Skip to content
Opens in a new window

[1] Op Päischte ware si all gläichgesënnt zesummen op därselwechter Plaz.

[2] Op eemol koum en Dausche vum Himmel, dat esou geklongen huet wéi e kräftege Wandstouss, an en huet d’ganzt Haus, an deem si souzen, erfëllt.

[3] Et sinn hinnen Zongen erschéngen, déi ewéi Feier ausgesinn hunn, an déi sech verdeelt hunn a sech op all eenzele vun hinnen niddergelooss hunn.

[4] Si goufen all mam hellege Geescht erfëllt an hunn ugefaangen, an anere Sproochen ze schwätzen, esou wéi de Geescht hinnen et erméiglecht huet.

[5] Zu där Zäit hu sech Judden, fromm Männer aus all den Natiounen ënnert dem Himmel, zu Jerusalem opgehalen.

[6] Wéi si dovunner Wand kruten, koum d’ganzt Vollek zesummegelaf. D’Leit ware ganz doruechter, well jiddereen si a senger Mammesprooch schwätzen héieren huet.

[7] Si ware verwonnert an hu gestaunt. Si soten een zum aneren: „Lauschter, sinn déi, déi do schwätzen, net all vu Galilea?

[8] Wéi ass dat méiglech, datt all eenzele vun eis si dann a senger Mammesprooch héiert schwätzen?

[9] Mir – Parther, Meeder, Elamiter, Awunner aus Mesopotamien, Judea a Kappadokien, aus Pontus a Klengasien,

[10] aus Phrygien, Pamphylien, Ägypten, aus der Regioun Kyreene a Libyen, a Gäscht aus Roum, souwuel Judde wéi och Proselyten,

[11] och Kreter an Araber – mir alleguer héiere si an eise Sprooche vun de mächtegen Dote vu Gott schwätzen!“

[12] Si waren all verwonnert a perplex, a soten een zum aneren: „Wat soll dat bedeiten?“

[13] Anerer hu sech iwwert si lëschteg gemaach a soten: „Si si voll vum neie Wäin!“

[14] Dunn ass de Péitrus zesumme mat den Eelef opgestanen, huet seng Stëmm erhuewen a sot zu hinnen: „Männer aus Judea an dir all, déi dir iech zu Jerusalem ophaalt! Dir sollt Folgendes wëssen an och op meng Wierder lauschteren:

[15] Dës Männer sinn net voll, esou wéi dir dat mengt! ’t ass jo ’réischt néng Auer mueres!

[16] Mee wat hei geschitt, ass dat, wat vum Prophéit Yoël gesot gouf:

[17] ‚An de leschten Deeg‘, seet Gott, ‚schëdden ech mäi Geescht op all Mënsch aus. Är Jongen an är Meedercher prophezeien, är jonk Männer gesi Visiounen an är al Männer dreemen Dreem.

[18] Während deenen Deeg schëdden ech mäi Geescht och op meng Kniechten a meng Meed aus a si prophezeien.

[19] Ech maache Wonner uewen am Himmel an Zeechen ënnen op der Äerd: Blutt, Feier a Sailen aus Damp.

[20] D’Sonn gëtt an Däischtert verwandelt an de Mound a Blutt éier de groussen an herrlechen Dag vum Här kënnt.

[21] Da geschitt et, datt deen, deen den Numm vum Här urifft, gerett gëtt.‘ (Yoël 3,1-5)

[22] Männer vun Israel, lauschtert op dës Wierder: De Jesus vun Nazaret war e Mann, dee Gott iech duerch mächteg Doten, Wonner an Zeeche bescheinegt huet, déi Gott duerch hie matzen ënnert iech gemaach huet, esou wéi dir et och wësst.

[23] Hie gouf nom festgeluechte Rot a Virauswësse vu Gott ausgeliwwert. Dir hutt Gesetzesbriecher gebraucht, fir hie festzehuelen, ze kräizegen an ëmzebréngen.

[24] Gott huet de Jesus operstoe gelooss, nodeems hien e vun der Péng vum Doud befreit huet, well et jo net méiglech war, datt hie vum Doud festgehale kéint ginn.

