Skip to content
Opens in a new window

[1] An der Tëschenzäit huet de Schaul nach ëmmer mat Dreeungen a Mord géint d’Jénger vum Här geroost. Hie goung bei den Haaptpriister

[2] an huet hie fir Bréiwer un d’Synagoge vun Damaskus gefrot, fir datt, wann hien Unhänger vun deem „Wee“ fanne géif, egal op Mann oder Fra, hie si fesselen an op Jerusalem brénge kéint.

[3] Wéi hien ënnerwee war a méi no un Damaskus erukoum, huet op eemol e Liicht aus dem Himmel ronderëm hie geschéngt.

[4] Hien ass op de Buedem gefall an huet eng Stëmm héieren zu him soen: „Schaul, Schaul, firwat verfollegs du mech?“

[5] „Wie bass du Här?“, frot hien. „Ech sinn de Jesus, deen s du verfollegs“, huet den Här him geäntwert.

[6] „Stéi elo op a géi an d’Stad. Do kriss du gesot, wat s du maache muss.“

[7] De Männer, déi mat him gereest waren, huet et d’Sprooch verschloen, well si eng Stëmm héieren, mee kee gesinn hunn.

[8] Dunn ass de Schaul vum Buedem opgestanen, ma och wa seng Aen op waren, konnt hien näischt gesinn. Si hunn hien dofir un der Hand geféiert an hunn hien op Damaskus bruecht.

[9] Während dräi Deeg konnt hien net gesinn an hien huet och näischt giess a gedronk.

[10] Et gouf e Jénger zu Damaskus, deen Hanania geheescht huet. Den Här sot zu him an enger Visioun: „Hanania!“ „Jo, Här, hei sinn ech“, huet hie geäntwert.

[11] „Stéi op a géi an d’Strooss, déi ‚Déi Riicht Strooss‘ heescht“, sot den Här dunn zu him, „a fro am Haus vum Judas no engem, dee Schaul vun Tarsus heescht. Hien ass nämlech am Gaang, ze bieden,

[12] an huet an enger Visioun e Mann gesinn, deen Hanania heescht an dee seng Hand op hie leet, fir datt hien nees ka gesinn.“

[13] „Här, ech hu vu villen iwwert dëse Mann héieren, wéi vill Béises hien dengen Hellegen zu Jerusalem ugedoen huet“, huet den Hanania geäntwert.

[14] „An hei huet hien d’Ermächtegung vum Haaptpriister fir jiddereen, deen däin Numm urifft, festzehuelen.“

[15] Den Här sot zum Hanania: „Géi dohinner, well hien ass meng auserwielten Hëllef, fir mäin Numm bei déi aner Natiounen, Kinneken an d’Israeliten ze droen.

[16] Ech weisen him, wéi vill hie wéinst mengem Numm leide muss.“

[17] Du goung den Hanania vun do fort a goung an d’Haus. Hien huet dem Schaul d’Hänn opgeluecht a sot: „Brudder Schaul, den Här Jesus, deen dir um Wee heihinner erschéngen ass, huet mech geschéckt, fir datt s du nees gesi kanns a mam hellege Geescht erfëllt gëss.“

[18] Eenzock ass et him wéi Schuppe vu sengen Ae gefall an hie konnt nees gesinn. Dunn ass hien opgestanen a gouf gedeeft.

[19] Nodeems hie giess hat, war hie gestäerkt. Duerno huet de Schaul e puer Deeg mat de Jénger zu Damaskus verbruecht.

[20] Hien huet direkt drop an de Synagogen iwwert de Jesus, de Messias, gepriedegt, datt hien de Jong vu Gott ass.

[21] Jiddereen, deen hien héieren huet, war verwonnert a sot: „Ass hien net deen, deen déijéineg zu Jerusalem verdillegt huet, déi dësen Numm ugeruff hunn? Ass hien net dowéinst heihinner komm, fir si ze fesselen an op Jerusalem bei d’iewescht Priister ze bréngen?“

[22] Mee de Schaul gouf ëmmer méi kompetent an huet d’Judden, déi zu Damaskus gelieft hunn, duerchenee bruecht, well hie bewisen huet, datt de Jesus de Messias ass.

