Skip to content
Opens in a new window

[1] Zu Caesarea gouf et e Mann, dee Kornelius geheescht huet an dee Kapitän vun der sougenannter „Italienescher Kohort“ war.

[2] Hie war fromm an huet Gott ugebiet zesumme mat sengem ganze Stot. Hien huet dem Vollek vill Almose ginn an huet bestänneg zu Gott gebiet.

[3] Ongeféier ëm dräi Auer nomëttes, huet hie ganz kloer an enger Visioun en Engel vu Gott gesinn erakommen, deen zu him sot: „Kornelius!“

[4] Hien huet voller Angscht op hie gestuerkt a gefrot: „Wat ass, Här?“ Den Engel huet dem Kornelius geäntwert: „Deng Gebieder an deng Almose sinn als Gedenkzeeche viru Gott eropkomm.

[5] Schéck elo Männer op Yaffo a looss de Schimon, deen och Péitrus genannt gëtt, heihi kommen.

[6] Hie logéiert beim Schimon, dem Gierwer, deem säin Haus beim Mier läit.“

[7] Wéi den Engel, dee mat him geschwat hat, fort war, huet de Kornelius zwee vu sengen Hauskniechten an e frommen Zaldot, vun deenen, déi a sengem Déngscht stoungen, bei sech geruff.

[8] Nodeems hien hinnen alles verzielt hat, huet hie si op Yaffo geschéckt.

[9] Den Dag drop, wéi si ënnerwee an no bei der Stad waren, goung de Péitrus ëm d’Mëttesstonn uewen op den Daach, fir ze bieden.

[10] Hie krut dunn Honger a wollt eppes iessen. Mee wéi si am Gaang waren, fir d’Iesse virzebereeden, ass hien an Extas geroden.

[11] Hien huet gesinn, wéi den Himmel opgoung an eppes, dat wéi e grousst léngent Duch ausgesinn huet, vum Himmel erofkoum. Dat Duch war un de véier Ecke festgemaach a gouf bei hien op de Buedem erofgelooss.

[12] Bannendra waren allerlee véierbeeneg Déiere vun der Äerd, wëll Déieren, Reptillien a Vigel vum Himmel.

[13] Dunn huet eng Stëmm him zougeruff: „Péitrus, stéi op, schluecht an iess!“

[14] „Op kee Fall, Här!“, huet de Péitrus geäntwert. „Ech hunn nämlech nach ni eppes Onhelleges oder Onrenges giess.“

[15] Eng zweete Kéier huet d’Stëmm him zougeruff: „Wat Gott gerengegt huet, däerfs du net onhelleg nennen.“

[16] Dräimol ass dat geschitt an duerno gouf d’Duch nees zeréck an den Himmel geholl.

[17] Bannent där Zäit, an där de Péitrus sech nach gefrot huet, wat dës Visioun, déi hien hat, géif bedeiten, haten d’Männer, déi vum Kornelius geschéckt gi waren, erausfonnt, wou dem Schimon säin Haus war, a stounge virun der Paart.

[18] Si hu geruff a gefrot op de Schimon, deen och Péitrus genannt géif, do logéiere géif.

[19] Wéi de Péitrus nach am Gaang war, iwwert d’Visioun nozedenken, sot de Geescht zu him: „Lauschter! Do si Männer, déi no dir sichen.

[20] Stéi elo op, géi erof a géi mat hinnen, ouni ze zécken, well ech et sinn, dee si geschéckt huet.“

[21] Du goung de Péitrus bei d’Männer erof a sot: „Jo, ech sinn deen, deen dir sicht. Firwat sidd dir komm?“

[22] Doropshi sote si: „De Kapitän Kornelius, e gerechte Mann, dee Gott fäert an e gudde Ruff ënnert der ganzer Natioun vun de Judden huet, krut vun engem hellegen Engel d’Uweisung, dech a säin Haus ruffen ze loossen, fir deem nozelauschteren, wat s du ze soen hues.“

[23] Dunn huet hie si erageruff a si logéiert. Den Dag drop goung hie mat hinne fort an en etlech Bridder vu Yaffo gounge mat him.

[24] Den Dag duerno koume si zu Caesarea un. De Kornelius huet schonns op si gewaart an hat seng Famill a seng bescht Frënn zesummegeruff.

[25] Wéi de Péitrus erakoum, koum de Kornelius him entgéint, ass him virun d’Féiss gefall an huet hien ugebiet.

[26] De Péitrus huet hien awer nees opgeriicht a sot: „Stéi op! Ech sinn och just e Mënsch.“

[27] Während hie mat him geschwat huet, goung hien eran an huet vill Leit virfonnt, déi do versammelt waren.

