmlescher Visioun net widderstanen.

[20] Ech hu fir d’éischt deenen zu Damaskus, dunn deenen zu Jerusalem an deenen uechter d’ganz Géigend vu Judea, an duerno och nach den anere Vëlker verkënnegt, datt si ëmkéieren, sech zu Gott dréien a Wierker maache sollen, déi der Ëmkéier entspriechen.

[21] Aus dësem Grond hunn d’Judde mech am Tempel ergraff a probéiert mech ëmzebréngen.

[22] Mee Gott huet mir gehollef an dofir stinn ech hei bis zu dësem Dag als Zeie fir déi kleng an déi dichteg Leit. Ech soen näischt aneschtes, wéi dat, wat d’Prophéiten an de Moses virausgesot hunn:

[23] datt de Messias leide géif, datt hien den éischte wier, dee vun den Doudegen operstoen an datt hien de Judden an den Net-Judden Liicht verkënnege géif.“

[24] Wéi de Paul sech mat dëse Wierder verdeedegt hat, huet de Festus mat haarder Stëmm geruff: „Paul, du bass verréckt! Dat villt Wëssen bréngt dech ëm de Verstand!“

[25] „Neen, Exzellenz Festus, ech sinn net verréckt. Dat, wat ech soen, ass wouer a verstänneg“, huet hie geäntwert.

[26] „De Kinnek, virun deem ech fräi schwätzen, weess iwwert dat alles Bescheed. Ech si mir sécher, datt him näischt dovunner entgaangen ass, well dat alles huet sech net an engem heemlechen Eck ofgespillt.

[27] Kinnek Agrippa, gleefs du de Prophéiten? Natierlech gleefs du hinnen!“

[28] „Geschwënn hues du mech iwwerzeegt, e Chrëscht ze ginn“, huet den Agrippa dem Paul geäntwert.

[29] „Ech biede Gott, datt fréier oder spéider net nëmmen du, mee och jiddereen, dee mech haut héiert, esou gëtt ewéi ech, natierlech ouni gefesselt ze sinn“, sot de Paul doropshin.

[30] Nodeems hien dat gesot hat, ass de Kinnek zesumme mam Gouverneur, dem Berenike an deenen, déi bei hinne souzen, opgestanen.

[31] Si hu sech zeréckgezunn an hunn ënnertenee geschwat: „Dëse Mann mécht näischt wat den Doud oder de Prisong verdéngt.“

[32] Du sot den Agrippa zum Festus: „Dëse Mann hätt kënne fräigelooss ginn, wann hie sech net op den Caesar beruff hätt.“

D’Apostelgeschicht vum Luc — Chapters