Skip to content
Opens in a new window

[1] Dräi Deeg nodeems de Festus an der Provënz ukomm war, goung hie vu Caesarea op Jerusalem.

[2] Dunn hunn den Haaptpriister an déi dichteg Judden de Festus iwwert de Paul informéiert an hunn un hien appelléiert,

[3] fir hinnen e Gefalen ze maachen: Hie sollt de Paul op Jerusalem komme loossen. (Si hate wëlles, fir hien ënnerwee unzegräifen an ëmzebréngen.)

[4] Mee de Festus huet geäntwert, datt de Paul sollt zu Caesarea gehale ginn, well hie selwer geschwënn dohinner géif goen.

[5] „Dofir“, sot hien, „solle kompetent Männer ënnert iech mat mir erofgoen. Wann de Paul eppes Falsches gemaach huet, da soll hien ugeklot ginn.“

[6] Nodeems hie méi wéi zéng Deeg mat hinne verbruecht hat, goung hien op Caesarea. Den Dag drop huet hie sech op de Riichterstull gesat an huet befuel, de Paul eranzebréngen.

[7] Nodeems de Paul erakomm war, hunn d’Judden, déi vu Jerusalem erofkomm waren, vill schwéier Uschëllegunge géint de Paul virbruecht, déi si awer net beweise konnten.

[8] Dunn huet de Paul sech selwer verdeedegt: „Ech hu weder géint d’Gesetz vun de Judden nach géint den Tempel oder géint den Caesar an iergendenger Weis verstouss.“

[9] De Festus wollt de Judden awer e Gefale maachen an huet dem Paul dofir geäntwert: „Bass du bereet, fir op Jerusalem ze goen an dech do wéinst dësen Uschëllegunge vu mir riichten ze loossen?“

[10] Doropshi sot de Paul: „Ech stinn elo virum Caesar sengem Riichterstull. Hei soll ech geriicht ginn. Dir wësst ganz gutt, datt ech de Judde keen Onrecht gedoen hunn.

[11] Wann ech en Onrecht sollt gedoen hunn oder eppes sollt gemaach hunn, fir dat ech den Doud verdéngen, dann hätt ech näischt géint d’Doudesstrof anzewennen. Mee wann näischt vun deem, wéinst deem ech hei ugeklot ginn, stëmmt, ka kee mech u si ausliwweren. Ech beruffe mech op den Caesar!“

[12] Dunn huet de Festus sech mat sengem Conseil beroden an huet geäntwert: „Du hues dech op den Caesar beruff, ma bei den Caesar solls du goen!“

[13] E puer Deeg drop koumen de Kinnek Agrippa an d’Berenike op Caesarea, fir eng Audienz beim Festus.

[14] Nodeems si e sëllechen Deeg do waren, huet de Festus dem Paul säi Fall virun de Kinnek bruecht. „Et gëtt hei e Mann, dee vum Felix als Prisonéier hei zeréckgelooss gouf.

[15] Wéi ech zu Jerusalem war, hunn d’iewescht Priister an déi Eelst vun de Judde mech iwwert hien an d’Bild gesat a si hu mech gefrot, fir hien ze veruerteelen.

[16] Ech hunn hinne geäntwert, datt et net de Brauch vun de Réimer wier, fir e Mann hinzeriichten, éier den Ugekloten d’Geleeënheet huet, deenen, déi hien ukloen, géigeniwwer ze stoen a sech ze verdeedegen wéinst der Uschëllegung, déi géint hie virbruecht gouf.

[17] Nodeems si sech hei versammelt haten, hunn ech keng Zäit verluer, fir mech den Dag drop op de Riichterstull ze setzen an den Uerder ze ginn, de Mann eranzebréngen.

[18] Wéi déijéineg, déi d’Uklo bruecht haten, sech presentéiert hunn, war dat keng Uschëllegung, déi ech mir erwaart hätt.

[19] Si hu sech éischter op Sträitfroe mat him behaapt wéinst hirer eegener Relioun a wéinst engem gewëssene Jesus, dee sollt gestuerwe sinn a vun deem de Paul behaapt, e géif liewen.

[20] Wat esou Froen ugeet, war ech awer verluer, an hunn hien dowéinst gefrot, ob hien op Jerusalem wéilt goen, fir do wéinst dësen Uschëllegunge verhéiert ze ginn.

[21] Wéi de Paul Appell ageluecht huet, fir op dem Augustus seng Entscheedung ze waarden, hunn ech den Uerder ginn, datt hien an Haft sollt bleiwen, bis ech hie bei den Caesar schécke kéint.“

[22] Den Agrippa sot dunn zum Festus: „Ech géif mir dëse Mann gär selwer unhéieren.“ De Festus huet geäntwert: „Muer héiers du hien.“

[23] Den Dag drop, nodeems den Agrippa an d’Berenike a groussem Pomp ukomm waren, gounge si mat de Kommandanten an den dichtege Männer aus der Stad an de Geriichtssall. Op dem Festus säin Uerder hin, gouf de Paul erabruecht.

[24] De Festus sot: „Kinnek Agrippa an dir Hären, déi dir hei mat eis sidd, hei gesitt dir de Mann, dee vun der ganzer Gemeinschaft vun de Judden ugeklot gëtt. Si hunn dat zu Jerusalem an och hei gemaach, andeems si gejaut hunn, hie wier net wierdeg, fir weider um Liewen ze bleiwen.

[25] Ech hunn awer fonnt, datt hien näischt gemaach huet, wat den Doud verdéngt hätt. A well hie sech och op den Augustus beruff huet, hunn ech decidéiert, fir hien dohinner ze schécken.

[26] Ech weess mengem Här näischt Geneeës iwwert hien ze schreiwen. Dofir hunn ech hien hei virun iech bruecht a ganz besonnesch virun dech, Kinnek Agrippa, fir datt ech weess, wat ech schreiwe soll, nodeems mir e verhéiert hunn.

[27] Et kënnt mir nämlech absurd vir, e Prisonéier virun den Caesar ze schécken, ouni d’Uschëllegunge géint hien unzeginn.“

D’Apostelgeschicht vum Luc — Chapters