[23] Nodeems vill Deeg eriwwer waren, hunn d’Judden sech ënnerteneen ofgeschwat, fir hien ëmzebréngen.

[24] De Schaul gouf awer vun hirem Komplott gewuer. Si hunn nämlech Dag an Nuecht d’Paarte vun der Stad iwwerwaacht, fir hie kënnen ëmzebréngen.

[25] Dunn hunn d’Jénger hien an der Nuecht geholl an hunn hien an engem Kuerf laanscht de Rempart vun der Stad erofgelooss.

[26] Wéi de Schaul dunn op Jerusalem koum, wollt hie sech de Jénger uschléissen, mee si hunn hien all gefaart, well si net gegleeft hunn, datt hien e Jénger wier.

[27] De Bar-Naba huet sech senger ugeholl an huet hie bei d’Apostele bruecht. Hien huet hinne verzielt, datt de Schaul den Här op der Strooss gesinn hat, datt hie mat him geschwat hat a wéi couragéiert an oppen hien am Numm vum Jesus zu Damaskus gepriedegt hat.

[28] Vun do un ass hie bei hinne bliwwen a goung zu Jerusalem an an aus an huet fräi am Numm vum Här Jesus geschwat.

[29] Hien huet och mat den hellenistesche Judden diskutéiert. Déi haten awer wëlles, fir hien ëmzebréngen.

[30] Wéi d’Bridder dat gewuer goufen, hu si de Schaul op Caesarea bruecht a vun do aus op Tarsus geschéckt.

[31] Duerno hunn d’Gemeinschafte vun de Jénger uechter Judea, Galilea a Samarien am Fridde gelieft a sinn ëmmer méi staark a gefestegt ginn. D’Jénger hu mat der Hëllef vum hellege Geescht am déiwe Respekt virum Här gelieft an esou ass hir Zuel ëmmer méi gewuess.

[32] An der Tëschenzäit ass de Péitrus uechter d’Land gezunn a koum dunn och bei déi Helleg, déi zu Lydda gewunnt hunn.

[33] Do huet hien e Mann begéint, deen Aeneas geheescht huet an dee schonns aacht Joer laang am Bett louch, well hie gelähmt war.

[34] „Aeneas, de Jesus, de Messias, heelt dech. Stéi op a maach däi Bett!“, sot de Péitrus zu him an eenzock ass den Aeneas opgestanen.

[35] Jiddereen, deen zu Lydda a Scharon gewunnt huet, huet hie gesinn an huet sech zum Här gedréit.

[36] Zu Yaffo gouf et eng Jéngerin, déi Tabita geheescht huet. (Op Griichesch gouf si Dorkas genannt.) Dës Fra huet vill Guddes gemaach an huet vill Almose ginn.

[37] Zu där Zäit gouf si krank an ass gestuerwen. Nodeems d’Leit hir Läich gewäsch haten, hu si se an enger ieweschter Kummer opgeboort.

[38] Well Lydda no bei Yaffo louch an d’Jénger héieren haten, datt de Péitrus do war, hu si zwee Männer bei hie geschéckt an hunn hien ugebiedelt: „Tommel dech a komm séier bei eis!“

[39] Dunn huet de Péitrus sech erhuewen a goung mat hinnen. Wéi hien ukoum, hu si hien an d’iewescht Kummer bruecht. D’Witfrae stoungen all nieft him, hu gekrasch an hunn him d’Tuniquen an d’Kleeder gewisen, déi d’Dorkas gemaach hat, wéi hatt nach ënnert hinne war.

[40] Dunn huet de Péitrus si all virun d’Dier geschéckt, huet sech higeknéit a gebiet. Hien huet sech zu der Läich hi gedréit a sot: „Tabita, stéi op!“ Hatt huet seng Aen opgemaach a wéi hatt de Péitrus gesinn huet, huet hatt sech opgeriicht.

[41] Hien huet him seng Hand ginn an him gehollef opzestoen. Duerno huet hien all déi Helleg an d’Witfrae geruff an huet et hinne lieweg presentéiert.

[42] Dat gouf uechter ganz Yaffo bekannt an et hunn der vill un den Här gegleeft.

[43] De Péitrus ass eng länger Zäit zu Yaffo beim Schimon, dem Gierwer, bliwwen.

D’Apostelgeschicht vum Luc — Chapters