[28] Du sot hien zu hinnen: „Dir wësst, datt et engem Judd verbueden ass, sech mat enger Persoun aus engem anere Vollek opzehalen oder bei si heemzegoen. Mee Gott huet mir gewisen, datt ech kee Mënsch onhelleg oder onreng däerf nennen.

[29] Dowéinst sinn ech ouni Widdersproch heihinner komm, soubal ech geruff gouf. Elo froen ech iech, firwat hutt dir mech ruffe gelooss?“

[30] Doropshi sot de Kornelius: „Viru véier Deeg hat ech ëm dës Zäit gefaascht. Ëm dräi Auer nomëttes war ech am Haus am Gaang, ze bieden, an op eemol stoung e Mann viru mir, deem seng Kleeder geliicht hunn.

[31] Hie sot: ‚Kornelius, däi Gebiet ass erhéiert ginn a Gott huet deng Almosen an Erënnerung geruff.

[32] Schéck dofir een op Yaffo a looss de Schimon, deen och Péitrus genannt gëtt, heihi kommen. Hie logéiert am Haus vum Schimon, dem Gierwer, beim Mier. Wann hie kënnt, schwätzt hie mat dir.‘

[33] Ech hunn dunn direkt ee bei dech geschéckt an du hues gutt gemaach, fir heihin ze kommen. Dofir si mir elo all viru Gott versammelt, fir dat alles ze héieren, wat Gott dir opgedroen huet ze soen.“

[34] Dunn huet de Péitrus d’Wuert ergraff: „Elo gesinn ech wierklech an, datt Gott kee bevirdeelegt.

[35] Mee wie Gott ubiet a gerecht ass, egal aus wéi enger Natioun hien ass, gëtt vu Gott ugeholl.

[36] Dir wësst, datt Gott den Israeliten d’Wuert geschéckt huet. D’gutt Noriicht vu Fridden, deen duerch de Jesus, dem Messias, méiglech ass (hien ass Här iwwert alles), gouf duerch datselwecht Wuert verkënnegt.

[37] Dat gouf uechter ganz Judea verkënnegt, nodeems alles a Galilea ugefaangen huet no der Daf, vun där de Jean gepriedegt huet.

[38] Dir wësst wéi Gott de Jesus vun Nazaret mam hellege Geescht a mat Kraaft gesalleft huet. Hien ass duerch d’Land gezunn an huet Guddes gedoen an alleguer déi geheelt, déi vum Däiwel ënnerdréckt goufen, well Gott mat him war.

[39] Mir sinn Zeie vun all deem, wat hien am ganze Land vun de Judden an zu Jerusalem gemaach huet. Si hunn hien ëmbruecht, andeems si hien un en hëllzent Kräiz gehaangen hunn.

[40] Gott huet hien um drëtten Dag operstoe gelooss an huet zougelooss, datt hie sech ëffentlech Leit gewisen huet,

[41] net all de Leit, mee Zeien esou wéi mir, déi am Viraus vu Gott auserwielt goufen. Mir hunn zesumme mat him giess a gedronk, nodeems hie vun den Doudegen operstane war.

[42] Hien huet eis opgefuerdert, de Leit ze priedegen an ze bezeien, datt hien deen ass, dee vu Gott dozou bestëmmt gouf, fir Riichter vun de Liewegen an den Doudegen ze sinn.

[43] All d’Prophéite soen iwwert hien aus, datt duerch säin Numm, jiddereen, deen un hie gleeft, d’Verzeiung vun de Sënne kritt.“

[44] Wéi de Péitrus nach am Gaang war, ze schwätzen, koum den hellege Geescht op all déi erof, déi d’Wuert héieren hunn.

[45] Déi Gleeweg aus der Beschneidung, déi mam Péitrus matkomm waren, ware voller Staunen, datt de Kaddo vum hellege Geescht och op d’Net-Judden ausgeschott gouf,

[46] well si si héieren hunn a verschidde Sprooche schwätzen a Gott luewen. Doropshin huet de Péitrus geäntwert:

[47] „Kann een dëse Leit Waasser virenthalen, fir datt si gedeeft kënne ginn? Si kruten nämlech den hellege Geescht, geneesou wéi mir e kruten.“

[48] Hien huet du befuel, datt si am Numm vum Här gedeeft sollte ginn. Duerno hu si hie gefrot, fir nach e puer Deeg bei hinnen ze bleiwen.

D’Apostelgeschicht vum Luc — Chapters