Skip to content
Opens in a new window

[1] An der Gemeinschaft, déi zu Antiochia war, goufen et Prophéiten a Léiermeeschteren: de Bar-Naba, de Schimon, deen och Niger genannt gouf, de Lucius vu Kyreene, de Menachem, deen zesumme mam Herodes, dem Tetrarch, erzu gi war, an de Schaul.

[2] Wéi si dem Här gedéngt a gefaascht hunn, sot den hellege Geescht: „Sënnert mir de Bar-Naba an de Schaul aus fir d’Aarbecht, fir déi ech si geruff hunn.“

[3] Nodeems si gefaascht a gebiet haten, hu si deenen zwee d’Hänn opgeluecht an hu si op de Wee geschéckt.

[4] Si goungen, vum hellege Geescht erausgeschéckt, op Selevkia a vun do aus si si op Zypern gesegelt.

[5] Wéi si zu Salamis ukoumen, hu si d’Wuert vu Gott an de Synagoge vun de Judde verkënnegt. Si haten och de Jean als Hëllef dobäi.

[6] Du gounge si iwwert d’Insel bis op Paphos a sinn do engem jüddeschen Zauberer begéint, engem falsche Prophéit, dee Bar-Yeschua geheescht huet.

[7] Deen huet sech beim Prokonsul Sergius Paulus, engem intelligente Mann, opgehalen. De Prokonsul huet de Bar-Naba an de Schaul bei sech ruffe gelooss mam Wonsch, fir d’Wuert vu Gott ze héieren.

[8] Mee den Zauberer Elymas (well esou gëtt säin Numm iwwersat) huet sech hinne widdersat, andeems hie probéiert huet, fir de Prokonsul vum Glawen ofzehalen.

[9] Du gouf de Schaul, deen och Paul genannt gouf, mam hellege Geescht erfëllt, huet hie fixéiert

[10] a sot: „O du Däiwelskand, du bass voller Bedruch a Béisheet! Du Feind vun all Gerechtegkeet, wëlls du net domadder ophalen, de riichte Wee vum Här ze verdréien?

[11] Pass op! Elo ass d’Hand vum Här op dir an du gëss blann a kanns d’Sonn fir eng Zäitchen net gesinn.“ Eenzock ass Niwwel an Däischtert op den Elymas gefall. Hien ass doruechter gaangen an huet no anere gesicht, déi hie féiere kéinten.

[12] Wéi de Prokonsul gesinn huet, wat geschitt war, huet hie gegleeft a war iwwert d’Léier vum Här verwonnert.

[13] De Paul a seng Komerode si vu Paphos fortgesegelt a sinn op Perga a Pamphylien komm. De Jean huet sech awer vun hinne getrennt a goung zeréck op Jerusalem.

[14] Duerno hu si Perga verlooss a goungen op Antiochia a Pisidien. Si goungen um Sabbat an d’Synagog an hu sech gesat.

[15] Nodeems aus dem Gesetz an de Prophéite virgelies gi war, hunn déi Haapteelst vun der Synagog Leit bei si schécke gelooss an hinne soe gelooss: „Bridder, wann dir e Wuert hutt, fir d’Leit z’encouragéieren, da schwätzt.“

[16] Du stoung de Paul op, huet en Zeeche mat der Hand gemaach a sot: „Männer vun Israel an dir Männer, déi Gott ubieden, lauschtert no!

[17] De Gott vun dësem Vollek Israel huet eis Virfueren auserwielt an huet d’Vollek erhuewe während sengem Openthalt als Friemer an Ägypten an huet et mat engem mächtegem Aarm do erausgeféiert.

[18] Während enger Zäit vu véierzeg Joer huet hien d’Vollek an der Wüst erdroen.

[19] Nodeems hie siwen Natiounen a Kanaan zerstéiert hat, huet hien dem Vollek deenen hiert Land als Ierfschaft ginn.

[20] Duerno huet hien hinne während ongeféier véierhonnertfofzeg Joer Riichtere ginn bis zum Prophéit Samuel.

[21] Dunn huet d’Vollek no engem Kinnek gefrot a Gott huet hinnen de Schaul, de Jong vum Kisch aus dem Stamm Benyamin, fir véierzeg Joer ginn.

[22] Nodeems hien de Schaul ofgesat hat, huet hien den David zu hirem Kinnek erhuewen, vun deem hie bezeit huet: ‚Ech hunn den David, de Jong vum Ischai, fonnt. Hien ass e Mann no mengem Häerz, dee mäi ganze Wëlle mécht.‘

[23] Dem Verspriechen no huet Gott aus den Nokomme vun dësem Mann Rettung fir Israel bruecht.

[24] Viru sengem Kommen huet de Jean d’Daf vun der Ëmkéier dem ganze Vollek Israel gepriedegt.

[25] Wéi de Jean am Gaang war, seng Aarbecht ofzeschléissen, huet hie gefrot: ‚Wie mengt dir, datt ech wier? Ech sinn net deen. Passt awer gutt op: No mir kënnt een, deem ech net wierdeg sinn, seng Sandale vun de Féiss lasszebannen.‘

[26] Männer a Bridder, Jongen aus der Famill vum Abraham a Männer, déi Gott ubieden, un iech ass d’Botschaft vun dëser Rettung geschéckt ginn.

