[1] Nodeems si duerch Amphipolis an Apollonia gereest waren, koume si op Thessaloniki, wou et eng Synagog vun de Judde gouf.
[2] Du goung de Paul, wéi et seng Gewunnecht war, bei si an huet während dräi Sabbate mat hinnen un Hand vun der Schrëft diskutéiert.
[3] Hien huet erkläert a bewisen: „De Messias huet misse leiden a vun den Doudegen operstoen. Dëse Jesus, deen ech iech verkënnegen, ass de Messias.“
[4] En etlech Judde goufen iwwerzeegt an hu sech dem Paul an dem Silas ugeschloss, esou wéi en etlech vun de Griichen, déi Gott ugebiet hunn, an net wéineg vun den dichtege Fraen.
[5] Mee d’Judden, déi net gegleeft hunn, hunn eng Rei Näischnotze vun der Maartplaz matgeholl, hunn e Koup Leit mat hinne versammelt an d’Stad an Oprou bruecht. Si hunn dem Yasson säin Haus ugegraff an hu probéiert, de Paul an de Silas virun d’Vollek ze bréngen.
[6] Mee wéi si se net fonnt hunn, hu si de Yasson an e puer vun de Bridder bei d’Schäffe vun der Stad geschleeft an hu geruff: „Dës Männer, déi d’Welt op d’Kopp gedréit hunn, sinn och elo heihinner komm
[7] an de Yasson huet si als Gäscht bei sech opgeholl. Si handelen alleguer géint d’Virschrëfte vum Caesar, well si soen, datt et en anere Kinnek géif ginn: de Jesus.“
[8] Doduerch hu si d’Leit an d’Schäffe vun der Stad beonrouegt, wéi déi dat héieren hunn.
[9] Nodeems si vum Yasson an deenen aneren eng Kautioun gestallt kruten, hu si si goe gelooss.
[10] Doropshin hunn d’Bridder direkt an der Nuecht de Paul an de Silas op Beria fortgeschéckt a wéi si do ukoumen, gounge si an d’Synagog vun de Judden.
[11] Dës Judde waren awer méi opgeschloss wéi déi zu Thessaloniki: Si hunn d’Wuert mat groussem Äifer ugeholl. Si hunn all Dag d’Schrëft duerchsicht, fir erauszefannen, ob dat alles wouer wier.
[12] Dowéinst hu vill vun hinne gegleeft an och e gudden Deel vun den dichtege griichesche Fraen a Männer.
[13] Mee wéi d’Judde vun Thessaloniki héieren hunn, datt d’Wuert vu Gott vum Paul zu Beria gepriedegt gouf, koume si dohinner an hunn d’Vollek an Oprou bruecht.
[14] Dunn hunn d’Bridder de Paul direkt a Richtung Mier geschéckt, mee de Silas an den Timothée sinn zu Beria bliwwen.
[15] Déi, déi de Paul begleet hunn, hunn hie bis op Athen bruecht. Nodeems si vum Paul den Uerder krut haten, dem Silas an dem Timothée ze soen, datt déi zwee esou séier wéi méiglech bei hie komme sollten, gounge si fort.
[16] Bannent der Zäit, an där de Paul zu Athen op si gewaart huet, gouf säi Geescht an him opbruecht, wéi hie gesinn huet, datt d’Stad voller Gëtze war.
[17] Dofir huet hie mat de Judden a mat de fromme Männer an der Synagog an och all Dag op der Maartplaz mat deenen, déi grad do waren, diskutéiert.
[18] E puer vun den epikureschen a stoësche Philosophen hu mat him diskutéiert a verschiddener soten: „Wat wëllt dëse Braddler soen?“ Anerer soten: „Hie schéngt friem Gëtter ze verkënnegen“, well hien hinnen de Jesus an d’Operstéiung verkënnegt huet.
[19] Doropshin hu si hie geholl, hie bei den Areopagos bruecht a gefrot: „Dierfte mir wëssen, wat dës nei Léier soll sinn, vun där s du hei schwätz?
[20] Du bréngs eis nämlech bosseg Iddien zu Ouer. Dofir wëlle mir wëssen, wat et domadder op sech huet.“
[21] (D’Leit vun Athen an d’Auslänner, déi do gelieft hunn, hunn hir Zäit mat soss näischt verbruecht, wéi allerhand Neiegkeeten ze verzielen oder nozelauschteren.)
[22] Dunn huet de Paul sech an d’Mëtt vum Areopagos gestallt a sot: „Leit vun Athen, ech gesinn, datt dir an allen Hisiichte ganz reliéis sidd,
[23] well wéi ech hei erduerch goung an är Hellegtümer betruecht hunn, hunn ech esouguer en Altor fonnt, mat der Inskriptioun: ‚Un den onbekannte Gott.‘ Dofir verkënnegen ech iech dee Gott, deen dir ubiet, ouni et ze wëssen:
[24] Gott, deen d’Welt an alles, wat dran ass gemaach huet, well hien Här vun Himmel an Äerd ass, wunnt net an Tempelen, déi duerch Mënschenhänn gebaut goufen.
[25] Hie gëtt och net vu mënschlecher Hand bedéngt, wéi wann hien eppes bréicht, well hie jo selwer jidderengem gläichermoossen d’Liewen an den Otem gëtt.
[26] Hien huet aus engem Mënsch all mënschlech Natioun gemaach, déi op dem Äerdbuedem lieft, an huet d’Dauer vun den Natiounen hiren Zäiten an d’Grenzen, bannent deene si liewe sollen, festgeluecht.
[27] Hien huet dat gemaach, fir datt d’Mënschen den Här siche sollen, an der Hoffnung, datt si no him taaschten an hie fannen, och wann hien net wäit vun eis all ewech ass.
[28] An him liewe mir, bewege mir eis an existéiere mir, esou wéi en etlech vun ären Dichter et och gesot hunn: ‚Well och mir si seng Nokommen.‘
[29] Dofir, well mir d’Nokomme vu Gott sinn, däerfe mir net mengen, datt dat Gëttlecht esou wéi Gold, Sëlwer oder Steen ass, eppes, dat duerch d’Konscht an d’Denke vum Mënsch geformt gëtt.
[30] Och wa Gott iwwert dës Zäite vun der Ignoranz ewechgekuckt huet, fuerdert hien elo d’Mënschen iwwerall op, ëmzekéieren,
[31] well hien en Dag festgeluecht huet, op deem hien d’Welt mat Gerechtegkeet duerch dee Mann riicht, deen hien dofir bestëmmt huet. Hien huet jidderengem de Beweis dovunner ginn, andeems hien dee Mann vun den Doudegen operstoe gelooss huet.“
[32] Wéi si awer vun der Operstéiung vun den Doudegen héieren hunn, hu verschidde Leit de Geck gemaach; mee anerer soten: „Mir wëllen nach méi doriwwer vun dir héieren.“
[33] Dunn huet de Paul den Areopagos verlooss.
[34] Verschidde Leit hu sech him ugeschloss an hu gegleeft, ënnert hinnen den Dionysios, e Member vum Areopagos, eng Fra, déi Damaris geheescht huet, an nach anerer zesumme mat hinnen.