[1] Fënnef Deeg drop koum den Haaptpriister Hanania mat den Eelsten a mat engem Affekot erof, deen Tertullus geheescht huet. Si hunn hir Uklo géint de Paul virum Gouverneur deposéiert.
[2] Nodeems de Paul erageruff gi war, huet den Tertullus mat senger Uklo ugefaangen a sot: „Wéinst denger kënne mir scho laang am Fridde liewen an duerch deng weis Leedung hues du Reforme fir dës Natioun ageféiert
[3] an dat huele mir iwwerall an ëmmer mat grousser Dankbarkeet un, Exzellenz Felix.
[4] Ech wëll dech awer net onnéideg hei ophalen, dofir bieden ech dech an denger Guttheet, fir eis kuerz nozelauschteren.
[5] Mir fannen, datt dee Mann hei eng Plo an en Opstëppler ënnert all de Judden uechter d’ganz Welt ass. Hien ass och e Leeder vun der Sekt vun den Nazarener.
[6] Hien huet esouguer probéiert, den Tempel z’entweien an do hu mir hien ergraff.
[8] De Kommandant Lysias huet deenen, déi dëse Mann ukloen, befuel, bei dech ze kommen. Wann s du hien elo verhéiers, da kanns du selwer alles erausfannen, wéinst wat mir hien ukloen.“
[9] D’Judde waren domadder averstanen an hu behaapt, datt alles genee esou wier, wéi et beschriwwe gouf.
[10] Nodeems de Gouverneur dem Paul en Zeeche gemaach hat, fir ze schwätzen, sot hien: „Ech weess, datt s du schonns zënter ville Jore Riichter iwwert dëst Vollek bass an dowéinst sinn ech frou, fir meng Verdeedegung virzedroen.
[11] Wéi s du erausfanne kanns, sinn et net emol zwielef Deeg hier, datt ech op Jerusalem goung, fir do Gott unzebieden.
[12] Si hu mech weder am Tempel nach an de Synagogen nach an der Stad fonnt, datt ech am Gaang wier, mat engem ze diskutéieren oder d’Leit opzestëppelen.
[13] Si kënnen dat, wéinst deem si mech elo ukloen, net beweisen.
[14] Ech ginn awer dat hei virun dir zou: Ech bieden de Gott vu menge Pappen un nom „Wee“, dee si eng Sekt nennen. Ech gleewen alles, wat am Gesetz an an de Prophéite geschriwwe steet.
[15] Ech hunn d’Hoffnung a Gott, déi och si deelen, datt et eng Operstéiung vun den Doudege gëtt, souwuel vun de Gerechten, wéi och vun den Ongerechten.
[16] Dowéinst beméien ech mech ëmmer, fir e rengt Gewësse viru Gott a Mënsch ze hunn.
[17] No e sëlleche Jore sinn ech op Jerusalem komm, fir mengem Vollek Almosen ze bréngen an ze afferen.
[18] Wéi ech am Gaang war, fir am Tempel ze afferen, nodeems ech mech gerengegt hat, hunn eng Rei Judden aus Klengasien mech do begéint, an zwar ouni eng Onmass Leit ronderëm mech an och ouni Oprou.
[19] Si hätten hei virun dir stoe sollen, fir mech unzekloen, wa si iergendeppes géint mech hätten.
[20] Déi Männer, déi hei sinn, solle soen, ob si iergendeppes Béises a mir fonnt hunn, wéi ech virum Sanhedrin stoung,
[21] ausser et wier wéinst deem enge Saz, deen ech geruff hunn, wéi ech ënnert hinne stoung: ‚Wéinst der Operstéiung vun den Doudege ginn ech haut vun iech verhéiert.‘“
[22] Wéi de Felix, deen zimlech genee iwwert de „Wee“ informéiert war, dat héieren huet, huet hien de Prozess op spéider verréckelt: „Wann de Lysias, de Kommandant, hei ukënnt, treffen ech eng Entscheedung iwwert äre Fall.“
[23] Duerno huet hien dem Offizéier befuel, fir de Paul ze bewaachen, mee him eng gewësse Fräiheet ze loossen an och kengem vu senge Frënn ze verbidden, fir hien ze suergen oder hien ze besichen.
[24] No e puer Deeg koum de Felix mat senger Fra Drusilla, déi eng Jüddin war, dohinner an huet de Paul ruffe gelooss an huet him nogelauschtert, wéi hien iwwert de Glawen un de Messias geschwat huet.
[25] Wéi de Paul iwwert Gerechtegkeet, Selbstbeherrschung an d’Geriicht, dat kënnt, geschwat huet, ass et dem Felix Angscht ginn an hie sot doropshin: „Géi elo fort. Bei Geleeënheet loossen ech dech nees ruffen.“
[26] Dobäi huet hie gehofft, datt de Paul him géif Sue ginn, fir datt hien e fräiléiss. Dofir huet hien e méi dacks ruffe gelooss an huet mat him geschwat.
[27] Mee no zwee Joer gouf de Porcius Festus Nofolger vum Felix an de Felix, deen de Judden e Gefale wollt maachen, huet de Paul am Prisong gelooss.