[25] Den David sot nämlech iwwert hien: ‚Ech hunn den Här ëmmer viru mengen Aen, well hien zu menger Rietser ass, fir datt ech net aus dem Gläichgewiicht geroden.

[26] Dofir huet mäin Häerz sech gefreet a meng Zong huet vu Freed geruff; an och mäi Läif rout an der Hoffnung.

[27] Du léiss meng Séil nämlech net am Graf zeréck an du léiss net zou, datt däin Hellegen d’Zersetzung erlieft.

[28] Du hues mir d’Weeër vum Liewe gewisen; du erfëlls mech mat Freed an denger Präsenz.‘ (Psalmen 16,8-11)

[29] Männer, Bridder, loosst mech fräi mat iech iwwert de Patriarch David schwätzen: Hien ass gestuerwen a gouf begruewen. Säi Graf ass bis haut bei eis erhalen.

[30] Well hien e Prophéit war a well hie wousst, datt Gott him mat engem Eed geschwuer hat, datt hien de Messias aus sengen Nokommen ervirbrénge géif, fir op sengem Troun ze sëtzen,

[31] huet hien dat virausgesinn an huet iwwert d’Operstéiung vum Messias geschwat, datt seng Séil net am Graf zeréckgelooss géif ginn an datt säi Läif och keng Zersetzung erliewe géif.

[32] Dëse Jesus huet Gott operstoe gelooss a mir sinn alleguer Zeien dovunner.

[33] Nodeems hien zur Rietser vu Gott erhuewe gouf an de versprachenen hellege Geescht vum Papp krut, huet hien den hellege Geescht iwwert eis ausgeschott, wéi dir elo gesitt an héiert.

[34] Den David goung nämlech net an den Himmel erop, mee hie sot selwer: ‚Den Här sot zu mengem Här: „Setz dech zu menger Rietser,

[35] bis ech aus denge Feinden eng Foussbänk fir dech maachen.“‘ (Psalmen 110,1)

[36] Dofir soll d’ganzt Haus Israel mat Gewëssheet erkennen, datt Gott dëse Jesus, deen dir gekräizegt hutt, zum Här a Messias gemaach huet.“

[37] Wéi d’Leit dat héieren hunn, ass et hinne wéi e Stach duerch d’Häerz gefuer a si soten zum Péitrus an zu den aneren Apostelen: „Bridder, wat solle mir maachen?“

[38] Du sot de Péitrus zu hinnen: „Kéiert ëm an all eenzele vun iech soll sech am Numm vum Jesus, dem Messias, fir d’Verzeiung vun de Sënnen deefe loossen. Da kritt dir de Kaddo vum hellege Geescht.

[39] D’Versprieche gëllt nämlech fir iech an är Kanner a fir all Mënsch, dee wäit ewech ass, fir esou vill Mënsche wéi den Här, eise Gott, ruffe wëllt.“

[40] Hien huet dat mat villen anere Wierder bezeit an huet si ermunnt, andeems hie sot: „Loosst iech aus dëser verduerwener Generatioun retten.“

[41] Du goufen déi, déi säi Wuert mat Freed ugeholl haten, gedeeft. Nach op deem Dag selwer goufen ongeféier dräidausend Mënsche bei si dobäi gezielt.

[42] Si hu sech onermiddlech un d’Léier vun den Apostelen, un d’Gemeinschaft, un d’Brout briechen an un d’Gebieder gehalen.

[43] All Mënsch krut et mat der Angscht ze dinn. Vill Wonner an Zeeche sinn duerch d’Apostele geschitt.

[44] Alleguer déi, déi gegleeft hunn, ware beieneen an hunn alles zesumme gedeelt.

[45] Si hunn Habb a Gutt verkaf an den Erléis dovun un all d’Leit verdeelt, jee nodeem wéi jiddereen et gebraucht huet.

[46] Si waren Dag fir Dag bestänneg an Eenegkeet am Tempel. Si hunn hiert Iesse mat Freed a mat éierlechem Häerz giess, andeems si vun Haus zu Haus Brout zesumme gebrach hunn

[47] a Gott gelueft hunn. Si stoungen an der Gonscht vum ganze Vollek. Dag fir Dag huet den Här déi Leit an d’Gemeinschaft bruecht, déi gerett goufen.

D’Apostelgeschicht vum Luc — Chapters