[27] D’Awunner vu Jerusalem an hir Leeder hu weder hien nach d’Stëmme vun de Prophéiten, déi all Sabbat gelies ginn, erkannt. Dës Prophezeiungen hu si erfëllt, andeems si hien higeriicht hunn.

[28] Obscho si keng Schold un him fonnt hunn, déi den Doud verdéngt hätt, hu si dach de Pilatus gefrot, fir hien hinzeriichten.

[29] Nodeems si alles, wat iwwert hie geschriwwe steet, zu Enn bruecht haten, hu si hie vum hëlzene Kräiz erofgeholl an hunn hien an e Graf geluecht.

[30] Mee Gott huet hie vun den Doudegen erwächt.

[31] Hie gouf während villen Deeg vun deene gesinn, déi mat him vu Galilea op Jerusalem gaange waren. Déi sinn elo seng Zeie virum Vollek.

[32] An elo verkënnege mir iech dës gutt Noriicht: Dat Verspriechen, dat eise Pappe gi gouf,

[33] huet Gott eis, hire Kanner, erfëllt, andeems hien de Jesus operstoe gelooss huet. Esou wéi et och am zweete Psalm geschriwwe steet: ‚Du bass mäi Jong, haut sinn ech däi Papp ginn.‘ (Psalmen 2,7)

[34] Gott, deen hie vun den Doudegen operstoen an net zeréck an d’Zersetzung goe gelooss huet, huet dat hei gesot: ‚Ech ginn iech déi vertrauenswierdeg Verspriechen, déi den David scho krut.‘ (Yesaia 55,3)

[35] Dofir seet hien och an engem aneren Text: ‚Du léiss net zou, datt däin Hellegen d’Zersetzung erlieft.‘ (Psalmen 16,10)

[36] Den David ass nämlech gestuerwen, nodeems hie senger eegener Generatioun nom Wëlle vu Gott gedéngt hat. Hie gouf bei seng Virfuere geluecht an huet d’Zersetzung erlieft,

[37] mee deen, dee Gott operstoe gelooss huet, huet keng Zersetzung erlieft.

[38] Dofir sollt dir wëssen, Bridder, datt iech d’Verzeiung vun de Sënnen duerch dëse Mann verkënnegt gëtt

[39] an duerch hie gëtt jiddereen, dee gleeft, vun all deem gerechtfäerdegt, vun deem hien net duerch d’Gesetz vum Moses gerechtfäerdegt konnt ginn.

[40] Gitt dofir uecht, datt dat, wat an de Prophéite geschriwwe steet, net iwwert iech kënnt:

[41] ‚Kuckt hei, dir, déi dir alles veruecht! Verwonnert iech a gitt zu Grond, well ech maachen während ärer Zäit e Wierk; e Wierk, dat dir op kee Fall gleewe géift, och wann een iech dovunner erziele géif.‘“ (Habakuck 1,5)

[42] Wéi d’Judden d’Synagog verlooss haten, hunn d’Net-Judde si gebieden, hinnen um nächste Sabbat iwwert dëst Thema ze priedegen.

[43] Nodeems d’Versammlung an der Synagog sech opgeléist hat, goungen der vill vun de Judden an de fromme Proselyten dem Paul an dem Bar-Naba no. Déi hu si, andeems si mat hinne geschwat hunn, dovunner iwwerzeegt an der Gnod vu Gott virunzegoen.

[44] Den nächste Sabbat huet sech bal d’ganz Stad versammelt, fir d’Wuert vu Gott ze héieren.

[45] Wéi d’Judden awer déi grouss Zuel vu Leit gesinn hunn, goufe si jalous an hu sech dem Paul widdersat. Deem, wat de Paul gesot huet, hu si widdersprach an hie beleidegt.

[46] Dunn hunn de Paul an de Bar-Naba kéng geäntwert: „Et war néideg, datt fir d’éischt iech d’Wuert vu Gott verkënnegt gëtt, mee well dir et verworf hutt an iech selwer onwierdeg fir d’éiwegt Liewen haalt, gi mir elo bei d’Net-Judden.

[47] Den Här huet eis dat hei befuel: ‚Ech hunn dech als Liicht fir d’Net-Judde gemaach, fir datt s du Rettung bis un d’Enn vun der Äerd brénge solls.‘“ (Yesaia 49,6)

[48] Wéi d’Net-Judden dat héieren hunn, ware si frou an hunn d’Wuert vum Här gelueft. Jiddereen, dee fir d’éiwegt Liewe bestëmmt war, huet gegleeft.

[49] D’Wuert vum Här gouf uechter d’ganz Géigend verbreet.

[50] D’Judden hunn awer déi fromm an dichteg Dammen an déi prominent Männer vun der Stad opgestëppelt an hunn eng Verfolgung vum Paul a vum Bar-Naba ausgeléist, esou datt si aus hirer Géigend verdriwwe goufen.

[51] De Paul an de Bar-Naba hunn de Stëbs vun hire Féiss ofgerëselt als Ausso géint si a goungen op Ikonion.

[52] D’Jénger goufe mat Freed a mam hellege Geescht erfëllt.

D’Apostelgeschicht vum Luc — Chapters