[1] Duerno huet de Paul Athen verlooss a goung op Korinth.
[2] Do ass hien engem Judd begéint, deen Aquila geheescht huet a gebierteg aus Pontus war. Dee war viru kuerzem mat senger Fra Priskilla aus Italien komm, well de Klaudius all de Judde befuel hat, Roum ze verloossen. De Paul goung bei si
[3] a well hien deeselwechte Beruff hat ewéi si (si waren nämlech Zeltmécher vu Beruff), ass hie bei hinne bliwwen.
[4] All Sabbat huet hien an der Synagog diskutéiert an huet Judden an och Griichen iwwerzeegt.
[5] Wéi de Silas an den Timothée vu Mazedonien erofkomm waren, gouf de Paul vum Geescht dozou gedriwwen, fir de Judden ze bezeien, datt de Jesus de Messias wier.
[6] Mee si hu sech him widdersat an hie beleidegt. Dunn huet hie seng Kleeder ausgerëselt a sot zu hinnen: „Äert Blutt soll op är eege Käpp kommen! Ech sinn onschëlleg. Vun elo un ginn ech bei d’Net-Judden!“
[7] De Paul goung du vun do fort an an d’Haus vun engem, dee Justus geheescht huet an dee Gott ugebiet huet. Säin Haus louch nieft der Synagog.
[8] De Krispus, de President vun der Synagog, huet zesumme mat sengem ganze Stot un den Här gegleeft. Vill vun de Korinther, déi nogelauschtert hunn, hu gegleeft a goufe gedeeft.
[9] An der Nuecht sot den Här zum Paul an enger Visioun: „Hief keng Angscht méi, mee schwätz a gëff dech net,
[10] well ech si mat dir an et gräift keen dech un, fir dir wéizedoen; ech hunn nämlech vill Leit an dëser Stad.“
[11] Hie blouf annerhalleft Joer do an huet d’Wuert vu Gott ënnert hinne geléiert.
[12] Bannent där Zäit, an där de Gallio Prokonsul vun Achaia war, hunn d’Judde sech eestëmmeg géint de Paul erhuewen an hunn hie virun de Riichterstull bruecht.
[13] „Dëse Mann iwwerriet d’Leit, Gott op eng Manéier unzebieden, déi géint d’Gesetz verstéisst“, sote si.
[14] Wéi de Paul säi Mond opmaache wollt, sot de Gallio zu de Judden: „Géif et hei ëm e Verstouss oder e schrot Verbrieche goen, dir Judden, da géif ech ärer Uklo nolauschteren.
[15] Mee geet et ëm eng Sträitfro iwwert Wierder, Nimm an äert eegent Gesetz, da këmmert iech selwer drëm; ech wëll nämlech doriwwer net riichten.“
[16] Dunn huet hie si vun der Plaz gejot, wou de Riichterstull stoung.
[17] Doropshin hunn all d’Griichen de Sosthenes, de President vun der Synagog, ergraff an hunn hie virum Riichterstull zerschloen. De Gallio huet sech awer guer net drëm gekëmmert.
[18] De Paul ass nach eng länger Zäit do bliwwen. Dunn huet hien d’Bridder verlooss an ass Richtung Syrien gesegelt. D’Priskilla an den Aquila hunn hie begleet. Zu Kenchrea huet hie säi Kapp raséiere gelooss, well hien en Eed ofgeluecht hat.
[19] Hie koum op Ephesos an huet si do zeréckgelooss. De Paul selwer goung an d’Synagog an huet mat de Judden diskutéiert.
[20] Wéi si hie gefrot hunn, fir eng länger Zäit bei hinnen ze bleiwen, huet hie refuséiert.
[21] Hien huet si verlooss a sot: „Ech muss op alle Fall dat Fest, wat elo kënnt, zu Jerusalem anhalen. Ech kommen awer bei iech zeréck, wa Gott wëllt.“ Dunn ass hie vun Ephesos fortgesegelt.
[22] Wéi hien zu Caesarea ukoum, goung hien erop op Jerusalem an huet d’Gemeinschaft begréisst an duerno goung hien erof op Antiochia.
[23] Nodeems hien eng gewëssen Zäit do verbruecht hat, ass hie vun do fortgereest. Hie goung noeneen an d’Géigend vu Galatien a Phrygien an huet all d’Jénger gestäerkt.
[24] E Judd, deen Apollos geheescht huet a gebierteg vun Alexandria war, koum op Ephesos. Hie war e gudde Riedner an huet d’Schrëft gutt kannt.
[25] Hie war am Wee vum Här ënnerriicht ginn an huet mat äifregem Geescht geschwat. Hien huet genee d’Léier vum Här enseignéiert, och wann hien nëmmen d’Daf vum Jean kannt huet.
[26] Hien huet ugefaangen, fräi an der Synagog ze schwätzen. Wéi d’Priskilla an den Aquila hien héieren hunn, hu si hien op d’Säit geholl an him de Wee vu Gott méi genee erkläert.
[27] Wéi den Apollos eriwwer op Achaia wollt goen, hunn d’Bridder geschriwwen, d’Jénger sollen hie wëllkomm heeschen. Wéi hien do ukoum, war hien deenen, déi duerch Gnod gegleeft haten, eng grouss Hëllef,
[28] well hien de Judden hir Géigenargumenter mat Nodrock ëffentlech widderluecht huet, andeems hien duerch d’Schrëft bewisen huet, datt de Jesus de Messias ass.