[1] „Männer, Geschwëster a Pappen, lauschtert elo deem no, wat ech iech als Verdeedegung ze soen hunn.“
[2] Wéi si héieren hunn, datt hien op Hebräesch mat hinne geschwat huet, goufe si nach méi roueg. Du sot hien:
[3] „Ech sinn e Judd, zu Tarsus a Kilikien gebuer, mee hei an dëser Stad ënnert dem Gamaliel erzunn. Ech gouf streng nom Gesetz vun eise Pappe geléiert a war äifreg fir Gott, genee wéi och dir et haut sidd.
[4] Ech hunn dëse „Wee“ bis op den Doud verfollegt, andeems ech Männer a Frae festgeholl a si an de Prisong gehäit hunn.
[5] Dat kënnen den Haaptpriister an de ganze Sanhedrin vu mir bezeien. Vun deene krut ech Bréiwer un d’Bridder an ech goung op Damaskus, fir och déijéineg, déi do waren, a Ketten op Jerusalem ze féieren, fir si bestrofen ze loossen.
[6] Wéi ech ënnerwee dohinner an no bei Damaskus war, huet op eemol géint Mëtteg en hellt Liicht aus dem Himmel geschéngt a war ganz ronderëm mech.
[7] Ech sinn op de Buedem gefall an hunn eng Stëmm zu mir héiere soen: ‚Schaul, Schaul! Firwat verfollegs du mech?‘
[8] ‚Wie bass du Här?‘, frot ech. ‚Ech sinn de Jesus vun Nazaret, deen s du verfollegs‘, huet hie mir geäntwert.
[9] Déi, déi bei mir waren, hunn d’Liicht och gesinn an haten Angscht, mee d’Stëmm vun deem, dee mat mir geschwat huet, hu si net verstanen.
[10] ‚Wat soll ech maachen, Här?‘, frot ech. ‚Stéi op a géi op Damaskus. Do kriss du alles gesot, wat fir dech bestëmmt gouf, fir ze maachen‘, huet den Här mir geäntwert.
[11] A well ech wéinst der Herrlechkeet vum Liicht net gesi konnt, gouf ech vu menge Begleeder un der Hand geféiert a koum esou op Damaskus.
[12] Do gouf et e gewëssenen Hanania. Hie war nom Gesetz e fromme Mann an hien hat e gudde Ruff ënnert all de Judden, déi do gewunnt hunn.
[13] Dee koum bei mech, huet sech nieft mech gestallt a sot zu mir: ‚Brudder Schaul, geséi nees!‘ An deem Abléck konnt ech hie gesinn.
[14] Du sot hien: ‚De Gott vun eise Pappen huet dech auserwielt, fir datt s du säi Wëlle kenns, säi Gerechte gesäis an d’Stëmm aus sengem Mond héiers.
[15] Du gëss nämlech säin Zeien virun all de Mënsche vun deem, wat s du gesinn an héieren hues.
[16] Op wat waarts du nach? Stéi op, looss dech deefen an deng Sënnen ofwäschen, andeems du den Numm vum Här uriffs.‘
[17] Wéi ech zeréck op Jerusalem koum an am Tempel gebiet hunn, hat ech eng Visioun
[18] an ech hunn ee gesinn, deen zu mir sot: ‚Tommel dech a verlooss séier Jerusalem, well si deng Ausso iwwert mech net unhuelen.‘
[19] ‚Här‘, sot ech, ‚si wëssen, datt ech an all Synagog déijéineg, déi un dech gegleeft hunn, an de Prisong geheien an zerschloe gelooss hunn.
[20] Souguer wéi d’Blutt vun dengem Zeie Stephan ausgeschott gouf, stoung ech och niewendrun a war mat sengem Doud averstanen, well ech op d’Kleeder vun deenen, déi hie gestengegt hunn, opgepasst hunn.‘
[21] ‚Géi elo‘, sot hien zu mir, ‚well ech schécken dech wäit ewech vun hei ënnert d’Net-Judden.‘“
[22] Bis zu dëser Ausso hu si him nogelauschtert, mee dunn hu si hir Stëmmen erhuewen a soten: „Fort vun der Äerd mat dësem Mann! Hien ass net wierdeg, fir ze liewen!“
[23] Si hu gejaut, hir Kleeder erofgerappt a Stëbs an d’Luucht gehäit.
[24] Dunn huet de Kommandant befuel, hien an d’Kasär ze bréngen a während dem Gäisselen ze verhéieren, fir datt hien erausfanne kéint, firwat si esou géint hie gejaut hunn.
[25] Wéi si hie mat Rimmen ausgestreckt haten, fir gegäisselt ze ginn, frot de Paul den Offizéier, deen donieft stoung: „Ass et legal, datt dir e Mann, deen e Réimer ass an nach net veruerteelt gouf, esou gäisselt?“
[26] Wéi den Offizéier dat héieren huet, goung hie bei de Kommandant a sot him Bescheed: „Pass op, wat s du méchs, well dëse Mann ass e Réimer.“
[27] Du goung de Kommandant bei de Paul. „So mir, bass du e Réimer?“, frot hien. „Jo“, huet hie geäntwert.
[28] „Ech hu vill Suen ausginn, fir mir dës Nationalitéit ze kafen“, huet de Kommandant geäntwert. „Ech si schonns vu Gebuert un e réimesche Bierger“, huet de Paul erëmgeäntwert.
[29] Dunn hunn déijéineg, déi hie verhéiere wollten, sech op der Dot zeréckgezunn. De Kommandant krut et och mat der Angscht ze dinn, wéi hien erausfonnt huet, datt de Paul e Réimer wier – hien hat hie jo fessele gelooss.
[30] Den Dag drop, huet de Kommandant de Paul vun de Fessele befreit. Hie wollt sech senger och gewëss sinn, firwat de Paul vun de Judden ugeklot gouf an dofir huet hien den ieweschte Priister an dem Sanhedrin befuel, fir dohin ze kommen. Hien huet de Paul erofbruecht an hie viru si gestallt.