[1] Während si mat de Leit geschwat hunn, koumen d’Priister, de Kapitän vun den Tempelwiechter an d’Zaddukiter bei si.
[2] Déi waren opbruecht, well d’Apostelen d’Vollek geléiert hunn a verkënnegt hunn, datt d’Operstéiung vun den Doudege wéinst dem Jesus geschéie géif.
[3] Si hunn dofir Hand u si geluecht an hu si bis de Moien drop an Haft gehalen, well et schonns Owend war.
[4] Mee vill vun deenen, déi d’Ried héieren haten, hu gegleeft; an d’Zuel vun de Männer ass ongeféier op fënnefdausend gewuess.
[5] Den Dag drop hunn d’Herrscher, déi Eelst an d’Léiermeeschtere vum Gesetz sech
[6] zesumme mam Hannan, deen den Haaptpriister war, dem Kayafa, dem Yohannan an dem Alexander an och mat deenen, déi Famill mam Haaptpriister waren, zu Jerusalem versammelt.
[7] Si hunn de Péitrus an de Jean an hir Mëtt gestallt a frote si: „Duerch wéi eng Kraaft oder a wéi engem Numm hutt dir déi Dot gemaach?“
[8] Dunn huet de Péitrus, dee vum hellege Geescht erfëllt war, hinne geäntwert: „Herrscher vum Vollek an Eelst vun Israel!
[9] Wa mir haut wéinst enger gudder Dot verhéiert ginn, déi un engem schwaache Mann erwise gouf, an dir wësse wëllt, wéi hie geheelt gouf,
[10] da sollt dir alleguer an och d’ganz Vollek Israel et wëssen: Hie gouf geheelt duerch den Numm vum Messias, dem Jesus vun Nazaret, deen dir gekräizegt hutt an dee Gott vun den Doudegen operstoe gelooss huet. Duerch hie steet dëse Mann hei gesond virun iech.
[11] Dëse Jesus ass ‚de Steen, deen dir, d’Steemetzer, verworf hutt an deen zum Eckstee ginn ass.‘ (Psalmen 118,22)
[12] Et ass a kengem anere Rettung ze fannen, well et ass keen aneren Numm ënnert dem Himmel de Mënsche ginn, duerch dee mir gerett musse ginn.“
[13] Wéi si dat séchert Optriede vum Péitrus a vum Jean gesinn hunn a gemierkt hunn, datt si ongebilt an einfach Männer wieren, ware si verwonnert. Si hunn erkannt, datt si mam Jesus gewiescht waren,
[14] a well si de Mann, dee geheelt gouf, mat hinnen do stoe gesinn hunn, konnte si näischt dogéint soen.
[15] Nodeems si hinne befuel hunn de Sanhedrin ze verloossen, hu si sech ënnertenee beroden:
[16] „Wat solle mir mat dëse Leit maachen? Et ass tatsächlech jidderengem, deen zu Jerusalem wunnt, kloer, datt e bemierkenswäert Zeechen duerch si geschitt ass. Mir kënnen dat net ofstreiden.
[17] Mee, fir datt et sech net nach weider ënnert dem Vollek verbreet: Loosst eis hinne seriö dreeën, mat kengem méi an dësem Numm ze schwätzen.“
[18] Si hu si erageruff an hunn hinne befuel, ni méi am Numm vum Jesus ze schwätzen oder ze léieren.
[19] De Péitrus an de Jean hunn hinnen awer geäntwert: „Dir sollt selwer jugéieren, ob et viru Gott richteg ass, fir méi op iech wéi op Gott ze lauschteren.
[20] Wat eis ugeet, ass et eis awer onméiglech, net vun deem ze schwätzen, wat mir gesinn an héieren hunn.“
[21] Nodeems si hinnen nach méi gedreet haten, hu si si goe gelooss. Si konnte si nämlech net bestrofe wéinst de Leit, well déi all Gott verherrlecht hunn, wéinst deem, wat geschitt war.
[22] (De Mann, un deem dëst Zeeche vun der Heelung geschitt war, war iwwert véierzeg Joer al.)
[23] Nodeems de Péitrus an de Jean fräigelooss goufen, gounge si hannescht bei hir Frënn an hunn hinnen alles, wat d’iewescht Priister an déi Eelst hinne gesot haten, verzielt.
[24] Wéi si alles héieren haten, hu si zesummen hir Stëmmen zu Gott erhuewen: „Här, du bass de Gott, deen den Himmel, d’Äerd, d’Mier an alles, wat dran ass, erschafen huet.
[25] Du sos duerch de Mond vun dengem Dénger David: ‚Firwat hunn d’Natioune gerost a firwat hunn d’Vëlker onnëtz Pläng gemaach?
[26] D’Kinneke vun der Äerd erhiewe sech an d’Herrscher di sech zesumme géint den Här a géint säi Messias.‘ (Psalmen 2,1-2)
[27] Jo, tatsächlech hunn den Herodes an de Pontius Pilatus sech mat den Net-Judden an dem Vollek Israel géint däin hellegen Dénger Jesus, deen s du gesalleft hues, zesummegedoen,
[28] fir dat ze maachen, wat deng Hand an däi Wëllen am Viraus bestëmmt haten, wat sollt gemaach ginn.
[29] An elo Här, kuck op hir Dreeungen an erméiglech dengen Dénger et, däi Wuert an aller Zouversiicht ze verkënnegen.
[30] Maach dat, andeems du deng Hand ausstrecks, fir ze heelen, an andeems Zeechen a Wonner duerch den Numm vun dengem hellegen Dénger Jesus geschéien.“
[31] Nodeems si gebiet haten, huet d’Plaz, wou si versammelt waren, geziddert. Si goufen all mam hellege Geescht erfëllt an hunn d’Wuert vu Gott mat Zouversiicht verkënnegt.
[32] De Grupp vun deenen, déi gegleeft hunn, waren een Häerz an eng Séil. Et sot och keen, datt iergendeppes aus sengem Besëtz him eleng géif gehéieren, mee si hunn alles matenee gedeelt.
[33] Mat grousser Kraaft hunn d’Apostelen d’Operstéiung vum Här Jesus bezeit. Eng grouss Gnod huet op hinnen all gerout.
[34] Et gouf och keen ënnert hinnen, deem et um Néidege gefeelt huet. Well jiddereen, deem Land oder Haiser gehéiert hunn, huet si verkaf an huet den Erléis vun deem, wat verkaf gouf, bruecht
[35] an den Apostelen e virun d’Féiss geluecht. Si hunn den Erléis dunn un all eenzele verdeelt, jee nodeem wat hie gebraucht huet.
[36] De Yossef, dee vun den Apostelen och Bar-Naba genannt gouf (wat iwwersat de „Jong vum Trouscht“ heescht) an deen e Levit war, gebierteg aus Zypern,
[37] huet e Feld, dat him gehéiert huet, verkaf an huet den Erléis bruecht an den Apostelen e virun d’Féiss geluecht.