[1] Zu där Zäit huet de Kinnek Herodes Hand u verschidde Leit geluecht, déi zur Gemeinschaft gehéiert hunn, fir si ze mësshandelen.
[2] Hien huet de Jacques, de Brudder vum Jean, mam Schwäert hiriichte gelooss.
[3] Wéi hie gesinn huet, datt dat de Judde gefall huet, huet hien och de Péitrus verhaft. Dat war während den Deeg vum Matzebrout.
[4] Nodeems hien de Péitrus festgeholl hat, huet hien en an de Prisong gehäit an hien u véier Gruppe vu jee véier Zaldoten iwwerliwwert, fir hien ze bewaachen. Hien hat nämlech wëlles, fir hien no Passa virun d’Vollek ze bréngen.
[5] Esou gouf de Péitrus am Prisong festgehalen, mee d’Gemeinschaft huet stänneg fir hien zu Gott gebiet.
[6] An der Nuecht éier den Herodes hie viru Geriicht brénge wollt, huet de Péitrus tëschent zwee Zaldoten, un déi hie mat zwou Ketten ugestréckt war, geschlof. Giischtercher stounge virun der Dier an hu Wuecht iwwert de Prisong gehalen.
[7] Op eemol stoung en Engel vum Här nieft dem Péitrus an e Liicht huet d’Prisongszell erfëllt. Den Engel huet de Péitrus an d’Säit gestouss, huet hien eropgezunn a sot zu him: „Stéi séier op!“ Du sinn d’Ketten him vun den Hänn gefall.
[8] „Maach dech prett an déi deng Sandalen un“, sot den Engel zu him. Dat huet hie gemaach. „Déi däi Mantel un a komm mir no“, sot den Engel weider zu him.
[9] De Péitrus goung eraus an him no. Hie wousst net, datt dat, wat den Engel gemaach huet, och esou a Wierklechkeet war, mee huet gemengt, hien hätt eng Visioun.
[10] Nodeems si laanscht den éischten an den zweete Giischtje gaange waren, koume si bei d’Eisepaart, déi an d’Stad féiert. Déi goung vum selwen op. Si goungen eraus a goungen eng Strooss erof an eenzock huet den Engel hie verlooss.
[11] Wéi de Péitrus zou sech koum, sot hien: „Elo weess ech sécher, datt den Här säin Engel geschéckt huet a mech aus dem Herodes senger Hand a vun allem, wat d’jüddescht Vollek sech erhofft huet, gerett huet.“
[12] Wéi hie sech däers bewosst gouf, goung hie bei d’Haus vum Maria, der Mamm vum Jean, dee Marc genannt gouf, wou vill Leit sech versammelt haten, fir ze bieden.
[13] De Péitrus huet un der Dier vun der baussenzeger Paart geklappt an et koum eng Mod, déi Roda geheescht huet, fir ze kucken, wien do wier.
[14] Wéi hatt dem Péitrus seng Stëmm erkannt huet, war et esou frou, datt et d’Paart net opgemaach huet, mee eragelaf ass an ugekënnegt huet, datt de Péitrus virun der Paart stéing.
[15] „Du hues se net méi all!“, sote si zu him. Mee hatt huet sech weider drop behaapt, datt et esou wier. Si hu gemengt: „Et ass säin Engel.“
[16] Mee de Péitrus huet weider geklappt a wéi si d’Dier opgemaach an hie gesinn hunn, konnte si sech just nach wonneren.
[17] De Péitrus huet hinnen awer mat der Hand Zeeche ginn, roueg ze sinn. Dunn huet hien hinne verzielt, wéi den Här hien aus dem Prisong geféiert hat. „Verzielt dem Jacques an de Bridder dat alles“, sot hien. Du goung hie vun do fort op eng aner Plaz.
[18] Fréi den nächste Muere gouf et e groussen Duercherneen ënnert den Zaldoten iwwert dat, wat mam Péitrus geschitt war.
[19] Nodeems den Herodes no him siche gelooss hat an de Péitrus net fonnt hat, huet hien d’Giischtercher verhéiert an den Uerder ginn, datt si fortgeféiert an higeriicht sollte ginn. Du goung hie vu Judea op Caesarea a blouf do.
[20] Den Herodes war mat der Bevëlkerung vun Tyr an Zidon schéi rosen. Nodeems si de Blastus, dem Kinnek säi Kammerhär op hir Säit gewonne kruten, ware si sech eens, fir bei den Herodes ze goen an hien ëm Fridden ze froen, well hir Regioun mat Liewensmëttel aus där vum Kinnek versuergt gouf.
[21] Den Herodes huet sech dunn um festgeluechten Dag a senge kinnekleche Kleeder op de Riichterstull gesat an huet hinnen eng Ried gehalen.
[22] D’Leit hu gejaut: „D’Stëmm vun engem Gott an net vun engem Mënsch!“
[23] Nach op der Plaz huet en Engel vum Här hie geschloen, well hien net Gott d’Éier ginn huet. Hie gouf vu Wierm zerfriess an ass gestuerwen.
[24] Mee d’Wuert vu Gott huet sech verbreet an d’Zuel vun de Gleewegen ass weider gewuess.
[25] Nodeems de Bar-Naba an de Schaul hiren Déngscht erfëllt haten, koume si vu Jerusalem zeréck an hunn de Jean, och nach Marc genannt, matgeholl.