[1] Léiwen Theophilos, a mengem éischte Rapport hunn ech iwwert alles geschriwwen, wat de Jesus ugefaangen huet ze maachen an z’enseignéieren,
[2] bis zu deem Dag, wéi hien eropgeholl gouf, nodeems hien den Apostelen, déi hien auserwielt hat, duerch den hellege Geescht Uweisunge ginn hat.
[3] No sengem Leiden huet hie sech hinnen duerch e sëllechen iwwerzeegend Beweiser als lieweg gewisen: Hie gouf véierzeg Deeg laang vun hinne gesinn an huet während där Zäit iwwert d’Kinnekräich vu Gott geschwat.
[4] Wéi si versammelt waren, huet hie si opgefuerdert: „Verloosst Jerusalem net, mee waart op dat, wat mäi Papp versprach huet. Ech hat iech jo vun deem Versprieche verzielt.
[5] De Jean huet zwar mat Waasser gedeeft, mee an e puer Deeg gitt dir mam hellege Geescht gedeeft.“
[6] Wéi si beienee koumen, frote si hien: „Här, wäerts du zu dëser Zäit d’Kinnekräich fir Israel nees hierstellen?“
[7] De Jesus huet hinne geäntwert: „Et steet iech net zou, fir d’Zäiten an d’Zäitpunkten ze wëssen, déi de Papp duerch seng eegen Autoritéit festgeluecht huet.
[8] Dir kritt Kraaft, wann den hellege Geescht op iech kënnt. An da sidd dir meng Zeien zu Jerusalem, a ganz Judea a Samarien, a bis un d’Enn vun der Äerd.“
[9] Nodeems hien dat gesot hat, gouf hie virun hiren Aen eropgeholl an eng Wollek huet hien aus hirem Bléckfeld geholl.
[10] An deem Abléck, an deem si an den Himmel gestuerkt hunn, fir him nozekucken, wéi hien eropgefuer ass, stoungen op eemol zwee Männer a wäisse Kleeder nieft hinnen.
[11] „Männer vu Galilea“, sote si, „firwat stitt dir hei an den Himmel ze kucken? Dëse Jesus, dee vun iech fort an den Himmel opgeholl gouf, kënnt op déiselwecht Manéier zeréck, wéi dir hien an den Himmel fuere gesinn hutt.“
[12] Du gounge si erof vum Bierg, deen Olivebierg genannt gëtt an deen no bei Jerusalem läit (ongeféier d’Distanz, déi een op engem Sabbat reesen däerf), nees hannescht op Jerusalem.
[13] Wéi si an d’Stad erakoumen, gounge si an déi iewescht Kummer, wou si sech opgehalen hunn: de Péitrus, de Jacques, de Jean, den Andreas, de Philippe, den Thomas, de Bar-Talmai, de Mattias, de Jacques, deen de Jong vum Alfai war, de Schimon, deen de Radikale genannt gouf, an de Judas, deen de Jong vum Jacques war.
[14] Déi waren alleguer bestänneg gläichgesënnt am Gebiet an an hiren Uleiessen, zesumme mat de Fraen a mam Maria, dem Jesus senger Mamm, a mat senge Bridder.
[15] Bannent dësen Deeg stoung de Péitrus matzen ënnert de Jénger op (zesumme ware si zu ongeféier honnertzwanzeg Leit) a sot:
[16] „Léif Leit! Geschwëster! Déi Schrëft huet sech missen erfëllen, déi den hellege Geescht duerch den David virausgesot huet iwwert de Judas, deen e Guide gouf fir déi, déi de Jesus verhaft hunn.
[17] Hie war ee vun eis an hat en Undeel un eisem Déngscht.“
[18] (Mat de Sue vu senger ongerechter Dot hat dëse Mann sech e Feld kaf. Mee hien ass bonz ënne bonz uewe gefall, ass an der Mëtt gebascht a säi ganzt Geträips ass erausgefall.
[19] Dat goufen all d’Awunner vu Jerusalem gewuer an esou gouf dëst Feld an hirer eegener Sprooch „Akel Dama“ genannt, wat esou vill heescht wéi „Feld vum Blutt“.)
[20] „Et steet nämlech am Buch vun de Psalme geschriwwen: ‚Säi Lager soll verlooss sinn an et soll keen dra wunnen.‘ (Psalmen 69,26) An och: ‚Een anere soll seng Funktioun iwwerhuelen.‘ (Psalmen 109,8)
[21] Dofir muss elo ee vun all dëse Männer, déi eis déi ganz Zäit begleet hunn, wéi den Här Jesus bei eis an- an ausgaangen ass,
[22] vum Jean senger Daf un bis zu deem Dag, op deem hie virun eis eropgeholl gouf, mat eis en Zeie vu senger Operstéiung ginn.“
[23] Si hunn der dunn zwee proposéiert: de Yossef, dee Bar-Schabba genannt gouf, deen och ënnert dem Numm Justus bekannt war, an de Mattai.
[24] Dunn hu si gebiet a soten: „Här, du kenns jidderengem säin Häerz. Weis eis, wien s du vun dësen zwee auserwielt hues,
[25] fir dësen Déngscht an dës Apostelfunktioun z’iwwerhuelen, vun där de Judas ofgewach ass, fir op seng Plaz ze goen.“
[26] Si hunn d’Lous gezunn an d’Lous ass op de Mattai gefall. Hie gouf du bei déi eelef Apostelen bäigezielt.