Skip to content
Opens in a new window

[1] Duerno koum de Paul op Derbe an op Lystra. Do gouf et e Jénger, deen Timothée geheescht huet. Hie war de Jong vun enger gleeweger Jüddin, mee säi Papp war e Griich.

[2] Den Timothée hat e gudde Ruff bei de Bridder zu Lystra an Ikonion.

[3] De Paul wollt, datt hie sollt mat him weidergoen. Wéinst de Judden, déi an där Géigend waren, huet hien hie beschneide gelooss, well si all gewosst hunn, datt säi Papp e Griich war.

[4] Wéi si duerch d’Stied gezu sinn, hu si hinnen d’Beschlëss matgedeelt, déi vun den Apostelen an den Eelsten zu Jerusalem festgeluecht gi waren an hunn si ugestallt, se anzehalen.

[5] Dowéinst goufen d’Gemeinschaften am Glawe gestäerkt an hir Zuel ass vun Dag zu Dag gewuess.

[6] Nodeems si duerch d’Regioun vu Phrygien a Galatien gereest waren, gouf hinne vum hellege Geescht verbueden, fir d’Wuert a Klengasien ze verkënnegen.

[7] Wéi si laanscht Mysien koumen, hu si probéiert a Bithynien ze goen, mee de Geescht huet hinnen et net erlaabt.

[8] Dofir gounge si laanscht Mysien a koumen op Troia.

[9] Während der Nuecht hat de Paul eng Visioun vun engem Mann aus Mazedonien, deen do stoung an hien ugebiedelt huet: „Komm bei eis a Mazedonien an hëllef eis.“

[10] No dëser Visioun hu mir direkt probéiert, eriwwer a Mazedonien ze goen, well mir zum Schluss komm sinn, datt den Här eis geruff hat, fir hinnen d’gutt Noriicht ze verkënnegen.

[11] Dofir si mir vun Troia fortgesegelt a si riicht op Samothraki gesegelt. Den Dag drop koume mir op Neapolis.

[12] Vun do gounge mir op Philippi, d’Haaptstad vun enger réimescher Kolonie an deem Deel vu Mazedonien. Mir sinn en etlech Deeg do bliwwen.

[13] Um Sabbat gounge mir baussent der Stad bis bei de Floss, wou et de Brauch war, fir ze bieden. Mir hunn eis gesat an hunn do mat de Frae geschwat, déi do versammelt waren.

[14] Eng Fra, déi Lydia geheescht huet, huet nogelauschtert. Si huet purpurroude Stoft verkaf, war aus der Stad Thyatira an huet Gott ugebiet. Den Här huet hiert Häerz opgemaach, fir op dat ze lauschteren, wat de Paul gesot huet.

[15] Si gouf mat hirem ganze Stot gedeeft an duerno huet si eis opgefuerdert: „Wann dir mengt, datt ech dem Här trei sinn, da kommt a mäin Haus a bleift do.“ Si huet eis dozou iwwerriet.

[16] Eng aner Kéier, wéi mir ënnerwee waren, fir ze bieden, koum eng Mod, déi en Hellsehergeescht hat, eis entgéint. Si huet hire Meeschtere vill Suen abruecht, wa si Orakelen ausgeschwat huet.

[17] Si goung dem Paul an eis no an huet geruff: „Dës Männer sinn Dénger vum allerhéchste Gott a si verkënnegen eis de Wee vun der Rettung.“

[18] Si huet dat während villen Deeg gemaach. De Paul war awer opbruecht, huet sech ëmgedréit a sot zum Geescht: „Ech befeelen dir am Numm vum Jesus, dem Messias, aus hir erauszefueren!“ An deem Abléck ass en erausgefuer.

[19] Wéi hir Meeschtere gesinn hunn, datt d’Hoffnung op hire Gewënn fort wier, hu si de Paul an de Silas ergraff an hu si op d’Maartplaz virun d’Schäffe geschleeft.

