Skip to content
Opens in a new window

[1] Wéi d’Oprou eriwwer war, huet de Paul d’Jénger bei sech geruff, huet hinnen Äddi gesot an huet sech op de Wee a Mazedonien gemaach.

[2] Ënnerwee duerch dës Géigenden, huet hien iwwert villes mat de Jénger geschwat a si encouragéiert. Duerno goung hien an Hellas,

[3] wou hie während dräi Méint bliwwen ass. D’Judden haten e Komplott géint hie geplangt, wéi hien um Punkt war, a Syrien ze segelen, an dofir huet hien decidéiert, fir duerch Mazedonien zeréckzereesen.

[4] Um Wee fir a Klengasien gouf hie vum Sopater vu Beria, vun den Thessaloniker Aristarkos a Secundus, vum Gaius vun Derbe, vum Timothée a vun de Klengasier Tychikos an Trophimos begleet.

[5] Dës Männer gounge viraus an hunn zu Troia op eis gewaart.

[6] No den Deeg vum Matzebrout si mir vu Philippi fortgesegelt a koumen no fënnef Deeg zu Troia bei hinnen un, wou mir siwen Deeg laang bliwwe sinn.

[7] Um éischten Dag vun der Woch koumen d’Jénger zesummen, fir d’Brout ze briechen. De Paul, dee sech den Dag drop wollt op d’Rees maachen, huet mat hinne geschwat an huet seng Ried bis Hallefnuecht erausgezunn.

[8] An der ieweschter Kummer, wou mir eis getraff hunn, hu vill Luuchte gebrannt.

[9] E jonke Mann, deen Eftichos geheescht huet, souz op enger Fënsterbänk an hien ass an en déiwe Schlof gefall. Während de Paul weidergeschwat huet, gouf den Eftichos vum Schlof iwwerwältegt an ass du vum zweete Stack erofgefall. Wéi hien opgeraf gouf, war hien dout.

[10] De Paul goung erof, huet sech iwwert hie geluecht, hien a seng Äerm geholl a gesot: „Maacht iech keng Suergen, säi Liewen ass nach an him.“

[11] Nodeems hien nees eropkomm war, d’Brout gebrach a giess hat, huet hien nach laang geschwat, bis et hell gouf, an dunn huet hie sech op d’Rees gemaach.

[12] De jonke Mann hu si lieweg matgeholl an dat war hinnen e groussen Trouscht.

[13] Duerno gounge mir weider bei d’Schëff a sinn op Assos gesegelt, wou mir de Paul u Bord huele sollten. Hien hat dat esou arrangéiert, well hien zu Fouss weidergoe wollt.

[14] Wéi hien eis zu Assos getraff huet, hu mir hien u Bord geholl a sinn zu Mitylini ukomm.

[15] Mir si vun do fortgesegelt a koumen den Dag drop op der Héicht vu Kios un. Den nächsten Dag koume mir op Samos a sinn zu Trogyllium bliwwen. Den Dag duerno koume mir op Miletus.

[16] De Paul hat decidéiert, fir laanscht Ephesos ze segelen, fir datt hie keng Zäit a Klengasien misst verbréngen. Hien huet sech nämlech getommelt, fir mat Zäite fir d’Päischtfest zu Jerusalem ze sinn, wann et nëmme méiglech wier.

[17] Vu Miletus aus huet hie Leit op Ephesos geschéckt an huet déi Eelst vun der Gemeinschaft bei sech ruffe gelooss.

[18] Wéi si bei him ukoumen, sot hien zu hinnen: „Dir wësst jo, op wéi eng Manéier ech ëmmer ënnert iech gelieft hunn, vum éischten Dag un, wéi ech a Klengasien ukoum.

[19] Dir wësst, datt ech ganz bescheiden dem Här gedéngt hunn, ënnert villen Tréinen a während ville Prouwen, déi ech wéinst de Komplotter vun de Judden erlieft hunn.

[20] Dir wësst, datt ech iech näischt, wat hëllefräich war, virenthalen hunn. Ech hunn iech alles ëffentlech a bei iech doheem verkënnegt a geléiert.

[21] Ech hunn de Judden an och de Griichen d’Ëmkéier zu Gott a Vertrauen op eisen Här Jesus, dem Messias, verkënnegt.

[22] Duerch de Geescht gebonnen, ginn ech elo op Jerusalem, och wann ech net weess, wat mir do passéiere wäert.

[23] Ech weess just, datt den hellege Geescht mech vu Stad zu Stad warnt, datt Ketten a Leed op mech waarden.

[24] Mee ech stéiere mech net dodrun. Mäi Liewen ass mir net wäertvoll. Ech wëll just meng Course mat Freed ofschléissen an och den Déngscht erfëllen, dee mir vum Här Jesus, dem Messias, opgedroe gouf, nämlech Zeien ze si vun der gudder Noriicht vun der Gnod vu Gott.

[25] An elo weess ech och, datt kee vun iech, bei deenen ech duerchgereest sinn an d’Kinnekräich vu Gott gepriedegt hunn, mech erëmgesäit.

[26] Dofir ginn ech iech haut mäi Wuert, datt ech onschëlleg un all Blutt sinn.

[27] Ech hunn nämlech net ënnerlooss, fir iech de ganze Rot vu Gott ze verkënnegen.

[28] Gitt dofir op iech selwer an op d’ganzt Häerd uecht, vun där den hellege Geescht iech als Eelsten agesat huet, fir d’Gemeinschaft vum Här a vu Gott ze hidden, déi hie mat sengem eegene Blutt kaf huet.

[29] Ech weess nämlech dat hei: Wann ech bis fort sinn, schleise grujeleg Wëllef sech bei iech an a schounen d’Häerd net.

[30] Et kommen och Männer aus ärer Mëtt ervir, déi d’Wourecht verdréien, fir d’Jénger op hir Säit ze zéien.

[31] Gitt dofir uecht an erënnert iech drun, datt ech dräi Joer laang net opgehalen hunn, jiddereen Dag an Nuecht ënnert Tréinen z’encouragéieren.

[32] An elo Bridder, vertrauen ech iech Gott an dem Wuert vu senger Gnod un, dat et fäerdegbréngt, iech z’erbauen an iech eng Ierfschaft ënnert all deenen ze ginn, déi helleg gemaach goufen.

[33] Ech hu kengem säi Sëlwer, säi Gold oder seng Kleeder begiert.

[34] Dir wësst jo selwer, datt meng Hänn fir mäin eegenen Ënnerhalt a fir dee vun deenen, déi mech begleet hunn, gesuergt hunn.

[35] An allem hunn ech iech gewisen, wéi dir duerch schwéiert Schaffen déi Schwaach ënnerstëtze musst. Erënnert iech un dem Här Jesus seng Wierder, dee selwer sot: ‚Ze ginn ass méi séileg, wéi ze kréien.‘“

[36] Nodeems hien dat gesot hat, huet hie sech higeknéit a mat hinnen all gebiet.

[37] Duerno hu si alleguer vill gekrasch, sinn dem Paul ëm den Hals gefall an hunn hie gekësst.

[38] Am meeschte ware si iwwer déi Wierder traureg, datt si hien net méi géife gesinn. Dunn hu si hie bis bei d’Schëff begleet.

D’Apostelgeschicht vum Luc — Chapters