Skip to content
Opens in a new window

[1] D’Apostelen an d’Bridder, déi a Judea waren, hunn héieren, datt och d’Net-Judden d’Wuert vu Gott ugeholl haten.

[2] Wéi de Péitrus dunn op Jerusalem koum, hunn déi vun der Beschneidung hie ferm kritiséiert:

[3] „Du bass bei onbeschnidde Männer heemgaangen an hues mat hinne giess.“

[4] Mee de Péitrus huet hinnen alles vun Ufank un der Rei no erkläert:

[5] „Ech war an der Stad Yaffo an hu gebiet. Ech war an Extas an hat eng Visioun vun eppes, dat wéi e grousst léngent Duch ausgesinn huet, dat un de véier Ecker aus dem Himmel erofgelooss gouf. D’Duch koum bis bei mech erof

[6] a wéi ech méi genee higekuckt hunn, hunn ech véierbeeneg Déiere vun der Äerd, wëll Déieren, Reptillien a Vigel vum Himmel dra gesinn.

[7] Dunn hunn ech eng Stëmm héieren, déi zu mir sot: ‚Péitrus, stéi op, schluecht an iess!‘

[8] Mee ech sot: ‚Op kee Fall Här! Ech hunn nämlech nach ni eppes Onhelleges oder Onrenges an de Mond geholl.‘

[9] Mee eng zweete Kéier sot d’Stëmm aus dem Himmel: ‚Wat Gott gerengegt huet, däerfs du net onhelleg nennen.‘

[10] Dräimol ass dat geschitt an du gouf nees alles zeréck an den Himmel eropgezunn.

[11] Nach am nämmlechten Abléck stoungen dräi Männer, déi vu Caesarea bei mech geschéckt gi waren, virum Haus, wou ech logéiert hunn.

[12] Dunn huet de Geescht mir gesot, ech sollt mat hinne matgoen, ouni ze zécken. Och dës sechs Bridder hu mech begleet a mir goungen an dem Mann säin Haus eran.

[13] Hien huet eis verzielt, wéi hien en Engel a sengem Haus stoe gesinn huet, deen zu him gesot huet: ‚Schéck Männer op Yaffo a looss de Schimon heihi kommen, deen och Péitrus genannt gëtt.

[14] Hie seet dir eppes, dat dech an däi ganze Stot rett.‘

[15] Wéi ech mat Schwätzen ugefaangen hat, koum den hellege Geescht op si erof, geneesou wéi am Ufank op eis.

[16] Dunn hunn ech mech un d’Wuert vum Här erënnert, wéi hie gesot hat: ‚De Jean huet zwar mat Waasser gedeeft, dir awer gitt mam hellege Geescht gedeeft.‘

[17] Dofir, wa Gott hinnen deeselwechte Kaddo ginn huet wéi eis, wéi mir un den Här Jesus, de Messias, gegleeft hunn, wie sinn ech, datt ech Gott drun hënnere kéint?“

[18] Wéi si dat héieren hunn, hu si sech berouegt. Si hu Gott verherrlecht a soten: „Dann huet Gott also och den Net-Judden d’Ëmkéier, déi zum Liewe féiert, geschenkt.“

[19] Déijéineg, déi no der Verfolgung, déi wéinst dem Stephan entstane war, verspreet goufen, si bis a Phoenizien, op Zypern an op Antiochia gereest an hu kengem wéi nëmmen de Judden d’Wuert gepriedegt.

[20] Ënnert hinne waren awer och Männer vun Zypern a Kyreene, déi, nodeems si op Antiochia komm waren, mat den Helleniste geschwat hunn an hinnen d’gutt Noriicht vum Här Jesus verkënnegt hunn.

[21] D’Hand vum Här war mat hinnen an eng grouss Zuel vu Leit hu gegleeft a sech zum Här gedréit.

[22] D’Noriicht doriwwer koum der Gemeinschaft zu Jerusalem zu Oueren a si hunn de Bar-Naba ausgeschéckt, fir bis op Antiochia ze goen.

[23] Wéi hien do ukoum an d’Gnod vu Gott gesinn huet, huet hie sech gefreet an huet si all encouragéiert, fir mat ganzem Häerz um Här festzehalen.

[24] Hie war nämlech e gudde Mann, mam hellege Geescht a mat Glawen erfëllt. Doduerch koum eng grouss Zuel vu Leit dobäi, déi un den Här gegleeft hunn.

[25] Du goung de Bar-Naba op Tarsus op d’Sich nom Schaul.

[26] Wéi hien e fonnt hat, huet hien en op Antiochia bruecht. Do hu si sech während engem ganze Joer mat der Gemeinschaft versammelt an hu ganz vill Leit geléiert. D’Jénger goufen zu Antiochia fir d’éischt Chrëschte genannt.

[27] Während där Zäit koume Prophéite vu Jerusalem op Antiochia.

[28] Dunn huet ee vun hinnen, Agabus genannt, sech erhuewen an huet hinnen duerch de Geescht virausgesot, datt eng grouss Hongersnout géif iwwert d’ganzt Land kommen. (Dat ass dunn och während der Zäit vum Caesar Claudius geschitt.)

[29] Dunn hunn d’Jénger decidéiert, de Bridder a Judea Hëllef ze schécken, esou vill wéi jidderee sech et leeschte konnt.

[30] Dat hu si dunn och gemaach an hunn den Eelsten d’Hëllef duerch de Bar-Naba an de Schaul geschéckt.

D’Apostelgeschicht vum Luc — Chapters