[20] Si hu si virun d’Riichtere bruecht a soten: „Dës Männer, déi Judde sinn, bréngen eis Stad an Oprou.

[21] Si léiere Bräich, déi illegal sinn. Mir däerfe si weder unhuelen nach anhalen, well mir Réimer sinn.“

[22] Dunn huet d’Vollek sech zesumme géint de Paul an de Silas erhuewen. D’Riichter hunn hinnen d’Kleeder erofrappe gelooss an den Uerder ginn, fir si gäisselen ze loossen.

[23] Nodeems de Paul an de Silas zerguttst gegäisselt gi waren, goufe si an de Prisong gehäit an d’Riichter hunn dem Giischtje befuel, fir si gutt ze bewaachen.

[24] Wéinst dësem Uerder huet de Giischtje si an déi bannenzegst Zell gehäit an huet hir Féiss an de Stack gespaart.

[25] Ëm Hallefnuecht waren de Paul an de Silas am Gaang, zu Gott ze bieden an him ze sangen. D’Prisonéier hunn hinnen nogelauschtert.

[26] Op eemol gouf et e schrot Äerdbiewen, esou datt d’Fëllement vum Prisong gerëselt gouf. Eenzock goungen all d’Dieren op a jidderengem seng Kette sinn erofgefall.

[27] De Giischtje gouf waakreg an huet gesinn, datt d’Prisongsdieren op waren. Dunn huet hien ugeholl, datt d’Prisonéier all fortgelaf wieren, an huet dofir säi Schwäert erausgezunn, fir sech d’Liewen ze huelen.

[28] Mee de Paul huet mat haarder Stëmm geruff: „Déi dir kee Leed un, well mir sinn all hei!“

[29] Dunn huet hien no enger Luucht gefrot an ass eragelaf. Während hie geziddert huet, ass hie virun de Paul an de Silas niddergefall.

[30] Hien huet si erausgeféiert a gefrot: „Dir Hären, wat muss ech maachen, fir gerett ze ginn?“

[31] „Gleef un den Här Jesus Christus an da gëss du gerett, du an däi Stot“, hu si geäntwert.

[32] Dunn hu si him a jidderengem aus sengem Stot d’Wuert vum Här verkënnegt.

[33] Nach an därselwechter Stonn vun der Nuecht, huet hien de Paul an de Silas bei sech geholl an hir Wonnen ausgewäsch. Hien a säi Stot goufen och stënterlech gedeeft.

[34] De Giischtjen huet si a säin Haus eropgeféiert an huet hinnen Iessen zerwéiere gelooss. Hie war iwwerglécklech, datt hien a säi ganze Stot u Gott gegleeft hunn.

[35] Wéi et Dag gouf, hunn d’Riichter d’Offizéier bei de Giischtje geschéckt mam Uerder: „Looss dës Männer fräi!“

[36] De Giischtjen huet dem Paul dëse Message iwwerbruecht: „D’Riichter loossen dir soen, datt dir fräigelooss gitt. Kommt elo eraus a gitt am Fridden!“

[37] „Si hunn eis, obwuel mir réimesch Bierger sinn, ouni Prozess ëffentlech gegäisselt an eis an de Prisong gehäit. An elo wëlle si eis och nach heemlech fortschécken? Dat kënnt net a Fro! Si solle selwer kommen an eis fräiloossen!“, huet de Paul hinnen awer geäntwert.

[38] D’Offizéier hunn de Riichter dëse Message iwwerbruecht. Wéi déi héieren hunn, datt de Paul an de Silas Réimer wieren, krute si et mat der Angscht ze dinn.

[39] Du koume si an hunn hinne schéi geschwat. Si hu si aus der Stad bruecht a si gebieden, d’Stad ze verloossen.

[40] Wéi si aus dem Prisong koumen, gounge si bei d’Lydia. Nodeems si d’Bridder gesinn an encouragéiert haten, gounge si fort.

D’Apostelgeschicht vum Luc — Chapters