[1] Zu Ikonion goungen de Paul an de Bar-Naba zesummen an d’Synagog vun de Judden a si hunn esou geschwat, datt eng grouss Zuel vun de Judden a Griiche gegleeft hunn.
[2] Déi Judden, déi net wollte gleewen, hunn d’Net-Judden opgestëppelt an hir Gedanke géint d’Bridder verbattert.
[3] An dach hunn de Paul an de Bar-Naba eng laang Zäit do verbruecht an hu couragéiert fir den Här geschwat, deen d’Wuert vu senger Gnod bezeit huet, andeems hien Zeechen a Wonner duerch hir Hänn geschéie gelooss huet.
[4] Mee d’Leit aus der Stad ware gespléckt: en Deel war op der Säit vun de Judden an en aneren op där vun den Apostelen.
[5] Wéi en Ugrëff vun den Net-Judden an och de Judden zesumme mat hiren Ieweschte sollt géint si gemaach ginn, fir si ze mësshandelen an ze stengegen,
[6] hunn d’Apostelen dovunner Wand krut a sinn op Lystra an Derbe, Stied vu Lykaonea, an an déi Ëmgéigend geflücht.
[7] Do hu si d’gutt Noriicht verkënnegt.
[8] Zu Lystra huet e Mann gelieft, dee schlamm Féiss hat an nach ni goe konnt, well hie vu Gebuert u gelähmt war.
[9] Dëse Mann huet de Paul héiere schwätzen. De Paul huet riicht op hie gekuckt an huet gesinn, datt hien de Glawen hat, fir geheelt ze ginn.
[10] Du sot hie mat haarder Stëmm: „Stéi op a stell dech riicht dohin!“ De Mann ass opgesprongen a ronderëm gaangen.
[11] Wéi d’Leit gesinn hunn, wat de Paul gemaach hat, hu si mat haarder Stëmm geruff a soten op Lykaonesch: „D’Gëtter sinn a mënschlecher Form bei eis erofkomm!“
[12] De Bar-Naba hu si Zeus genannt an de Paul Hermes, well hien den Haaptriedner war.
[13] Dunn huet de Priister vum Zeus, deem säin Tempel just baussent der Stad war, Stéieren a Kränz bei d’Paarte bruecht, fir se do zesumme mam Vollek ze afferen.
[14] Mee wéi d’Apostele Bar-Naba a Paul dat héieren hunn, hu si hir Kleeder zerrappt, si matzen ënnert d’Vollek gelaf an hu geruff:
[15] „Männer, wat maacht dir nëmmen do? Mir si Mënschen, geneesou wéi dir, a mir bréngen d’gutt Noriicht, datt dir iech vun dëse wäertlose Gëtzen ewech an zum liewege Gott dréie sollt, deen den Himmel, d’Äerd, d’Mier an alles, wat dran ass, erschafen huet.
[16] Hien huet an de vergaangenen Zäiten zougelooss, datt d’Natiounen hiren eegene Weeër nogaange sinn,
[17] mee hien huet seng Existenz bezeit, andeems hie Guddes gemaach huet: Hien huet eis Ree vum Himmel a fruchtbar Joreszäite geschéckt an huet esou eis Häerzer mat Iessen a Freed erfëllt.“
[18] Souguer mat dëse Wierder, konnte si d’Vollek knapps dovunner ofhalen, fir hinnen ze afferen.
[19] Du koume Judden aus Antiochia an aus Ikonion dohinner an nodeems si d’Vollek ëmgestëmmt kruten, hu si de Paul gestengegt an hien aus der Stad geschleeft, well si gemengt hunn, hie wier dout.
[20] Mee wéi d’Jénger sech ëm hie versammelt hunn, ass hien opgestanen a goung an d’Stad. Den Dag drop goung hie mam Bar-Naba op Derbe.
[21] Nodeems si an dëser Stad d’gutt Noriicht verkënnegt a vill Leit zu Jénger gemaach haten, gounge si nees zeréck op Lystra, Ikonion an Antiochia.
[22] Si hunn d’Séile vun de Jénger gestäerkt, andeems si si encouragéiert hunn, fir am Glawen ze bleiwen: „Mir mussen duerch vill Leed goen, éier mir an d’Kinnekräich vu Gott kommen.“
[23] De Paul an de Bar-Naba hunn an all Gemeinschaft Eelsten agesat. Nodeems si gebiet a gefaascht haten, hu si déi Eelst dem Här, un dee si gegleeft haten, uvertraut.
[24] Duerno gounge si duerch Pisidien a koumen a Pamphylien.
[25] Nodeems si d’Wuert zu Perga gepriedegt haten, gounge si op Attalia erof.
[26] Vun do aus si si op Antiochia gesegelt, wou si der Gnod vu Gott uvertraut gi waren, fir d’Aarbecht ze maachen, déi si elo op en Enn bruecht haten.
[27] Nodeems si ukomm waren an d’Gemeinschaft zesummegeruff haten, hu si alles verzielt, wat Gott duerch si gemaach hat a wéi Gott d’Dier vum Glawe fir d’Net-Judden opgemaach hat.
[28] Si hunn nach eng länger Zäit mat de Jénger verbruecht.